Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – D’Geschicht vun der “Beweegung 2. Juni”
calvin dating in the dark

What the Fakt – D’Geschicht vun der “Beweegung 2. Juni”

An de 70er Joer huet déi lénksextremistesch terroristesch Vereenegung „Beweegung

dating an indian navy guy
calvin dating in the dark

https://moien.lu/park-seo-joon-dating-rumours/

Nëmme wéineg Stonnen nodeems d’Vereenten Natiounen den Ofschoss vun enger

Rock um Knuedler: Programmännerung!
calvin dating in the dark

Rock um Knuedler: Programmännerung!

Wéi de Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d’Stad Lëtzebuerg

Police: déi „elektronesch Plainte“ erfëllt hiren Zweck

Handy geklaut, Posch stibitzt oder de Vëlo gezoppt kritt? Dofir muss een net op d‘Kommissariat

Police: déi „elektronesch Plainte“ erfëllt hiren Zweck

De 27. Juli 2018 huet d‘Police en neie Service agefouert. Heibäi ass et drëms gaangen, de Leit déi Affer vun engem „einfachen Déifstall“ ginn, d‘Areeche vun der Plainte méi einfach ze maachen. An dëse Service klappt dann och ganz gutt, wéi d‘Police um Freideg erkläert huet.

Esou stellt de Chef vum Service Mike Linster fest, datt den „e-Kommissariat“ regelméisseg genotzt gëtt, an d‘Police iwwert dëse Wee an engem Joer ronn 1.600 Plainten opgeholl huet. Déi nei Unitéit vun der Police huet zum Zweck d‘Kommissariater physesch ze entlaaschten. Datt et Sënn mécht ka mat Zuele beluecht ginn: 2018 goufen insgesamt 7.627 Plainte wéinst einfachen Déifstall agereecht.

Nieft der Méiglechkeet seng Plainte um elektronesche Wee anzereechen, kënnen d‘Bierger awer och den e-Kommissariat benotze fir Saachen ze mellen déi entweder fonnt oder verluer goufen, et kënne materiell Beschiedegunge gemellt an Zertifikater am Fall vun engem Wëldschued ugefrot ginn. Iwwer déi lescht 12 Méint huet d‘Police ronn 1.700 dëser Deklaratiounen agereecht kritt.

D‘Pompiste notzen dëse Service gären

Wann de Mike Linster erkläert, datt eng 2.000 Bierger den e-Kommissariat genotzt hunn, esou sinn et d‘Pompisten (Tankstellepiechter) déi de Service am meeschte sollicitéieren. Déi hunn eleng 1.318 Plainten agereecht, wéinst Déifstall un der Pompel. Dës Zuel verdäitlecht androcksvoll, wéi wichteg dëse Service ass, well bis dohinner hunn d‘Gerante vun den Tankstellen sech missen deplacéieren.

Zudeem ass de Plaignant net méi u Bürosstonne gebonnen. Elo geet dat 24 op 24 Stonnen ouni dat ee misst d‘Haus oder seng Aarbechtsplaz verloossen. Dat eenzegt wat de Bierger an/oder de Geschäftsmann brauch, ass en Zertifikat vu LuxTrust. Dat ass dat „Déngen“ wat d‘Leit benotze fir Onlinebanking ze maachen. Alles einfach u sech, et muss ee just d‘Deklaratioun richteg ausfëllen.

An och domadder hunn, esou de Mike Linster, déi mannst e Problem. Bannent dem éischte Joer si vun der Police 3.328 Deklaratiounen traitéiert ginn an dovunner hu leedeglech 150 misse refuséiert ginn oder befannen sech nach an der Korrektur. Verständlech, datt ee bei der Police iwwert dëst neit Instrument erfreet ass. Esou kënnen sech d‘Agenten esou besser op hir Missioune konzentréieren.

Méi Informatiounen a wéi een de Service richteg notzt, oder wéini een dann awer muss op de Büro, gëtt ausféierlech um Site vun der POLICE erkläert. D‘Plainte online areeche kann een ënnert dësen Adressen: www.police.lu, d’App police.lu et www.guichet.lu/e-commissariat.

Ähnlech Sujeten e-Kommissariat, Mike Linster, Police
Nächsten Artikel Virrechten Artikel