Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Du bass e Bicherwuerm? Beweis et an dësem Quiz!
Neiegkeeten

Du bass e Bicherwuerm? Beweis et an dësem Quiz!

Et gëtt vill iwwert Literatur ze wëssen. A kee kann

Gewerkschaften: Deelaccord am Bankesecteur fonnt
Neiegkeeten

Gewerkschaften: Deelaccord am Bankesecteur fonnt

Während d’Verhandlunge fir en neien a moderne Kollektivvertrag weider ginn, ass d’Optioun

Giel Gileten Akt VIII: ass et nach Protest oder scho Revolutioun?
Neiegkeeten

Giel Gileten Akt VIII: ass et nach Protest oder scho Revolutioun?

Am Frankräich sinn d‘Feierdeeg eriwwer, zumindest fir de Mouvement vun

Nogereecht: Feierlech Diplomiwwerreechung am Kader vun de Selbstbehaaptungskursen

Nogereecht: Feierlech Diplomiwwerreechung am Kader vun de Selbstbehaaptungskursen

Am Dezember sinn 20 Persounen an der Stad ausgezeechent ginn, déi erfollegräich un enger Formatioun am Beräich vun der Selbstbehaaptung deelgeholl hunn, dee vun der Police Lëtzebuerg organiséiert ginn ass.

Déi feierlech Iwwerreechung vun den Diplomer ass an der Präsenz vum Stater Schäffen, Laurent Mosar (CSV) virgeholl hinn. Him war d‘Éier zougestane ginn de Participanten den Diplom an d‘Hand ze drécken. Heibäi gouf de Laurent Mosar vun der Regionaldirectrice-Adjointe Myriam Meyer tatkräfteg ënnerstëtzt.

De Projet „Selbstbehaaptung“ fir Fraen a Männer gëtt vun der Police schonn zanter e puer Joer ugebueden a ka sech net iwwert e Mangel un Zousproch bekloen. An de leschte Joren hunn esou schonn eng 700 Persounen dës Formatioun matgemaach. De Schutz viru Gewalt duerch Selbstbehaaptung ass ee Konzept, dat sech fir potentiell Affer bewäert huet.

De Projet soll elo 2020 nach emol evaluéiert a weiderentwéckelt ginn. Dann 2021 sollen dës Formatiounen nees mat neien Impulser der Bevëlkerung ugebuede ginn. Fir dëst Joer sinn dann awer nach, eppes méi „kuerz“ Formatiounen am Beräich Selbstbehaaptung fir spezifesch Organisatioune geplangt.

Matgedeelt vun der Police Lëtzebuerg, fräi aus dem däitschen Iwwersat vum Lauere Schlesser

Foto: © Police Lëtzebuerg

Ähnlech Sujeten Laurent Mosar, Myriam Meyer, Police, Preventioun, Selbstbehaaptungskursen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel