Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dës Serie bréngt 90er Joren erëm – awer mat Stil!
most popular dating sites denver christian dating relationship tips

hook up jumper cables wrong

Netflix mécht säi Porftolio u Serien ëmmer méi breet an

dating in high school stories
most popular dating sites denver christian dating relationship tips

ASTI – dräi Projete fir d’Integratioun vu Flüchtlingen zu Lëtzebuerg

Am Joer 2015 ass Lëtzebuerg, genau wéi de Rescht vun

Mam Vëlo op d’Schaff – an dobäi flott Präisser gewannen!
most popular dating sites denver christian dating relationship tips

Mam Vëlo op d’Schaff – an dobäi flott Präisser gewannen!

Et gëtt elo déi 12. Editioun vun der traditioneller Aktioun

Eppes ze vill gefeiert, Brigangen, an Autoen déi brennen

Eppes ze vill gefeiert, Brigangen, an Autoen déi brennen

Nach iert dat neit Joer sech gewisen huet, war eis Police nees mat deem engen oder anere geplot, just well ee sech bei der Fro „Drénken oder Fueren?“ nees net entscheet kritt huet. Esou goufen tëscht dem 29. an dem 31. Dezember net manner wéi zéng Führerschäiner agezunn. Esou geschitt zu Mamer, Dippech, Beefort, Munneref a Stad Lëtzebuerg.

Um Samschdeg waren zwee Brigangen nach op der Sich no engem Kaddo. Parfum war de begier, a béid Männer wollten an der Alphonse Weicker Strooss, nodeems si fonnt hate wat si gesicht hunn, d‘Geschäft verloossen, ouni fir d‘Wuer déi se agestach haten, ze bezuelen. Engem Sécherheetsmann war et opgefall, a wéi hien d‘Brigange festhale wollt, konnt sech ee lassrappen a verfuussen.

Deen zweeten hat manner Gléck, oder war vläicht just eppes ze lues. Wéi och ëmmer, dee konnt op der Plaz festgehale ginn, wou hien dann no kuerzer Zäit der Police konnt ausgehänndegt ginn. Déi hunn den onéierleche Client matgeholl an e Protokoll erstallt. De Procureur huet d‘Verhaftung ugeuerdent, an de Mann ass nach den Dag selwer dem Untersuchungsriichter virgefouert ginn.

Um Sonndeg an der Nuecht ass et zu Hesper zu engem ongewinnte Virfall komm. Géint 3.30 Auer Mueres gouf e Feier gemellt. An der Izeger-Strooss hunn zwee Gefierer gebrannt, an d‘Beamten déi op d‘Plaz geruff goufen, konnte mat Feierläscher grad nach verhënneren, datt d‘Feier op eng Camionnette iwwergräift. De CI-Hesper hu kuerz drop d‘Feier geläscht. Et gëtt enquêtéiert…

Endstatioun Spidol

Zu Péiteng war eng Patrull ënnerwee, déi e Sonndeg um 2.10 Auer virun engem Nuetsclub e Sträitgespréich bemierkt huet. E Client an e „Videur“ waren sech „oneens“. Wéi si stoe bliwwe sinn, goufen d‘Beamte vun engem zweete Sécherheetsmann informéiert, datt de Mann eppes ze déif an d‘Glas gekuckt huet, aus dësem Grond „erausbegleet“ginn ass, an elo Kaméidi schléit.

De Mann, deem d‘Gespréich mat der „Security“ duergaangen ass, wollt sech net och nach mat der Police ënnerhalen, an huet sech a Richtung der Lonkecherstrooss verfuusst. D‘Poliziste sinn hannendru gaangen, wourop de Mann kuerzerhand entscheet huet, an e Virgäertchen ze sprangen. Net seng beschten Iddi, well en erhéichte Kante-Steen huet hien zu Fall bruecht.

Et war dann eng zweet Patrull, déi dem Panzvollist senger Nuetswanderung en Enn bereet huet. Deem huet dat guer net gefall, an esou huet hie mat bierelen ugefaangen, firwat d‘Polizisten am beholl vum Mann eng Gefor fir sech selwer an Drëtter erkannt hunn. Well et en Zertifikat brauch fir esou een an haft ze huelen, ass de Mann vun zwou Patrullen an de CHEM gefouert ginn.

Wéi d‘Beamte mat hirem Client sech op de Wee Richtung Esch-Uelzecht gemaach hunn, huet dësen ugefaangen eppes méi schwéier ze ootmen. En Zoustand dee sech rapid verschlechtert huet. De Mann huet ënner Krämp gelidden, an d‘Polizisten hu missen hale bleiwen an de SAMU ufuerderen. Hie gouf vun der Ambulanz iwwerholl, an d‘Spidol gefouert, wou hien ënnersicht ginn ass.

An nach emol Péiteng

Nach iert et zum Tëschefall beim Nuetsclub komm ass, war enger Patrull (1.20 Auer) e Gefier opgefall, dem seng technesch Kontroll ofgelaf war. Si hunn sech dorops hin de Chauffer vum Auto eppes méi genee ugekuckt. Bei der Iwwerpréiwung hu si misse feststellen, datt de Mann net am Besëtz vun enger Fuererlaabnes ass. De Procureur huet d‘Gefier beschlagnahme gelooss.

Ähnlech Sujeten Alkohol, Alkoholkontroll, Déifstall, Führerschäin, Police
Nächsten Artikel Virrechten Artikel