Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

NEI am Verlag Guy Binsfeld: ZEEECHEN
International Neiegkeeten

NEI am Verlag Guy Binsfeld: ZEEECHEN

Dräimol zwou Geschichte vereent dës Kollaboratioun tëschent dem Auteur Samuel

Omega 90 kann e produktiivt Joer virweisen
International Neiegkeeten

Omega 90 kann e produktiivt Joer virweisen

Bei de Generalversammlung am „Omega Haus“ huet de President vun

Oppositioun an der Chamber
International Neiegkeeten

Oppositioun an der Chamber

Nodeems e Mëttwoch d‘Regierung an der Presidentekonferenz ëm „Diskretioun“ gebueden

Journalisten am Fokus

Däitschland: Police verbannt d‘Medien aus dem Ëmfeld vun ëmstriddene Kuelekraaftwierk Datteln, datt um haitege Samschdeg säi Regelbetrib nees ophëlt

Journalisten am Fokus

Alles huet mat engem Bréif un d‘Journalistin Anett Stelle, déi ënnert anerem fir d‘TAZ iwwer vill Klimaschutzaktiounen am Bundesland Nordrhein-Westfalen bericht huet, ugefaangen. An dësem Schreiwes huet d‘Journalistin eng Openthaltsverbuet fir d‘Dauer vun dräi Méint notifiéiert kritt, datt nieft dem Terrain vum Kraaftwierk och den ëffentleche Raum ëmfaasst.

PoliceWéi et vun der TAZ heescht, huet de Bedreiwer UNIPER no der Berichterstattung vum Anett Stelle Ufank Februar eng Plainte wéinst Hausfriddensbroch, zu där et nach keen Urteel gëtt. D‘Police, déi ganz am Sënn vum Bedreiwer op der Plaz fir Uerdnung suergt, behaapt hirersäits, dat „dovunner auszegoen ass, datt sech d‘Journalistin op en Neits kéint Zougang zum Wierksgelänn beschafen“.

Si ass net déi eenzeg Journalistin, déi esou ee Bréif zougestallt kritt huet an d‘Police dementéiert, datt hei ee verstoppte Beruffsverbuet ausgeschwat ginn ass. Laut dem Polizeipräsidium vun NRW zu Recklinghausen, géif et sech bei dëse Journalisten ëm Leit handelen, déi sech widderrechtlech um Terrain vum Kraaftwierk opgehalen hätten a bewosst den Asaz vun der Police behënnert hunn.

PoliceDe Verbuet géif sech folgerichteg net géint d‘Persoun vum „Journalist“, mee ganz am Sënn vum Bedreiwer géint d‘Persoun als „Störer“ riichten. „Fir dem Grondrecht op Pressefräiheet Rechnung ze droen, sinn Ausnahmen (…) am Eenzelfall méiglech“. An engem neie Communiqué, stellt d‘Police fest, datt d‘Verwaltungsgeriicht zu Gelsenkirchen de Verbuet elo nees opgehuewen huet.

Et gëtt allerdéngs staark betount, datt d‘Geriicht net iwwert d‘Rechtméissegkeet vun de polizeileche Mesuren entscheet hätt, mee am Kader vun der Interessensofweiung eng virleefeg Reegelung getraff hätt, déi dem Antragsteller eng „journalistesch Begleedung ausserhalb dem Wierksgelänn erméiglecht“. Interessant hei och eng ganz besonnesch Argumentatioun vum Polizeipräsidium:

Police„Dës journalistesch Begleedung wier och ouni dëst Urteel méiglech gewiescht, well am Openthalts- Beräichsbetriedungsverbuet explizit op d‘Ausnamen zur Wahrnehmung berechtegter berufflecher Interessen higewise ginn ass“. Dës Ausname gëllen och fir all déi aner Journalisten déi vum Verbuet betraff sinn. Dat ass een däitlechen an amtlech bestätegte Verstouss géint Pressefräiheet.

Journalisten als „Gefor fir déi ëffentlech Sécherheet“ ze bezeechnen, fënnt een och bei der Gewerkschaft ver.di net gutt. Si, oder besser gesot hir Juristen, stäipen dem Fotoreporter Björn Kietzmann de Réck. Si hunn den 28. Mee virum Verwaltungsgeriicht zu Gelsenkirchen erreecht, datt d‘Verbuet ausgesat ginn ass. Hie soll awer de Protokoll wéinst Hausfriddensbroch bezuelen.

 

PoliceRumeuren, datt de Polizeipräsidium an de Management „ee gutt Verhältnis“ matenaner hätten, dat wëll Uniper ënnert anerem „sozial Aktioune“ vun der Police mat grousszügeg Spenden ënnerstëtzt an och „perséinlech Kontakter“ iwwer Mooss gefleegt ginn, kënnen net bestätegt ginn. Als erwise gëllt awer, datt d‘Police keng „Biller“ vum Asaz vun de Beamte wëll zouloossen.

mat indymedia/dus

Ähnlech Sujeten Anett Stelle, Björn Kietzmann, Journalismus, Plazverweis, Police, Polizeipräsidium, Pressefräiheet, Recklinghausen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel