What the Fakt – Den Europadag 2019 a wisou mir elo fräi hunn!
De Grand-Duché krut een neie Feierdag bäi, an zwar um
De Grand-Duché krut een neie Feierdag bäi, an zwar um
D’Autorin Juno Dawson erzielt eis am fiktive Jugendbuch „Meat Market“
Et ass gëschter an der Chamber net nëmmen ëm de Rôle vum Chamberspresident, dem Büro a sengem Generalsekretär gaangen, och wann dëse Punkt am Bezuch op den demokratesche Prozess wuel méi Opmierksamkeet wäert erhalen hunn. Och d‘Reform vun der Police ass an der Chamber berode ginn.
Zur Reform vun der Police huet de Minister fir bannenzeg Sécherheet, François Bausch, emol de Punkt zum aktuelle Stand gemaach. Et kënnt ee gutt virun an bis op eng Rei Detailer ass eigentlech alles um gudde Wee. De gréisste Problem bleift weiderhin de Mangel u Beamten an administrative Personal, firwat sech muss iwwerluecht ginn, op een net awer Auslänner sollt rekrutéieren.
Och bei de Büroen, elo Kommissariater ass nach villes ze leeschten. Déi musse modern an ugepasst sinn, firwat de Minister fir bannenzeg Sécherheet do wou et muss sinn, nei Strukture baue wëll. En definitive Bilan vun der Reform kann dann och eréischt zu engem spéideren Zäitpunkt virgeluecht ginn. Eng vun de Prioritéiten elo: Reklamm maache fir d‘Leit bei d‘Police ze kréien…
Dozou géif et och passen, wann an de Schoulen eng Filière „Sécherheet“ géif geschafe ginn, fir datt sech déi Jonk mat de Beruffer (Polizist, kommunalen Agent, Sécherheetsbeamten am Privatsecteur, asw.) kënnen ausenanersetzen. De Léon Gloden (CSV) hat wéineg Reklamatioun awer vill Virschléi an d‘Riedner vun de Koalitiounsparteien hate leider och näischt Nennenswäertes bäizedroen.
Foto: © moien.lu (archiv)