Search

You may also like

Eist Familljeliewen däerf der Digitaliséierung net zum Affer falen
International Neiegkeeten

Eist Familljeliewen däerf der Digitaliséierung net zum Affer falen

Et si gutt Noriichten, wann de reforméierte Congé Parental bei

US-President verleet G7-Sommet an den Hiecht
International Neiegkeeten

US-President verleet G7-Sommet an den Hiecht

Nodeems d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel, schonn eng physesch Participatioun um Sommet

money
ArcelorMittal dierf de Standuert Diddeleng u Liberty House oftrieden
International Neiegkeeten

ArcelorMittal dierf de Standuert Diddeleng u Liberty House oftrieden

Nodeems zu Bréissel d‘EU-Kommissioun seng „Enquête“ zum Verkaf vun enger

Polen verschäerft d‘Ofdreiwungsrecht

Eng bis ewell gülteg Ausnamereegel gouf elo als Verfassungswiddereg erkläert

Polen verschäerft d‘Ofdreiwungsrecht

A Polen war et zoulässeg ee Schwangerschaftsofbroch virzehuelen, wann dat ongebuerent Kand schwéier Mëssbildungen opgewisen huet. Laut de Riichter a Polen, verstéisst awer grad dës am Gesetz verankert Ausnamereegel, géint déi polnesch Verfassung, an där d‘Recht op d‘Liewe jo garantéiert ass.

D‘Verfassungsgeriicht huet elo jiddefalls, den Avortement fir ongebuere Kanner mat schwéierste Mëssbildungen, als Verfassungswiddreg erkläert. Dat polnescht Verfassungsgeriicht huet sech mat dësem Thema misse befaassen, nodeems eppes iwwer 100 Deputéierter – fir déi meescht vun der Regierungspartei PiS an der konservativer Bauerepartei. Och d‘Kierch huet sech massiv abruecht.

Polen

An dësem Kontext, ass et wichteg drop hinzeweisen, datt ausser dem Fait datt Polen nach wéit méi radikal kathoulesch ass wéi déi meeschte Länner an der Unioun, dat mam Selbstbestëmmungsrecht fir Frae beschtefalls „toleréiert“ gëtt, an ee Schwangerschaftsofbroch éischter d‘Ausnam ass. Esou hat et 2019 ronn 1.100 Ofdreiwunge ginn, déi allermeeschte mat Bezuch op de virechten Ëmstand.

Déi kathoulesch Kierch, vun där ee sollt unhuelen, datt hir Missioun sollt sinn d‘Leed ze lënneren, huet vill Muecht am kathoulesche Polen. Déi ultrakonservativ an nationalistesch Regierung, gëtt jo och regelméisseg, wéinst Verstéiss géint europäescht Recht vum EuGH verurteelt. Och aktuell sinn nees Verfaren unhänglech. Net ze vergiessen, datt d‘Regierung d‘Sexualopklärung aschränke wëll.

Polen

Et sinn dann nieft de nationalkonservativer Partei fir Recht a Justiz, déi faschistesch ausgeriichte rietsextremistesch Konfederacja an déi radikal reliéis Bauerepartei, déi sech am Parlament géint de Schwangerschaftsofbroch abréngen. Et geet dëse Parteien och generell drëms d‘Rechter vun der Fra ze beschneiden, grad wéi si all Mëttel (a méi) notzen, fir d‘LGBT-Communautéit ze denigréieren.

mat indymedia/waw

Bild: Um Donneschdeg huet dat polnescht Verfassungsgeriicht den Avortement opgrond enger Feelbildung vum Fötus als Verfassungswiddereg erkläert. Dat ass Polen am Joer 2020, wou de Fraen d‘Gesondheet, d‘Sécherheet an d‘Zukunft vu rietskonservativ a reliéis radikaliséierten „Häerz-Jesu-Dschihadisten“ geholl gëtt. Déi europäesch Vollekspartei (EPP) ënnerstëtzt ganz vehement dëse Broch mat den europäesche Wäerter. (TV-Capture)

Related topics Avortement, Bauerepartei, Konfederacja, Ofdreiwung, PiS-Partei, Polen, Verfassung
Next post Previous post