Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

25 Joer Lëtzebuerger Weltkulturierwen: Konferenz mam Robert Wagner
Neiegkeeten

25 Joer Lëtzebuerger Weltkulturierwen: Konferenz mam Robert Wagner

Zu Puket an Thailand gouf d’Stad Lëtzebuerg mat sengen ale

Chamberwahlen: D‘Analyse vun der CGFP
Neiegkeeten

Chamberwahlen: D‘Analyse vun der CGFP

D‘Wieler hunn entscheet! Hannert eis läit e kuerze Wahlkampf, bei

François Bausch: D’Strooss ass keng Rennstreck!
Neiegkeeten

François Bausch: D’Strooss ass keng Rennstreck!

Um 5. Abrëll 2019 huet den Transportminister François Bausch, a

Police: „Pabeiere wann ech gelift!“

Ab e Méindeg leeft eng nei Sensibiliséierungscampagne un

Police: „Pabeiere wann ech gelift!“

Am Kader vun de Campagnen zur Sécherheet op eise Stroossen, kontrolléiert d‘Police ab dësem Méindeg an dat bis e Sonndeg 20. Januar verstäerkt a geziilt d‘Pabeiere vun allem wat esou op eise Stroossen ënnerwee ass.

Dofir erënnere mir d‘Lieser drun, datt wann ee mat engem Gefier um Verkéier deel hëlt, een verflicht sämtlech benéidegt Pabeiere bei sech ze hunn: de Führerschäin, d‘Assurance, d‘Gro Kaart an d‘Steiervignette. Hunn een se net derbäi, oder feelt dat eent oder anert Dokument, entsti Käschten.

Kee Führerschäin derbäi: 24 Euro; Stagecarnet um Kichendësch leie gelooss: 24 Euro; keng Assurance: 24 Euro, keng Gro Kaart oder Steiervignette: 74 Euro. An dat ass just wat et kascht wann een déi Pabeiere zwar huet, mee net op der Plaz virleeë kann.

Et gëtt eppes méi genee higekuckt

Am Kader vun dëser Campagne, gëtt nach de ganze Januar iwwer, och op eng Rei „aner Detailer“ gekuckt. D‘Nummereschëlder musse Propper, gutt liesbar an dierfen net beschiedegt sinn. Eng gutt Visibilitéit (gesinn a gesi ginn), de Respekt vun Natur an Ëmwelt, esou wéi de „Kaméidi“ gi Kontrolléiert.

De Grond: et ass Wanter, an et gëtt ëmmer Mënschen, déi d‘Gewunnecht hunn den Auto „lafen ze loosse bis et gutt schuckeleg Waarm am Gefier ass“. Dat kascht da séier 49 Euro. Dee selwechte Montant gëtt fälleg, wann d‘Nummereschëlder net gutt ze gesi sinn.

Richteg Geld kascht et, de Fall gesat d‘Fënsteren (déi viischt an déi zu béide Säiten) net Propper sinn, zumindest net genuch fir eng sécher Vue op der Verkéier ze hunn. Hei gi 74 Euro fälleg. Et weess een also elo Bescheed, a mat e puer einfache Gesten, kann ee sech vill Misär erspueren.

Foto: © Police

Ähnlech Sujeten Assurance, Führerschäin, Gro Kaart, Pabeierkontroll, Police, Steiervignette, Verkéierssécherheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel