Search

You may also like

Ass däi Lëtzebuergesch fit genuch fir dësen Test?
International Neiegkeeten

Ass däi Lëtzebuergesch fit genuch fir dësen Test?

[onionbuzz quiz-id=162][/onionbuzz] Wéi all Woch presentéiere mer iech och dës

Chamberwahlen: Eng verhale Campagne?
International Neiegkeeten

Chamberwahlen: Eng verhale Campagne?

Wann ee bedenkt datt dës Campagne séier wéineg Interessi erwächt

D’Begriefnis vum Groussherzog Jean: Een emotionalen Ofschid vun engem Mënsch, mat groussem Häerz!
International Neiegkeeten

D’Begriefnis vum Groussherzog Jean: Een emotionalen Ofschid vun engem Mënsch, mat groussem Häerz!

Um haitege Moien huet d’Zeremonie vum Begriefnis vu S.A.R. dem

Police vu Rotterdam entdeckt Migranten am Killcontainer

Police vu Rotterdam entdeckt Migranten am Killcontainer

An engem Killcontainer op enger dänescher Fähr huet déi Rotterdamer Police gëschter am Nomëtte 25 Migranten opfonnt. D‘Schëff war vu Vlaardingen ënnerwee a Richtung Groussbritannien an huet missen ëmdréinen.

Wéi et säitens den Autoritéiten heescht, huet sech de Killcontainer op engem Camion befonnt a war ageschalt. De Camion ass confisquéiert an de Chauffer verhaft ginn. Op dësen eppes vu senger mënschlecher Fracht gewosst huet, ass zur Stonn nach net gewosst. E Spriecher vun der Reederei DFDS huet bestätegt, datt d‘Migranten nom Retour an den hollänneschen Hafe verhaft goufen.

RotterdamDéi Rotterdamer Police huet matgedeelt, datt 23 Migranten – nodeems si medezinesch ënnersicht goufen – an engem Kommissariat an den Arrest gesat goufen, zwou Persoune wieren zur Behandlung an e Spidol iwwerstallt ginn. Viru 14 Deeg haten déi griichesch Poliziste bei Xanthi, 40 Migrante bei enger Routinekontroll aus engem Killcamion „befreit“. Och zu Nice hat d‘Police 30 Pakistaner bei enger Kontroll onwäit der italienescher Grenz aus engem Camion gezunn.

Nodeems am Oktober an engem Killcamion ëstlech vu London 39 Läichen opfonnt goufen, gesäit et aus, wéi wa méi konsequent kontrolléiert géif ginn. Den Dout vun dëse Migranten aus dem Vietnam hat fir vill Opreegung gesuergt. All Joer ginn dausenden illegal Awanderer, virzuchsweis per Camion, mee och mat Booter, a Groussbritannien „ageschleist“.

mat indymedia/rot

Foto (zur Illustratioun) – © DFDS Rotterdam

Related topics Killcontainer, Migratioun, Politi, Schleiser, Vulcaanhaven Rotterdam
Next post Previous post