Search

You may also like

Brexit… de laange Wee zum Handelsofkommes
International Neiegkeeten

Brexit… de laange Wee zum Handelsofkommes

Um Freideg huet d‘EU vun de 27 der Erëffnung vun

Den Dan Kersch bei de Special Olympics World Summer Games zu Abu Dhabi
International Neiegkeeten

Den Dan Kersch bei de Special Olympics World Summer Games zu Abu Dhabi

Vergaangene Weekend huet de Sportminister Dan Kersch zu Abu Dhabi,

Den US-Ambassadeur an Däitschland mécht dem Trump all Éier
International Neiegkeeten

Den US-Ambassadeur an Däitschland mécht dem Trump all Éier

De neien US-Ambassadeur an Däitschland, gëtt aus Regierungskreesser beschëllegt, sech

Besuch a Polen: Mir spillen all eng Roll am Kampf géint Diskriminatioun

Um zweeten Dag vu senger Rees a Polen huet de Premierminister Xavier Bettel de jüddesche Kierfecht zu Warschau besicht. Zesumme mam Marian Turski, een Iwwerliewende vum Vernichtungslager Auschwitz-Birkenau, huet hien den Affer vum Holocaust geduecht.

Bei dëser besonnescher Geleeënheet huet de Premier dem Marian Turski d’Offizéier-Ofzeeche vum Verdéngschtuerde vum Groussherzogtum Lëtzebuerg iwwerreecht. Als Iwwerliewende vum Holocaust an dem Vernichtungslager Auschwitz-Birkenau huet den Här Turski zuelräich Bicher an Artikelen iwwert seng Erfarunge publizéiert.

Hien ass President vum historesch jüddeschen Institut zu Warschau, Member am Verwaltungsrot vun der Associatioun vun de jüddesche Kämpfer an Affer vum Zweete Weltkrich, wéi och Vize-President vum Internationale Comité vun Auschwitz. Donieft ass de Marian Turski ee vun de wichtegsten Initiateure vum polnesche Musée vun der jüddesch-polnescher Geschicht zu Warschau. A senger Roll als Journalist, Publizist an Aktivist krut hie vu Polen an anere Länner divers Auszeechnunge fir säin Engagement a Realisatiounen.

„Et gi vill Grënn de Marian Turski, ee Frënd vu Lëtzebuerg, ze éieren. Gëschter hat ech de Privileeg fir un der Commemoratiounszeremonie zum 75. Joresdag vun der Befreiung vum Vernichtungslager Auschwitz-Birkenau deelzehuelen, wou de Marian Turski ee vun den Haaptriedner war“, huet de Premier ervir gehuewen. „D’Ried vum Marian war eng extrem staark Deklaratioun. Hie sot eis Sidd net gläichgëlteg zur Diskriminatioun! Wëll et ass esou, wéi Grausamkeete wéi Auschwitz entstinn. Net direkt beieneen, mee Stéck fir Stéck, an all Kéier wann eng Persoun sech entscheet net géint den Haass an d’Diskriminatioun unzegoen. Mir spillen all eng Roll, dat sech esou grausam Doten ni méi widderhuelen. Ech maache mäin Deel an hoffen, datt Dir Ären maacht.“

Um selwechten Dag hat de Minister Bettel eng Entrevue mam Andrzej Duda, dem President vu Polen. Am Gespréich hu si sech iwwert déi bilateral Bezéiungen tëscht Polen a Lëtzebuerg ënnerhalen, wéi och zu den europäeschen Neiegkeeten.

D’Billergalerie fannt Dir uewen © Ausseministèr

Related topics 75. Joresdag zur Befreiung vum Vernichtungslager Auschwitz-Birkenau, Andrzej Duda, Auschwitz-Birkenau, Iwwerliewenden, Marian Turski, Polen, Warschau, Xavier Bettel
Next post Previous post