Search

You may also like

Ee Bam fir d‘Liewen
International Kultur Neiegkeeten

Ee Bam fir d‘Liewen

En Donneschdeg 27. Februar haten d‘Krapperten aus der Bëschspillschoul vun

Den Dylan verpasst de Podium nëmme knapp
International Kultur Neiegkeeten

Den Dylan verpasst de Podium nëmme knapp

Nodeems den Dylan Pereira e Samschdeg zu Mexiko regelrecht „ofgeschoss“

Wa Liewensraim dramatesch zeréckginn an eis Déieren ausstierwen
International Kultur Neiegkeeten

Wa Liewensraim dramatesch zeréckginn an eis Déieren ausstierwen

Souwuel um weltwäiten, wéi och um nationalen Niveau erliewe mir

Polen: Radio Gdansk verweigert anti-Kierch-Film de Präis

Polen: Radio Gdansk verweigert anti-Kierch-Film de Präis

Den ëffentleche Radiosender vu Gdansk huet e Freideg beschloss, dëst Joer net säi Publikumspräis un de Film „Kler“ (Klerus), ee vun de Favoritte beim Festival vum polnesche Film vu Gdynia, ze verginn. Als Grond ginn technesch Problemer „beim Moosse vun der Dauer vum Applaus“ genannt.

De Präis: „De gëllenen Applaus“, deen all Joer am Kader vun dësem gréisste Festival fir polnesch Filmer, vu Radio Gdansk vergi gëtt, geet säit 1994 ëmmer un dee Film, deen am längste vum Public applaudéiert gëtt. Dat war dann och de Fall fir de Film „Kler“.

En Applaus iwwer 11 Minutten (11‘02‘‘) huet de Public dem Film „Kler“ zougestanen. No siwe Minutten huet sech eng Presentatrice op der Bühn gewisen. Dat soll derzou gefouert hunn, datt et beim moossen zu Problemer komm ass. Esou d‘Argument vum Radiosender. Laut den Organisateuren, huet de Public sech awer net beim Applaus ënnerbrieche gelooss.

Kritesch Téin géint d‘Kierch dierf et a Polen net ginn

„An dëser besonnescher Situatioun, wou eng objektiv Analys vun der Applausdauer vum Public net méiglech war (…) hunn ech d‘Entscheedung geholl, dëst Joer de Präis vum ‚gëllenen Applaus‘ net ze verginn“, erkläert sech den Dariusz Wasilewski, CEO vu Radio Gdansk, an engem Communiqué.

De Film, deen „d‘Sënnen“ vun de Paschtéier a Polen, wéi „Gier“, „Bäischlof“ a „Pedophilie“ opdeckt, huet dann awer bal eestëmmeg de Präis vun de Journalisten erhalen. An de Couloire vum Festival, gëtt d‘Entscheedung vum Dariusz Wasilewski, als eng kloer politesch Entscheedung betruecht. Experte gesinn hei esouguer de Versuch, de Film ze zenséieren.

Fir den Direkter vum Filmfestival, Leszek Kopec, war et wichteg ze betounen, datt de Festival méi wäert op de Vote vum Public leet – dat op der Grondlag vun de Couponen déi no der Seance ausgefëllt ginn. Genau esou „wichteg“ ass natierlech och d‘Vergab vun de „gëllene Léiwen“, de wichtegste Präis, deen um Samschdeg vergi gëtt.

Remark: Säit 2015 déi national-konservativ PiS-Partei (Partei fir Recht a Justiz) d‘Muecht a Polen iwwerholl huet, krut d‘Kierch nees méi „Afloss“ zougestanen. Vun enger „Trennung tëscht Kierch a Staat“ kann esou net méi rieds sinn. Sech der Kierch kritesch entgéint stellen, bedeit sech géint de Staat stellen.

mat AFP

Related topics Filmfestival, Klerus, Polen, Radio Gdansk
Next post Previous post