Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ZAZ zu Lëtzebuerg – op enger Rees duerch franséisch Dreem
Neiegkeeten

ZAZ zu Lëtzebuerg – op enger Rees duerch franséisch Dreem

E Freideg war déi franséisch Sängerin Zaz an der Rockhal

Brittesche Regierungschef op der Intensivstatioun
Neiegkeeten

Brittesche Regierungschef op der Intensivstatioun

Hien hat laang „gewaart“, fir net ze soen hien hätt

dislike
Kommentar: Stellt d’Perquisitioun beim 100Komma7 d’Presseaarbecht a Fro?
Neiegkeeten

Kommentar: Stellt d’Perquisitioun beim 100Komma7 d’Presseaarbecht a Fro?

Do denkt ee sech näischt Schlechtes, an awer erféiert een

Police: Nees Zolidd eppes lass uechtert Land

Police: Nees Zolidd eppes lass uechtert Land

Vu Verkéiersaccidenter mat schwéiere Folgen iwwer Vandalismus bis hin zu Alkoholmëssbrauch an illegalen Drogegeschäfter. Eis Police war iwwert déi lescht Deeg nees zolidd beschäftegt. Am Folgenden en Iwwerbléck zu de Virfäll déi eis Opmierksamkeet gefuerdert hunn. Et weist och nees, datt d‘Männer a Frae bei der Police wierklech sollicitéiert ginn.

Am Grenzberäich

Esou beim schwéiere Verkéiersaccident um Donneschdeg an der Mëttegstonn op der N10 tëscht Wallenduerfer Bréck an Déiljen. Bei dësem Accident sinn zwou Persoune ganz uerge blesséiert ginn. Zum Accident ass et komm, wéi e Chauffeur op der genannter Streck ënnerwee war, a beim Iwwerhuele frontal mam entgéintkommende Gefier anenee gerannt ass an ach ee weidert Gefier gesträift huet.

De vermeintleche Verursaacher esou wéi och d‘Damm aus deem aneren Auto waren esou schwéier verletzt ginn, datt si nach hu missen op der Plaz behandelt ginn, iert si konnten an d‘Spidol iwwerfouert ginn. Am drëtte Won gouf zum Gléck kee verletzt, mee et huet Schued um Auto ginn. Wéinst dem Accident huet d‘Strooss bis 14.30 Auer gespaart ginn. Och um haidege Freideg war d‘Strooss nach emol fir déi erkennungsdéngschtlech Ermëttlunge kuerz gespaart ginn.

Haut de Moien hat d‘Police dann déi traureg Flicht den Dout vun der 55 järeger Automobilistin aus Bäerdref bekannt ze maachen.

Kand zu Schëffleng blesséiert

Um Donneschdegowend (18.50 Auer) ass et zu Schëffleng an der Garer-Strooss zu engem Accident komm. Hei war eng Automobilistin ënnerwee, wéi plëtzlech e Kand an d‘Strooss gelaf ass. Alles goung esou séier, datt et der Automobilistin net méi gelongen ass hiert Gefier mat Zäiten un d‘Stoen ze kréien an de Bouf erfaasst huet. Heibäi huet sech de Krappert uerg um Bee blesséiert, Op der Plaz war de Samu an den Noutdokter huet dat néidegt gemaach, iert dat jonkt affer an d‘Spidol konnt iwwerstallt ginn.

Intelligenz gëtt schwéier iwwerschat

An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg, hunn e puer „Hallefgebackener“ direkt op dräi Parkingen zu Ettelbréck hiert Onwiese gedriwwen. Ganzer siwe Gefierer sinn erhieflech beschiedegt ginn. Dat um Parking „Däichwisen“, „Hôtel de Ville“ a „Marie-Adelaïde“. Déi (nach) onbekannt Vandalen hunn u bal alle Gefierer d‘Fënsteren ageschloen an weider Beschiedegunge begaangen. Aus engem Gefier hu se e Portefeuille matgoe gelooss, an et gouf festgestallt, datt de Versuch ënnerholl gouf, verschidden Autoe „kuerzzeschléissen“. D‘Police vun Dikrech ass mat der Enquête beoptraagt ginn.

Bei Droge kann et keng Toleranz ginn

En Dënschdegnomëtte koum et zu Esch-Uelzecht an der Garer-Avenue zu enger Festnam vun zwee Drogendealer. Déi zwee Kadette konnten op frëscher Dot festgeholl ginn. Wéi si vun de Beamten duerchsicht goufen, hunn d‘Polizisten eng gréisser Zuel u Kokainkugele, eng geréng Quantitéit Haschisch an een zu „Geschäftszwecker“ agesate Smartphone séchergestallt ginn.

De Procureur huet hei net laang missen ofweien. Géint béid Brigangen ass en Haftbefehl erlooss ginn, d‘Drogen, den Handy a wat si soss nach esou bei sech haten ass beschlagnahmt ginn. Déi zwee „Gesellen“ sinn um direkte Wee op Schrasseg gefouert ginn an hate schonn um Mëttwoch eng Entrevue mam Untersuchungsriichter. Fir den Ament sëtzen déi zwee an Untersuchungshaft.

Foto: Henning Westerkamp/Pixabay

Ähnlech Sujeten Accidenter, Drogen, Police, Vandalismus, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel