Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eis Oprëschtung däerf net op d‘Käschte vun den anere goen
https://moien.lu/hook-up-light-switch/

Eis Oprëschtung däerf net op d‘Käschte vun den anere goen

Wéi eng Plaz huet Lëtzebuerg an der Weltgemeinschaft? Datt ass

dating german man advice
https://moien.lu/hook-up-light-switch/

dating site for just hooking up

Haut ass et e Béier, op dee mir eis besonnesch

money
Davos: Den Donald Trump op Kuschelkurs mam Patronat
https://moien.lu/hook-up-light-switch/

Davos: Den Donald Trump op Kuschelkurs mam Patronat

An nëmmen e puer Stonnen huet hien den US-Dollar gestäerkt,

Polen am Sträit mat Bréissel

Polen am Sträit mat Bréissel

Iergendwann geet et duer an et muss een duerchgräifen. No méintelaange Gespréicher, och Warnungen huet et der e sëlleche ginn, huet d‘EU-Kommissioun um Mëttwoch d‘Handbrems gezunn an eng bis ewell ni agesate Prozedur géint Polen engagéiert.

Eng Prozedur déi – wann ee sech an der EU eens wier – dozou kéint féieren, datt Polen d‘Stëmmrecht entzu kéint ginn. Grond fir déi ganz Opreegung sinn Reformen, déi d‘Onofhängegkeet vun der Justiz a Fro stellen.

Déi europäesch Exekutive wërft Warschau vir, sech d‘Justiz anzeverleiwen an huet ugekënnegt den „Artikel 7“ vum EU-Accord a Kraaft ze setzen. Dësen Artikel soll de „Rechtsstaat“ schützen an gëtt als „politesch nuklear Waff“ bezeechent, well en eigentlech „just“ eng ofschreckend Roll hat.

Et wier schwéieren Häerzens, datt een den Artikel 7 géif aktivéieren, sot de Vizepresident vun der EU-Kommissioun Frans Timmermans. Et wieren d‘Faiten déi der Kommissioun keen Auswee gelooss hätten. Eng weider Optioun huet et also net ginn.

Der polnescher Regierung egal

Duerch eng ganz Rëtsch vu Reformen, ass de polnesche Justizapparat an d‘Kontroll vun der politescher Majoritéit geroden. An d‘Majoritéit a Polen datt ass d‘Partei „Recht a Justiz“ (PiS). Nationalistesch a riets-konservativ, kann een deenen e gewësse Muecht- a Kontrollusproch ënnerstellen.

„Ech hoffe staark, datt déi polnesch Regierung raisonnabel genuch ass, fir et net zum Konflikt kommen ze loossen, besonnesch net an enger Affär wou et keng Ursaach dofir gëtt“, esou de President vum Europarot, Donald Tusk, deen och scho Premierminister war.

Aus Polen ass et dann awer eng schnell Äntwert op déi Bréisseler Entscheedung ginn. Warschau huet einfach der Kommissioun hir Entscheedung als „politesch a net juristesch“ ofgedoen. Dat konnten se dann och mat guddem Gewësse maachen, well et keng Eestëmmegkeet zu Bréissel gëtt.

De polnesche President Andrzej Duda, deen nach Enn Juli d‘Hoffnung zougelooss hat, datt et net esouwäit géif kommen, well hien iwwerraschend säi Veto abruecht hat, huet matgedeelt, datt him de neien Text esou ganz gutt gefält. Hie wäert dann och säi Krop ënnert d‘Reform setzen.

Zudeem huet den Andrzej Duda d‘EU der Lige beschëllegt: „Si léie wann se soen, datt d‘Ännerungen a Polen derzou féieren, datt d‘Prinzipie vum Rechtsstaat gebrach ginn. Dobäi stäerke mir d‘Norme vun der Demokratie“.

Dräi Méint

De Mechanissem dee vu Bréissel un d‘rulle bruecht ginn ass, kann um Enn vun enger komplexer Prozedur zu enger Suspendéierung vum Stëmmrecht am Europarot féieren. Déi Instanz, wou déi 28 d‘europäesch Gesetzgebung gestalten.

An d‘Kommissioun huet, nodeems d‘Prozedur op gemaach ginn ass, de Polen awer eng Dier opgelooss. Si hunn der polnescher Regierung dräi Méint Zäit ginn, sech hire „Schratt“ nach emol grëndlech ze iwwerleeën an zréckzerudderen.

Esou dierft et just am Fall vum „Status Quo“ dozou kommen, datt d‘Kommissioun d‘EU-Länner muss froen „d‘Existenz vun engem Vergoe géint de Rechtsstaat“ a Polen festzestellen. Dat ass allerdéngs nëmmen erfollegräich, wann 22 Länner d‘Meenung vun der Kommissioun deelen.

Zu Sanktioune kënnt et dann och nach net. Déi kann et nëmme ginn, wann an enger zweeter Phas eestëmmeg d‘Justizreform a Fro gestallt gëtt. An hei ass dann u sech d‘Prozedur och schonn um Enn, well Ungarn däitlech gemaach huet, keng Sanktioune géint Polen matzedroen.

Hënn déi bille bäissen net

Mam Positionnement vun Ungarn ass de Kuch giess iert et gebak gouf. „Et ass inakzeptabel, datt Bréissel Drock op souverän Staate mécht“, esou d‘Reaktioun vum ungaresche Vizepremierminister Zsolt Semjén.

D‘Kommissioun huet e puer Reformen am A, déi esouwuel wéi och vun der polnescher Oppositioun an der Zivilgesellschaft onerwënscht sinn. Esou d‘Reform vun der Verfassungsjustiz an déi méi rezent Verännerung vun der Geriichtsbarkeet a sengem Ensembel.

Den „Austausch“ deen et iwwert e Joer laang tëscht der Kommissioun a Warschau ginn huet, konnt um Enn kee Resultat ervirbréngen. D‘Regierung vu Polen huet seng Fräiheet verdeedegt, d‘Magistratur déi als korrupt Organisatioun bezeechent ginn ass, ze reforméieren.

„Ech si ferm iwwerzeegt dat déi souverän Staaten – an Europa muss en Europa vun de Souveräne Staate sinn – en absolut Recht hunn hir Justizsystemer ze reforméieren“, hat nach d‘lescht Woch den neie Premierminister Mateusz Morawiecki beim EU-Sommet matgedeelt.

De Jott zé Jott optimistesch

Fir den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker ass et dann awer och wichteg, d‘Hand ausgestreckt ze halen. Hien huet de polnesche Premierminister vir de 9. Januar op Bréissel agelueden. „Et ass e schwéieren Dag fir Polen, mee och fir d‘EU“, esou den EU-Kommissiounspresident „an den Dialog ass ganz besonnesch an esou Zäiten enorm wichteg“.

Mee d‘Kommissioun huet zanter Méint domatter gedréit, den Artikel 7 a Kraaft ze setzen. Et wollt ee wuel iwwerzeegend sinn, vu datt déi klassesch Prozedure beschtefalls zu enger „Geldstrof“ féieren.

A wann et och gutt gemengt ass, datt ee mat de Bedreeung engem Land d‘Stëmmrecht ze entzéien, dat Land nees op Linn kritt, esou ass dës Bedreeung beschtefalls theoretesch. Dofir denkt een zu Bréissel iwwer nei Weeër no. Eng Iddi ass et, den Accès zu de Kohäsiounsfongen ze konditionéiere an un de Respekt vun den europäesche Wäerter an Entscheedungen ze bannen.

Reporter ouni Grenzen hunn dann hirersäits bedauert, datt d‘EU-Kommissioun sech just op de Volet „Justiz“ bezitt. Datt d‘Pressefräiheet a Polen a Gefor ass, wier „deenen“ zu Bréissel wuel entgaangen a d‘ONG Reporter ouni Grenze fuerdert vun der EU sech mat der Iwwernam vun den ëffentleche Medien an der Zensur géintiwwer Journalisten ze befaassen.

mam Cédric Simon/AFP

Foto: De Vizepresident vun der EU-Kommissioun, Frans Timmermans, huet schwéieren Häerzens matgedeelt, datt géint Polen den Artikel 7 vum EU-Accord agesat muss ginn. Dee gräift allerdéngs nëmmen dann, wann een zu Bréissel Eestëmmeg d‘Uwennung unhëlt. Vu datt Ungarn schonn elo ugekënnegt huet do net matzemaachen, dierft d‘Ausso vum Frans Timmermans wéineg Androck hannerlooss hunn. © Emmanuel Dunand/AFP

Ähnlech Sujeten Artikel 7, Donald Tusk, EU-Kommissioun, Frans Timmermans, Jean-Claude Juncker, Mateusz Morawiecki, Polen, Sanktioune
Nächsten Artikel Virrechten Artikel