Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brasilien kritt d‘Finanzhëllef zum Schutz vum Reebësch gestrach
Neiegkeeten

Brasilien kritt d‘Finanzhëllef zum Schutz vum Reebësch gestrach

Et ass de norwegeschen Ëmweltminister Ola Elvestuen deen der brasilianescher

Kaffi an Croissant mam Stater Schäfferot
Neiegkeeten

Kaffi an Croissant mam Stater Schäfferot

Um „City Breakfast“ mat der Mme Polfer (DP), dem Sam

Wéi d‘Belsch den Deconfinement uginn
Neiegkeeten

Wéi d‘Belsch den Deconfinement uginn

No den éischte Mesuren – déi och fir eppes Ramouers

D‘Police passt op datt sech beholl gëtt

D‘Police passt op datt sech beholl gëtt

Fir eis Polizisten ass et den Ament och alles anescht wéi einfach. Hiren Optrag besteet, nieft den üblechen Aufgaben déi eisem Schutz déngen, elo och doranner dofir Suerg ze droen, datt déi vun der Regierung am Kontext vun der Sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, getraffe Moossnamen, vun der Bevëlkerung an de Geschäftsleit agehale ginn. Dat ass net einfach.

Laut der Direktioun vun der Police huet et dës Woch ronn 1,100 Kontrollen an de Geschäfter, der Gastronomie an aneren ëffentleche Plazen am Land ginn. Et gouf selbstverständlech och op eise Stroossen eppes méi streng „nogekuckt“. Eng 200 Protokoller sinn ausgestallt, dorënner och eng Partie därer, déi mat enger Geldstrof verbonne sinn. Wann een et net anescht léiert…

Am grousse Ganzen awer sinn d‘Zankerte ganz zefridden. D‘Leit hätte verstane wat d‘Stonn geschloen huet, a jidderee géif sech esou zimlech op déi nei Gesellschaftsregelen astellen an dës dann och befollegen. Bedauert gëtt dogéint, datt sech nach ëmmer vill ze vill Leit an de Foussgängerzonen, Spillplazen an (aus onverständleche Grënn) Industriezonen ophalen.

Dat wier besonnesch Nuets eng Erausfuerderung an net wierklech déi Zesummenaarbecht, déi der Police elo sollt zougedroe ginn. Och déi „Reuniounen“ déi Leit bei sech doheem veranstalten, sinn net am Sënn vun de wierklech noutwennege Schutzmoossnamen, déi eis operluecht gi sinn. An och hei dierfen d‘Zankerten duerchgräifen. Déi hu kee Spaass dobäi an appelléieren un d‘Vernonft.

Déi eege Gesondheet, déi vun der Famill, de Frënn a Bekannten, sollt eis et wäert, alternativen zum physesche Kontakt als noutwenneg erschénge loossen. A virun allem wier et ugemooss, wann sech d‘Leit hei am Land drop géifen astellen, datt sech d‘Situatioun esou séier net wäert änneren. Mir mussen Zesummenhalt a Solidaritéit beweisen, och mat eise Polizisten. Si sinn net de Géigner…

Illustratioun: © Andrew Gook / unsplash

Ähnlech Sujeten #bleiftdoheem, Coronavirus, Covid19, Kontroll, Police
Nächsten Artikel Virrechten Artikel