Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

LSAP an déi Konservativ – Vu Roserei, iwwert Enttäuschung bis Freed war alles dobäi
International Neiegkeeten Stories

LSAP an déi Konservativ – Vu Roserei, iwwert Enttäuschung bis Freed war alles dobäi

Et sinn zwou Parteien, déi sech an hire Wäerter an

Eng zefriddestellend Entrevue vum SLEG op der Mediatioun
International Neiegkeeten Stories

Eng zefriddestellend Entrevue vum SLEG op der Mediatioun

No hirem „Piquet“ an enger éischter Entrevue mam Mediateur um

De François Bausch zitt ee positiven Tëschebilan zum PDS
International Neiegkeeten Stories

De François Bausch zitt ee positiven Tëschebilan zum PDS

De Lëtzebuerger Politiker äussert sech zouversiichtlech zu den ëffentlech Enquêten

Polen huet der Reebou-Communautéit de Krich erkläert

Radikal konservativ a deraart déif kathoulesch, datt Vergläicher mam radikalen Islamismus erlaabt sinn, huet déi polnesch Regierungskoalitioun sech engem Kräizzuch géint den LGBT-Mouvement verschriwwen.

Polen huet der Reebou-Communautéit de Krich erkläert

Datt d‘Kierch a Polen matregéiert, selwer héchst radikal an onerbäermlech géint alles virgeet wat „anescht ass“, dat ass elo net nei. De Regime selwer, dee vun der EU nëmmen iwwerhëlt wat sech finanziell rechtfäerdege léisst, an aus villen ënnerschiddleche Grënn stänneg mat der Kommissioun an dem europäesche Geriichtshaff am Clinch läit, erëffent elo eng nei Offensiv géint Mënschen, déi selwer bestëmme wëlle wéi si hir Sexualitéit liewe wëllen… Fraen huet Polen och net méi gären

Well déi äerzkonservativ a vun der Relioun verblennte Regierung elo als Member vun der EU net all Rechter ausser Kraaft setze kann, kënnt et dann ëmmer méi zu Demonstratiounen, bei deenen sech Aktivisten an echt Demokrate fir d‘Rechter vun der Reebou-Communautéit asetzen. Dat esou Demonstratioune mat alle Mëttel an der ganzer Muecht vum Sécherheetsapparat néiergeschloe ginn, gëtt zudeem wéineg vu Bréissel kritiséiert, wat derzou féiert, datt een nach méi haart zouschléit.

An esou ass et dee leschte Weekend op en Neits zu enger Stroosseschluecht tëscht Demonstrante mat Reebou-Fändelen an den eenzege richtege „Männer“ komm. D‘Police huet massiivst Gewalt géint alles agesat wat si ergräife konnten, an eng gewësse Freed dorunner hunn dës Hidder vu Recht a Gesetz net emol am Usaz verstoppt. Vill Polizisten, d‘Vertrieder vun der PiS-Partei an aner rietskonservativ Politiker am Parlament, ginn oppen zou, sech dëse Leit entleedegen ze wëllen.

Firwat dee ganze Stress?

D‘Ursaach fir déi lescht Demonstratiounen zu Warschau an anere polnesche Groussstied ass déi lescht héchst ëmstridden Aktioun vun enger Justiz, déi sech vun der PiS-Partei an hiren Allianzen ofhängeg gemaach huet: si huet d‘LGBT-Aktivistin Malgorzata „Margot“ Szutowicz de 7. August verhafte gelooss, well Si Plakater vun enger rietsradikaler – mee vun der kathoulescher Kierch finanzéiert – Gruppéierung zerrappt huet, déi mat abstrusen Theorie maximalen Haass provozéiert.

Esou gouf op dëse vum Äerzbëschof geseente Plakater behaapt, datt d‘Reebou-Communautéit sech virgeholl hätt véierjäregen d‘Masturbéiere bäizebréngen. Datt Pedophilie allerdéngs éischter zur Traditioun vun der kathoulescher Kierch gehéiert, a jo an éischter Linn Paschtéier, Kardinäl a Bëscheef sech un der „Masturbatioun vu klenge Bouwen“ erfreeën, gëllt als erwisen, an dat net nëmmen a Polen. Mee de Feind heescht „Margot“, an un dësem wëll een en Exempel statuéieren.

Well d‘Aktivistin mat Gläichgesënnten engem Jesus um Kräiz, der Warschauer Mierjoffer Syrenka, a polnesche Fräiheetshelden ee Reeboufändel ëmgehaangen huet, ass si zum Staatsfeind erkläert ginn. D‘Schënne vu Statuen/Monumenter kann a Polen ganz schwéier Konsequenzen hunn, an eigentlech ass et ee Wonner, datt d‘Blasphemie nach net gesetzlech verfollegt gëtt. Wärend d‘EU géint Wäissrussland agéiert, dierf déi polnesch Regierung oppe géint Mënscherecht verstoussen.

Faschistoid Gesellschaftszwäng

Wärend a Polen all Mëttel agesat ginn, fir den LGBT-Mouvement aus der Ëffentlechkeet ze verbannen, dierf en Deputéierte vun der Regierungspartei op „Radio Maryja“ – e Member vun der privater Initiativ „Radio Maria“, déi voll am Déngscht vun der kathoulescher Kierch steet an déi sech virgeholl huet d‘Welt ze evangeliséieren – onbestrooft behaapten: „Et besteet net de geréngsten Zweiwel, datt d‘LGBT-Ideologie seng Wuerzelen am Nationalsozialismus huet“.

Et ass net gewosst, wat sech am Kapp vum Przemyslav Czarnek ofspillt, mee dëse schrecklech dommen a geféierleche Politiker, ass mat senge Ligen, Verschwierungstheorien an der Bereetschaft bis zum äussersten ze goen, a beschter Gesellschaft. De polnesche President Andrzej Duda huet am Wahlkampf geglänzt, well hien a Fro gestallt huet, datt et sech bei „Schwulen a Lesben“ géif ëm Mënschen handelen. Muss een en Expert vum Nationalsozialismus sinn fir d‘Message ze verstoen?

Den Äerzbëschof vu Krakau, Marek Jedraszewski – ee Kierchemann mam Charisma vun der Agangspaart vum Konzentratiounslager zu Dachau – gëtt vum Vatikan ouni Virbehalt ënnerstëtzt, wann dësen den LGBT-Mouvement als „Seech“ verkläert, a behaapt datt d‘Reebou-Communautéit géif versichen der Kierch Polen aus den Hänn ze räissen. E Besëtz deen d‘Kierch zanter elo engem Joerdausend ëmmer ganz erfollegräich – och wärend der däitscher Besatzung – verdeedegt huet.

mat indymedia/waw

Illustratioun: © Jasmin Sessler / unsplash

Ähnlech Sujeten Äerzbëschof vu Krakau, Andrzej Duda, LGBT, Malgorzata Szutowicz, Marek Jedraszewski, Margot, Polen, Przemyslav Czarnek
Nächsten Artikel Virrechten Artikel