Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Geschicht an Identitéit erhalen – mee wéi?
International Neiegkeeten

D’Geschicht an Identitéit erhalen – mee wéi?

Gëschter hat eis Kulturministesch Sam Tanson d’Éier de relative Gesetzesprojet

Presentatioun vun enger Etüd zur Cyclabilitéit am Süden an GECT Uelzecht Belval
International Neiegkeeten

Presentatioun vun enger Etüd zur Cyclabilitéit am Süden an GECT Uelzecht Belval

De François Bausch, Nohaltegkeet- an Infrastrukturminister, ewéi och President vun

Eng Oflenkung op Käschte vun der LGBT-Communautéit
International Neiegkeeten

Eng Oflenkung op Käschte vun der LGBT-Communautéit

Wéi d’Wahlresultat läscht Joer bis stoung, krut een nach oft

Däitschland: Ouni Dateschutz geet de Schoss no hanne lass

D‘Kontaktlëschten aus dem Horesca-Secteur musse virum Zougrëff vun der Police geschützt ginn, wa vun de Leit erwaart gëtt, datt si hir Date korrekt uginn

Däitschland: Ouni Dateschutz geet de Schoss no hanne lass

Wie bei eisen Noperen e Patt huelen oder ee gudde Maufel wëll iesse goen, muss seng perséinlech Daten (Numm, Adress, Telefonsnummer…) an enger Lëscht androen. Sënn an Zweck vun dësem Virgank ass et, de Kontakt-Tracing méiglech ze maachen. Zanter Wochen huet sech d‘Police awer dës Daten zu notze gemaach, fir „Ermëttlunge bei schwéiere Strofdoten“ kënnen duerchzeféieren.

Dat war et zumindest, wat d‘Police an Däitschland de Leit iwwert de offizielle Wee erkläert hat. An elo ass da gewosst, datt dat glat gelu war. D‘Police préift dës Donnéeë ganz generell, well et der Strofverfolgung notzt, an streng geholl ass dat en Agrëff an d‘Privatsphär a féiert derzou, datt d‘Leit falsch Daten hannerloossen, well dem System net méi ka vertraut ginn. An dat ass ee Problem…

An der Gastronomie weess ee senger Hänn kee Rot méi. Engersäits schreift d‘Gesetz vir, datt een dës Daten erhiewe muss, de Wiert oder d‘Personal kann awer net vun de Cliente verlaangen, hiren Auswäis virzeleeën. De Witz bei der Saach: et kann een nach net emol de Police d‘Schold ginn, si muss op dës (bequem) Lëschten zougräifen, well se Ermëttlungsusätz liwwere kënnen.

Dat féiert dozou, datt Mënschen, déi zwar Verantwortungsbewosst handelen awer och aktiv hir Date schützen, falsch Angaben, mee eng „funktionell“ Mail-Adress uginn. E Mail-Account ass séier an anonym ze erstellen, a geet u sech duer fir informéiert ze ginn, datt ee „Kontakt“ hat. Anerer ginn net esouwäit an droen „iergendeppes“ an dës Lëscht an. Esou bréngt de System natierlech näischt.

Et wier gutt ze legiferéieren

An der Bundesregierung wier et dann elo un der Zäit sech ze entscheeden: wëll een am Kampf géint d‘Verbreedung vum Coronavirus Covid19 effektiv an novollzéibar Daten aus de Bistroen an de Restauranten, oder Fantasielëschten, well dësem System net ze trauen ass? Wann d‘Rechnung soll opgoen, brauch et ee Gesetz dat Bierger virum Zougrëff op dës Date schützt, soss gëtt et där keng.

D‘Police a Bayern beispillsweis, soll dës Lëschte reegelméisseg agesinn, allerdéngs net wéi dat vum Staatsministère behaapt gëtt, fir schwéier Strofdoten opzeklären. Et ass zudeem och bis ewell net bekannt, datt d‘Police iwwert dëse Wee e Schwéierverbriecher agesäckelt hätt. Mee och an anere Bundeslänner gëtt massiv op dës Lëschten zougegraff, an elo wieren sech d‘Leit op hir Aart.

Wa schonn den einfache Verdacht duergeet fir op dës Daten zougräifen ze kënnen, kann ee vun engem politesche Vertrauensbroch schwätzen. Daten aus dëse Lëschten zu preventiven Zwecker ze erhiewen, an esou de ganzen Horesca-Secteur quasi zum Police-Spëtzel ze maachen, ass net richtege Wee. De Beruffsverband selwer kann sech awer net wieren a muss d‘Daten aushänngen.

Et sollen och schonn Date vu Covid19-Infizéierten oder Mënschen déi a Quarantaine sinn un d‘Police iwwermëttelt gi sinn, wat ee klore Verstouss géint den Dateschutz ass. A mindestens fënnef Bundeslänner sinn esou schonn am Mäerz an am Abrëll Daten un d‘Police weidergeleet ginn. Hei brauch et erwisenermoosse séier eng Léisung, an de beschte Wee wier ze legiferéieren.

mat indymedia/ber

Illustratioun: © Jon Tyson / unsplash

Ähnlech Sujeten Däitschland, Dateschutz, HORESCA, Kontaktlëschten, Police
Nächsten Artikel Virrechten Artikel