Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
De Konsumenteschutz nach ëmmer mat de Banken an der Post onzefridden
International Stories

De Konsumenteschutz nach ëmmer mat de Banken an der Post onzefridden

Bei der Auditioun vum 25. Oktober haten déi verantwortlech vum

Ankara iwwerleet sech eng Äntwert op d‘US-Sanktiounen
International Stories

Ankara iwwerleet sech eng Äntwert op d‘US-Sanktiounen

Nodeems Washington géint zwee tierkesch Minister Sanktiounen imposéiert huet –

Viru 50 Joer: Sowjetesch Offensiv géint d‘Prager Fréijoer
International Stories

Viru 50 Joer: Sowjetesch Offensiv géint d‘Prager Fréijoer

Den Dram vun engem „Sozialismus mat mënschlechem Gesiicht“ dee vu

Police, Smartphone a Privatsphär: e kontestéierte Cocktail an den USA

Police, Smartphone a Privatsphär: e kontestéierte Cocktail an den USA

Wouhinner geet een, wien gesäit een, wat mécht een? D‘Äntwerten op dës essentiell Froe sinn an eise Smartphonen, vu wou aus se de Police séier zougänglech sinn. Haut ënnersicht den ieweschte Geriichtshaff an den USA, a wéi enger Mesure dat d‘Privatsphär bedréit.

Et ass dat dann och eng vun de wichtegsten Affären aus dem Beräich „ëffentlech Fräiheet“ déi am Laf vun enger Generatioun virum héchsten US-Geriicht verhandelt gëtt. D‘Entscheedung déi hei getraff gëtt, huet mat grousser Wahrscheinlechkeet wäitreechend Konsequenze fir déi amerikanesch Gesellschaft.

Am Fong, geet hei drëms de Kader vum 4. Amendement vun der Verfassung nei ze definéieren, deen am 18. Joerhonnert ratifizéiert ginn ass. Dësen Amendement schützt all US-Bierger virun dem Agrëff an d‘Privatliewen, ouni süffisante Verdachtsmoment.

Méi verständlech ausgedréckt: et geet drëms „de Niveau vun der Intimitéit ze erhalen, deen et virum numereschen Zäitalter ginn huet, virun der Entwécklung vun neien Iwwerwaachungstechnologien an neie Forme vun Donnéeën, op déi d‘Police liicht zougräife kann“, esou de Nathan Wessler, den Affekot deen hannert dësem Dossier stécht.

Et war emol ee Klengkriminellen…

De Grond firwat den „Dossier“ beim ieweschte Geriichtshaff gelant ass, féiert zréck op eng Affär déi zur Veruerteelung vun engem Klengkriminellen aus der Géigend vun Detroit, den Timothy Carpenter, gefouert huet. Dee war, an dat ass d‘Ironie vun der Geschicht, condamnéiert gi fir Déifställ vun… Smartphonen.

Fir d‘Beweegunge vum Beschëllegten ze retracéieren, hunn sech d‘Polizisten der Geolokalisatioun vu sengem Smartphone bedéngt, a ganzer 127 Deeg „zeréckverfollegt. Am ganzen hunn si den Timothy Carpenter 12.898 mol „lokaliséiert“, unhand vun den Donnéeën déi säi „Provider“ der Police iwwerginn huet.

Fir UCLA, der amerikanescher Unioun fir zivil Fräiheet, ass esou eng „Iwwerpréiwung“ an der Zäit an am Raum, ouni Mandat vun engem Riichter, net mat de Rechter déi d‘Verfassung all Bierger garantéiert, vereenbar.

De Prinzip vum Recht op Privatsphär ass, esou d‘ACLU, vun alle Säite bedréit. Dat net nëmmen duerch d‘Smartphonen, mee och duerch d‘Kaarte fir den ëffentlechen Transport, den automatesche Peage, déi medezinesch online Dossieren…

En oppent Buch

„Déi allgemeng Vernetzung vun allen Apparaten: Aueren, Haushaltsapparaten, Smartphonen, Televisiounen – an eisem Argumentaire nenne mir esouguer déi vernetzte Vibratoren – all déi Saache stockéieren Daten an der Cloud, am Nummn vun Entreprisen iwwert déi mir keng Kontroll hunn“, esou den Nathan Wessler.

Datt elo d‘Trump-Regierung behaapt, den Timothy Carpenter hätt gewosst op wat hien sech aléisst, an dat d‘Aktivatioun vun der Geolokalisatioun duerch d‘Telefonsantennen net op den Inhalt vu senge Gespréicher schléisse géif loossen, kann een net als Argument gëlle loossen.

Esou een „Depistage“ deen zudeem ëmmer méi prezis gëtt, op der Basis vum der technologescher Entwécklung, erlaabt e Mënsch ze liesen, wéi en oppent Buch. Verschidde Sonndeger huet den Timothy ugeruff, oder ass ugeruff ginn, bei enger Kierch. „Also“, esou d‘ACLU, „war hien zu dësem Zäitpunkt am gaangen ze bieden“. Zudeem géife d‘Relevéeën doriwwer informéieren, wéini hien doheem, oder net geschlof huet.

Den Asaz vum Debat virun de néng Stage vum ieweschte Geriichtshaff ass ëm esou méi héich, datt och ganz prominent Amerikaner ganz offiziell d‘ACLU bei hirer Demarche ënnerstëtzen. Op dëser Lëscht fënnt een renomméiert Universitaire, grouss Nimm aus dem Secteur vun de neien Technologien (Apple, Facebook, Twitter, Google, esouguer Microsoft). Erstaunlech zudeem, datt och Organisatiounen, déi éischter konservatistesch gepräägt sinn, sech hannert d‘ACLU stellen.

Am Tirang

„Den technologesche Fortschrëtt implizéiert, datt déi Informatiounen, déi ee fréier am Tirang vu sengem Büro versuergt huet, elo an den Hänn vun Drëtte sinn“, resuméiert de Greg Nojeim, vum Zenter fir Demokratie an Technologie. Fir Zougang zum Tirang ze kréien „mussen d‘Autoritéiten e Mandat bei engem Riichter erwierken, an do beweisen datt eng Infraktioun virläit“.

Op s‘Riichter dem Argument, deen d‘Autoritéite virleeën;: „den Imperativ vun der Enquête“, Rechnung droen, datt ass hei déi alles entscheedend Fro.

Bis viru kuerzem, hunn d‘Polizisten nach missen d‘Brigangen „iwwerwaachen“. „Se hu se missen observéieren, hinnen nogoen, geleeëntlech oflauschteren, hire Kapp missen asetzen“, esou de Nathan Wessler. An dat huet si net dru gehënnert erfollegräich ze sinn. Ouni ze wësse wat de Verdächtege 24 op 24 esou gemaach huet, oder wou deen d‘Nuecht verbruecht huet.

2012 hat den ieweschte Geriichtshaff den GPS Asaz un engem Gefier verbueden, ouni dofir e Mandat ze hunn. Zwee Joer duerno, haten déi iewescht Riichter de Polizisten operluecht, e Mandat ze hunn, fir den Inhalt vun engem Smartphone ze consultéieren, vun enger Persoun déi verhaft gi war.

Bis Enn Juni 2018, sollte mer da wëssen, op e Mandat vun engem Riichter noutwenneg ass, fir an déi numeresch Intimitéit vum vernetzten Amerikaner anzetauchen.

mam Sébastien Blanc/AFP

Ähnlech Sujeten ACLU, Privatsphär, Smartphone, US Geriichtshaff
Nächsten Artikel Virrechten Artikel