Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Trump begréisst am Xi e staarke Vertrieder vum Vollek
Neiegkeeten

Den Trump begréisst am Xi e staarke Vertrieder vum Vollek

Den US-President Donald Trump, aktuell op Asien-Tour, huet um Freideg

Vereedegung vum Geometer Sascha Seresse
Neiegkeeten

Vereedegung vum Geometer Sascha Seresse

Um 25. Abrëll 2019 huet de Sascha Seresse säin Eed

D‘Ghislaine Maxwell vum FBI festgeholl
Neiegkeeten

D‘Ghislaine Maxwell vum FBI festgeholl

Am New Hampshire ass déi fréier Frëndin vum Sexualstrooftäter Jeffrey

Nogereecht: 3 Verhaftunge wéinst Drogekriminalitéit

Nogereecht: 3 Verhaftunge wéinst Drogekriminalitéit

Wéi d‘Police e Sonndeg matgedeelt huet, koum et den 8. Januar zur Verhaftung vun dräi Persounen déi mat Droge gehandelt hunn. No méintelaangen Ermëttlunge konnt d‘Police Judiciaire vum Bezierk Norden, an Zesummenaarbecht mat de regionalen an nationalen Abteilungen zougréifen.

Den Uerder fir den Zougrëff géint eng Persoun aus der Gemeng Ëlwen, koum vum Parquet Dikrech an de Brigang ass dann och hei der Untersuchungsriichterin virgefouert ginn, déi géint de Mann Untersuchungshaft ugeuerdent huet. Am Kontext vun de Perquisitiounen haten d‘Beamte gréisser Mengen Droge fonnt:

50 gr Kokain, ronn 885 gr Marihuana, bal 100 gr Haschisch an eng kleng Meng „magesch Champignonen“. Donieft goufen iwwer 1.500 Euro Boergeld an 2 Gefierer confisquéiert. Dat dierft eppes vill fir e Sursis ginn, och mat engem ganz gudden Affekot…

An der zweeter „Affär“ hunn sech d‘Beamten zwou Persounen aus der Gemeng Dikrech gekroopt. Och hei hat et am Virfeld eng Enquête ginn an den 8. Januar sinn d‘Polizisten op Unuerdnung vum Dikrecher Parquet sech dës Persoune plécke gaangen. Bei diverse Perquisitioune sinn bal 700 gr Marihuana, 685 Euro an ee Softair-Gewier (am Look vun engem AR15 Stuermgewier) beschlagnahmt ginn.

Foto: De Fall vun Ëlwen © Police Lëtzebuerg

Ähnlech Sujeten Dikrech, Drogen, Ëlwen, Parquet Dikrech, Police, Untersuchungsriichter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel