Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sea Shepherd: Och beim Sport géint de Massaker u Mieresliewewiesen
Neiegkeeten

Sea Shepherd: Och beim Sport géint de Massaker u Mieresliewewiesen

Gëschter, den 12. Dezember 2020, huet d’Lëtzebuerger Handballnationalequippe géint d’Färöer

The Shape of Water ass komesch, strange an du däerfs en net verpassen!
Neiegkeeten

The Shape of Water ass komesch, strange an du däerfs en net verpassen!

Datt de Guillermo del Toro bei der Nominatioune fir d’Oscaren

Weltdag vun der humanitärer Hëllef
Neiegkeeten

Weltdag vun der humanitärer Hëllef

De Weltdag vun der humanitärer Hëllef ass eng gutt Geleeënheet

Police beschlagnahmt Kokain am Wäert vu 600.000 Euro

Den Drogekuréier koum aus Holland, wollt sech enger Kontroll an de Belsch entzéien a gouf vun eise Beamten zu Stengefort gestoppt

Police beschlagnahmt Kokain am Wäert vu 600.000 Euro

Ob déi „déidlech Fracht“ fir de Lëtzebuerger Marché bestëmmt war, dat mussen d‘Ermëttler nach versiche vum Drogekuréier gewuer ze ginn. Gewosst ass allerdéngs, datt sech d‘Festnam vum Brigang gelount huet. Deen hat ronn 7,6 Kilo Kokain a sengem Gefier verstaut, mee de Mupp vun der Police huet eng fein Nues an hat dem drolege Gesell seng Stopp zimmlech séier fonnt.

Datt et zu dësem jo awer scho „spektakuläre“ Fang komme konnt, ass der gudder Kooperatioun tëscht der belscher a Lëtzebuerger Police geschëlt. Déi belsch Kolleege wollten an der Nuecht zum Sonndeg e BMW mat hollänneschen Nummereschëlter fir eng Routineskontroll unhalen. Dat ware dem Chauffer net gehéier an deen huet kuerzerhand de belsche Policewon getéckt.

Esou konnt dëse säi Wee fortsetzen, ouni verfollegt ze ginn. Well déi belsch Beamten de Verdacht haten, datt sech de Brigang a Richtung Lëtzebuerg géif opmaachen, hunn déi géint 2.30 Auer mueres hir Kolleegen entspriechend ëmfänglech informéiert, esou datt déi en Empfangscomité, fir de presséierte a sécherlech och därege Mann, konnte bereetstellen. Hie gouf erwaart…

De BMW ass dann och wéi erhofft iwwert d‘A6 gefligert (laut der Police soll de Chauffer mat gutt 200 Km/h ënnerwee gewiescht sinn) a war sichtlech net drop virbereet, zu esou féier Stonn op ee Barrage vun der Police ze treffen. Ob de Mann versicht huet der Police ze entfléien oder einfach ee schlechte Chauffer ass, dat ass net gewosst, mee beherrscht huet hie seng Maschinn jiddefalls net.

Esou huet de BMW fir unzefänken zolidd Bekanntschaft mat der kalifornescher Mauer gemaach, iert en da vun der Leitplank vollstänneg zum Stëllstand gezwonge gouf. De Brigang kann sech hei glécklech schätzen, datt hie säin „Stunt“ ouni Verletzungen iwwerstanen huet. Esouwäit bekannt, huet zu kengem Ament eng bedreelech Situatioun fir eis Poliziste bestanen. Dat dir ee begréissen.

Nodeems da wéi aleedend gesot, d‘Iwwerpréiwung vum Gefier sech als „Hiel vum Ali Baba“ erginn huet, gouf de Procureur iwwert den übleche Wee informéiert. Och dee war net schlecht erstaunt, bezunn op den Ëmfang vun der Wuer, déi ee Stroosseverkaafswäert vu ganzer 596.000 Euro huet. Den Auto gouf beschlagnaamt an den Drogekuréier sëtzt elo zu Schraasseg.

Foto: © Police

Ähnlech Sujeten Drogen, Kokain, Police, Schraasseg, Stengefort
Nächsten Artikel Virrechten Artikel