Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Verzweiwels du un eisem Lëtzebuergesch-Test?
International

Verzweiwels du un eisem Lëtzebuergesch-Test?

Och am Lëtzebuergesche gëllt dat, wat op ville Plaze gëllt:

surprise
50 Joer FLSC: Vill Erënnerungen a flott Anekdoten
International

50 Joer FLSC: Vill Erënnerungen a flott Anekdoten

Wann der esouguer de Sportminister zum 50 Gebuertsdag gratuléiert, dann

Weess du, a wéi enge Gemengen dës Uertschafte leien? – 4
International

Weess du, a wéi enge Gemengen dës Uertschafte leien? – 4

Lëtzebuerg ass e Land voller klenger Ecken a Géigenden, déi

Polen: Kaczynski fiert aus der Këscht, Parlament ënnerbrécht Aarbecht

Reforme stoussen op Widderstand

Polen: Kaczynski fiert aus der Këscht, Parlament ënnerbrécht Aarbecht

An der Nuecht e Mëttwoch sollt d’Parlament a Polen eng ëmstridde Reform zum ieweschte Geriichtshaff unhuelen. Wéi de konservative Leader Jaroslaw Kaczynski op eemol aus de Haut gefuer ass, hunn d’Aarbechte missen ënnerbrach ginn.

Deen hat sech am Toun vergraff an d’Oppositioun ugeklot, säin Zwillingsbrudder ermuert ze hunn. Domat ass de fréiere President Lech Kaczynski, dee bei engem Fligerongléck ëm d’Liewe komm war, gemengt. De Chef vun der konservativer Partei Recht a Justiz (PiS) huet et net méi erdroen, datt d’Oppositioun sengem Brudder säin Numm genotzt hunn, fir hir Kritike géint de Reformprojet vum ieweschte Geriichtshaff ze ënnermaueren.

„Botzt iech äre verréideresche Mond net mam Numm vu mengem, helleg ass seng Erënnerung, Brudder of. Dir hutt hien zerstéiert, ëmbruecht! Dir sidd Lompekréimer!“, huet hien an de Sall geruff, iert en enger Deputéierter, déi him äntwere wollt, een dréchene „zéi of“ adresséiert huet.

An enger opgereegter Stëmmung huet de Chamberpresident, ee puer Minutte méi spéit, D’Sëtzung missen ofbriechen. D’Aarbechte sinn bis haut de Moien ënnerbrach ginn. Dat neit Gesetz zum ieweschte Geriichtshaff dierft awer ugeholl ginn. De PiS huet a béide Kummeren d’Majoritéit an ass fest entschloss, béi aller Kritik d’Reform duerchzedrécken.

Europarot besuergt

Den Text, deen en Deel vun enger héich kontroverser globaler Reform vum polnesche Justizsystem ass, vergeet sech un der Onofhängegkeet vun dësem Organ. Nieft der Oppositioun kritiséiert och déi zivil Gesellschaft dës Moossnam.

Och zu Bréissel stéisst dës Reform net op Zoustëmmung.

Och zu Bréissel stéisst dës Reform net op Zoustëmmung. Den Europarot huet seng „Bedenken“ zu Gesetzprojet kloer ausgeschwat. D’Oppositioun a Pole vergläicht de Gesetzestext mat engem Staatsstreech an d’EU-Kommissioun misst haut och eng Bestandsopnam vun de Reformen an der polnescher Justiz maachen.

Dausende Manifestanten, eng Käerz an der Hand, hunn a ville Stied eng Liichterkette gebilt. Si fuerderen de President Andrzej Duda op dëser Reform säi Veto entgéint ze stellen. Deen hat um Dënschdeg an den Debat agegraff a gedréit d’Reform ze zenséieren. Selwer Member vum PiS huet hien dozou opgeruff de neie Statut ze änneren.

De Nationalrot vun der Magistratur hat Drock ausgeüübt. Kollaborateure vum President ginn dovunner aus, datt den Duda gehéiert gëtt. Et sollt méiglech sinn Amendementer am Gesetz duerchzesetzen, déi d’Kompetenz vum ieweschte Geriichtshaff stäerkt. Den Afloss vum Justizminister géif dann entspriechend beschnidde ginn.

mat AFP

Ähnlech Sujeten EU, Europa, Polen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel