Lët‘z Say No: E Signal setzen, d‘Mënsche sensibiliséieren!
An den nächsten Deeg gi markant Staatsgebaier (Cité Judiciaire, Bourse,
An den nächsten Deeg gi markant Staatsgebaier (Cité Judiciaire, Bourse,
Den iraneschen Ausseminister, Mohammad Javad Zarif, huet e Samschdeg eng
Bei der Generalversammlung vum Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) sinn den Aktivitéitsbericht
Sécher mussen déi „Béis” aus dem Verkéier gezu ginn. Et muss een hei awer och bedenken, datt bei esou Verfolgungen net nëmme bedeelegt, mee och ganz onbedeelegt Leit, kënne verletzt ginn, oder am schlëmmste Fall stierwe kënnen.
Mat esou Verfolgunge provozéiert eis Police menger Meenung no, méi geféierlech Situatiounen. Well dann déi vun der Police verfollegt eréischt richteg Gas ginn. Wann dann eis Police och nach schnell hannendrun ass… Au dësem Grond huet d’Police – deemno wéi, fir mech – dann och en Deel mat Schold am Fall vun Accidenter, déi deels schwéier Folge kënnen hunn.
Muss dat dann esou oflafen? Wéi eng aner Méiglechkeete géifen et gi fir Leit manner opfälleg, also op méi eng roueg Manéier, aus dem Verkéier ze zéien?
Dobäi misst weder de Rowdy selwer an och kee Polizist zousätzlech a Gefor bruecht ginn a virun allem keng onbedeelegt Leit kierperleche Geforen ausgesat ginn. Schosswaffe sollte scho guer net zum Asaz kommen.
Fir mech stellt sech dann och d‘Fro: „Wéi vill Leit goufen an de leschte Joren zu Lëtzebuerg bei esou Aktioune verletzt oder si guer gestuerwen?“, Ech hu mol eng Kéier héieren, Datt an Däitschland d’Zuel vun den onbedeelegten Affer bei esou Aktiounen nawell héich soll sinn.
Johnny Theisen
D‘Meenunge vun de Lieser sinn perséinlech a spigelen net zwéngend d‘Positioun vun der Redaktioun erëm.