Däitschland: D‘SPD-Basis ass géint eng GroKo, an CDU/CSU mécht Drock
Bei eisen däitschen Nopere sinn d‘Sondéierungsgespréicher tëscht de Sozialisten an
Bei eisen däitschen Nopere sinn d‘Sondéierungsgespréicher tëscht de Sozialisten an
Ass et eng Serie oder gëtt „besser“ kontrolléiert? An de
D‘Joer verginn, mee d‘Flam selwer geet ni aus. Ee vun
Tëscht dem 25. an 31. Mee 2020 huet d’Police ëm 140 Kontrolle pro Dag uechtert d’Land duerchgefouert. D’Majoritéit vun de Verstéiss waren dorobber zeréckzeféieren, datt d’Persoun ouni Mask ronderëm gelaf ass. Ronn 15 Avertissementer hunn am genannten Zäitraum pro Dag missen ausgeschwat ginn.
Mat der drëtter Phas vum Deconfinement hunn och gastronomesch Infrastrukturen nees dierfen opmaachen. Doduerch muss d’Police dëse Secteur an d’Kontrollen abezéie, woubäi hir Aarbecht besonnesch am Beräich vun der Preventioun an der Sensibiliséierung vun de Besëtzer a Geranten vum jeeweilegen Café, Restaurant oder Bistro dréit.
Zwee Mol koum et zu engem Protokoll, wëll sech d’Etablissement net un déi virgeschriwwen Ëffnungszäit gehalen huet. Um Mëtternuecht muss den Trottoir nämlech erop geklappt ginn. Déi verschidde Reegelen fannt Dir och nach emol op sante.lu.
D’Police erënnert nach emol drun, datt sech bei Evenementer, Visitten oder Treffen 6 Persounen an engem Raum dierfen zesummefannen. Dobausse si Regruppementer vu maximal 20 Persounen méiglech.
Wien géint dat groussherzoglecht Reglement vum 18. Mäerz 2020 verstéisst ka mat enger Strof vun 145 € rechnen.
Opmaacherbild: © Police Luxembourg / Twitter