Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Dëse Video erkläert der, Wéi d’Kuba-Kris entstanen ass
Neiegkeeten

Dëse Video erkläert der, Wéi d’Kuba-Kris entstanen ass

Extra Credits bréngen op hirem Kanal normalerweis Videoen iwwert Videospiller.

USA: Wann ee klengt Meedchen a Retentioun stierft
Neiegkeeten

USA: Wann ee klengt Meedchen a Retentioun stierft

Den Dout vun engem siwejärege Meedchen aus Guatemala, nëmmen e

Fraefussball Saison 2018/19: D‘Damme vum SC Beetebuerg ongedëlleg
Neiegkeeten

Fraefussball Saison 2018/19: D‘Damme vum SC Beetebuerg ongedëlleg

Um haidege Samschdeg fänkt no enger laanger Summerpaus och d‘Championnat

No Bezéiungsdrama: Police sicht no méiglechen Zeien

No Bezéiungsdrama: Police sicht no méiglechen Zeien

Zu Wolz ass et um 2. Januar um 15.10 Auer zu engem tragesche Virfall komm. Hei huet e Mann mat sengem Gefier eng Grupp Foussgänger ugefuer. Wéi et vun de Rettungsdéngschter gemellt gouf, waren heibäi fënnef Persounen deels schwéier blesséiert ginn. D‘Secouristen op der Plaz haten d‘Air Rescue zur Ënnerstëtzung ugefuerdert.

Zwou Dammen déi mat hire klenge Kanner an der Kutsch ënnerwee waren, wieren an der Avenue Groussherzogin Charlotte geziilt vum Automobilist iwwerrannt ginn, en onbedeelegte Mann ass hei als Kollateralschued gläichfalls verletzt ginn. Esouwäit déi éischt Informatiounen zu engem Virfall deen den éischte Moment als „Accident“ ze bewäerte war.

De Parquet vun Dikrech enquêtéiert

En Mëttwochowend huet de Parquet vun Dikrech annoncéiert, datt am Bezuch op den Accident zu Wolz, eng Enquête huet missen opgemaach ginn. Bei dësem Virfall ware fënnef Persounen, dorënner zwee kleng Kanner deels ganz uerg blesséiert ginn. Dat jéngsten Affer, grad emol zwee Joer jonk, sollt seng Verletzungen net iwwerliewen.

Wéi sech erausgestallt huet, handelt sech bei dësem Virfall dann och net ëm en „Accident“. Wéi de Parquet matgedeelt huet, géif et sech hei ëm e Bezéiungsdrama handelen. De 47 järege Chauffer hätt bewosst seng Fra iwwerrenne wëllen, woubäi hien sech um Dout vum eegene Kand ze veräntwerten huet.

Police

E Gefier als Waff anzesetzen, ass zu Lëtzebuerg net „üblech“. An engem éischten Ament war en terroristeschen Hannergrond als Méiglechkeet berécksiichtegt ginn. D‘Polizisten hunn dunn awer misse Feststellen, datt et sech bei dëser Dot, héchstwahrscheinlech, ëm e Bezéiungsdrama handelt. De Chauffer vum Gefier gëtt haut vum Untersuchungsriichter befrot. © Police

De Mann ass festgeholl ginn, a gëtt haut dem Untersuchungsriichter zu Dikrech virgefouert. Deen ass beoptraagt ginn eng Untersuchung fir Mord, a versichte Mord anzeleeden. De Buergermeeschter vu Wolz, Fränk Arndt (LSAP), dee sech op der Plaz informéiert huet, kënnt es net zou sech, datt e Mënsch wéinst engem Familljesträit esou eng Dot begoe kann.

Foto: Net wäit ewech vum Wolzer Spidol, huet e 47 Joer ale Lëtzebuerger, dee sech mat senger Liewensgefäertin net méi verdroen huet, dat ondenkbart gemaach. Hien ass am Nomëtteg vum 2. Januar absichtlech mam Auto a si gerannt. De Mann huet heibäi a Kaf geholl, datt onbedeelegt Persounen a virun allem Kanner zu Schued komme konnten. Beim Virfall huet dëse Personnage dat gemeinsamt Kand zu Dout gefuer. © Police

Ähnlech Sujeten Accident, Bezéiungsdrama, Fränk Arndt, Police, Wolz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel