Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi wichteg ass de Schutz vun eise Kanner am Internet?
Neiegkeeten

Wéi wichteg ass de Schutz vun eise Kanner am Internet?

Am Kader vum europäeschen Dag vum Europarot fir de Schutz

Nëmmen déi mannst packen et, dëse Quiz ronderëm eis Gare perfekt ofzeschléissen!
Neiegkeeten

Nëmmen déi mannst packen et, dëse Quiz ronderëm eis Gare perfekt ofzeschléissen!

Du stees villäicht all Dag op enger Gare a waarts

Begeeschtert net nëmmen op der Pist: Olympionik Gus Kenworthy kusst säi Frënd a schreift Geschicht
Neiegkeeten

Begeeschtert net nëmmen op der Pist: Olympionik Gus Kenworthy kusst säi Frënd a schreift Geschicht

Den amerikanesche Freestyle Schi-Fuerer Gus Kenswourth gouf – zu senger

Police leet de Bilan vun der nationaler Motorrad-Campagne vir

Police leet de Bilan vun der nationaler Motorrad-Campagne vir

Wéi all Joers, esou huet d‘Police och dës Joer nees hir Motorrad-Campagne zur Sensibiliséierung op d‘Geforen an de richtege Beholl duerchgefouert. D‘Campagne déi tëscht dem 20. Juni an dem 19. Juli a Form vu verstäerkte Kontrolle stattfonnt huet, wier zimmlech erfollegräich gewiescht.

Alles an allem goufen eppes méi wéi 2.600 Kontrollen uechtert Land organiséiert. Well et leider nach ëmmer noutwenneg ass, huet och bei der Campagne 2020 de Schwéierpunkt op der Vitesse geleeën, mee och bei den Dokumenter an dem techneschen Zoustand gouf dës Kéier ganz genee higekuckt. Och beim Helm – betreff Homologatioun – gouf dëst Joer net duerch d‘Fanger gekuckt.

Et ass dann och net iwwerraschend, datt bei däraarteg ville Kontrollen, d‘Police och entspriechend vill Verstéiss ze notéieren huet. Si hu ronn 600 Protokoller ausgestallt. D‘Vitesse (85), op der Autobunn tëscht de Gefierer duerchfueren (50), den net homologéierten Helm (30) an d‘Beliichtung vum Gefier (100), mee och den Auspuff (80) an d‘Sécherheetsausrëschtung (70) goufen ernimmt.

D‘Police weist dann nach drop hin, datt d‘Campagne u sech wuel eriwwer ass, mee d‘Kontrollen dofir net zu Enn ginn. Zudeem sollten sech d‘Piloten am Kontext vun der „Vakanz doheem“ emol besser drop astellen, hir Kollegen an Uniform méi oft a besonnesch do ze begéinen, wou d‘Strecke fir Motocycliste ganz attraktiv sinn. Dat gesot, wënscht d‘Redaktioun alle Biker e flotte Summer.

Illustratioun: Op mat „Style“ oder éischter „klassesch“ ënnerwee… Dat wichtegst ass a bleift beim Motorrad fueren de Sécherheetsaspekt. Seng Vitesse am A behalen, déi richteg Kleedung an en homologéierten Helm op de Bëls, sinn ee puer vun deenen Atouten, déi am Fall vun de Fäll iwwert ee méi oder manner grousse Kierperschued entscheede kënnen. © Revolt / unsplash

Ähnlech Sujeten Campagne, Helm, Motorrad, Police, Protokoller, Sécherheet, Vitesse
Nächsten Artikel Virrechten Artikel