Search

You may also like

Changementer an der Regierung
International Neiegkeeten

Changementer an der Regierung

Gëschter huet de Franz Fayot d‘Mandater fir d‘Wirtschaft an Kooperatioun

Kënnt et zum Mësstrauensvott géint den éisträichesche Kanzler?
International Neiegkeeten

Kënnt et zum Mësstrauensvott géint den éisträichesche Kanzler?

No der Verëffentlechung vun enger zwee Joer alen, dofir awer

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 13. Oktober
International Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 13. Oktober

Mat spektakulären Evenementer an de verschiddene Beräicher vu Kultur, Musek

Polen setzt op d’Kuel fir seng Stroumproduktioun

Polen setzt op d’Kuel fir seng Stroumproduktioun

De polneschen Energie-Grupp ENEA huet um Dënschdeg am Kuelekraaftwierk vu Kozienice eng weider Tranche vun 1.075 Megawatt ageweit. Et wier laut ENEA déi gréisst an Europa.

„D’Tranche B11 ass déi gréissten a modernsten an Europa“ ënnersträicht de Krzysztof Figat, President vun der Branche „Produktioun“ ENEA Wytwarzanie, déi vum Staat kontrolléiert gëtt. D’Tranche B11 ass vum japaneschen Hiersteller „Mitsubishi Hitachi Power Systems“ gebaut ginn.

Déi nei Eenheet – schonn déi 11op dësem Site – bedeit eng Investitioun vun 1,5 Milliarden Euro. Se dréit dozou bäi, datt déi gesamt Kapassitéit vun der Stroumproduktioun op ronn 4.000 Megawatt klëmmt. Dofir ginn net manner wéi dräi Milliounen Tonne Kuel pro Joer gebraucht. Kuel déi haaptsächlech aus der Minn Bogdanka, aus dem polnesche Südoste kënnt.

Elo muss ee wëssen, datt d’Kuel d’Basis vum Energiesystem a Polen duerstellt. Eng 100.000 Leit schaffen am Kuelesecteur a ronn 90% vum Stroum gëtt dann och a Kuelen- a Brongkuelekraaftwierker produzéiert. Dat gréisste Brongkuelekraaftwierk steet zu Belchatow a produzéiert bis zu 5.300 Megawatt. Et ass eent vun de gréisste Kraaftwierker senger Aart op der Welt.

Politesch motivéiert

Während an der ganzer EU den Asaz vu Kuel a Brongkuel fir d’Stroumproduktioun ofhëlt, hält déi riets-konservativ Regierung un dëser fossiller Energie fest. Datt dat net kompatibel mam Konzept vun der „grénger“ Energie ass, huet keen Afloss of de Programm vun der PiS (Partei fir Recht a Justiz).

„Déi nei Eenheet stäerkt d’Energiesécherheet vu Polen, wat eng wirtschaftlech a politesch Prioritéit vun eisem Land ass“, begréisst den neie Premierminister, Mateusz Morawiecki, d’Aschalte vun der neier Tranche. D’PiS-Regierung hat d’Entwécklung vun de Wandrieder gebremst an denkt driwwer no, op Polen net och sollt eng Atomzentral bauen.

Schlecht Loft

Den Taux u Loftverschmotzung gehéiert a Polen zu den héchsten an Europa. Um Méindegowend hunn d’Polen déi knaschtegste Loft vum Kontinent ageotemt. Dat zumindest behaapt eng Etüd vun der europäescher Agence fir d’Ëmwelt (EEA).

Och hei sollt ee wëssen, datt gutt 70% vun de polnesche Menage „schlecht Kuel“ verbrennen. Och „Offall“ gëtt an den alen Uewe verbrannt. Zudeem kënnt e groussen Deel vum Stroum aus ale Kuelekraaftwierker, déi nach aus der kommunistescher Zäit stamen.

mat AFP

Related topics Kuelekraaftwierk, PiS, Polen, Stroum
Next post Previous post