Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

City Breakfast: Wanter, Mobilitéit a virtuell Realitéit
https://moien.lu/conservative-dating/

City Breakfast: Wanter, Mobilitéit a virtuell Realitéit

Beim Kaffi um Mëttwochmueren, war et eng gutt gelaunte Buergermeeschtesch,

https://moien.lu/help-with-writing-online-dating-profile/
https://moien.lu/conservative-dating/

online dating 3 dates

Et huet een esou villes vum Donald Trump kritt: d‘Unerkennung

money
Erfollegräich Wirtschafts- a Staatsvisite zu Dubai
https://moien.lu/conservative-dating/

Erfollegräich Wirtschafts- a Staatsvisite zu Dubai

Dräi Deeg Zäit an helle Wull un Entrevuen hunn der

Police: Wat op eise Stroossen esou lass war

Police: Wat op eise Stroossen esou lass war

Et war nees en ustrengenden Donneschdeg fir eis Polizisten. Si hate mat engem schwéieren Accident ze dinn, fir deem seng Opklärung no Zeie gesicht gëtt. Op wou Plazen huet d‘Police dann och nach Führerschäin agezunn. Mee elo emol alles der Rei no…

Déidlecht Accident op der N12

Op der Streck tëscht Ëlwen an Drénkelt ass et um spéiden Owend géint 22.45 Auer zu engem trageschen Accident komm. E Gefier mat véier Persounen u Bord, dat aus Richtung Ëlwen komm ass, war an enger liichter Lénkskéier an de Stroossegruef geroden, an ass frontal géint e Bam gerannt. Dobäi goufen de Bäifuerer an d‘Persounen hannen am Auto liewensgeféierlech blesséiert.

Déi 20 Joer jonk Fra déi den Auto gesteiert huet, ass nach op der Plaz verstuerwen. Virun Uert waren de SAMU vun Ettelbréck a Kierchbierg. Si goufe vun dräi Ambulanzen (eng vun Housen an zwou vun Ëlwen) ënnerstëtzt. Och de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police waren oop der Plaz, si mussen de Virgank ënnersichen. D‘Strooss war Stonnelaang a béid Richtunge gespaart.

Police

Et war kee schéint Bild datt sech de Beamte vun der Police an de Rettungsdéngschter op der Plaz vum Accident gebueden huet. E Mënsch huet dëse mat sengem Liewe bezuelt. Zur Opklärung vun dësem schreckleche Virfall, sicht d‘Police no Zeien an engem Auto, © Police

En Awunner huet de „Knuppert“ deen duerch d‘Accident ausgeléist héieren a konnt e Gefier erkennen, dat a Richtung Drénkelt weidergefuer ass. Et besteet deemno d‘Méiglechkeet datt de Chauffer vun dësem Auto zur Klärung vum Virfall bäidroe kann. Beim Gefier handelt et sech ëm e sëlwere bis wäisse Klengwon. De Chauffer gëtt gebieden sech ze mellen.

Ze déif an d‘Glas gekuckt

An der Stad huet sech um 22.15 Auer en Zeie bei de Police gemellt, deen e Chauffer mat enger „droleger Fuerweis“ gesinn hat. Nodeems dësen op enger Kräizung ofgebéit war, huet den Zeien en zolitte Knuppert héieren. D‘Police ass kuerz drop an der Pierre Hentges Strooss op en accidentéiert Gefier gestouss. De Chauffer war, nodeems hie vum Boulevard de la Fraternité an d‘Pierre Hentges Strooss ofgebéit war, an een ofgestallten Auto gerannt.

U béide Gefierer war en erhiefleche Schued entstanen. De Mann deen d‘Accident erbäigefouert ass dobäi liicht blesséiert ginn. Hie war allerdéngs och därmoossen alkoholiséiert, datt et him schwéier gefall ass sech op de Been ze halen. E Führerschäin hat de Mann net derbäi, an eng Kontroll huet erginn, datt géint hien en ageschränkt Fuerverbuet (bis 2031) besteet.

Well de Mann blesséiert war, ass hien an d‘Spidol gefouert ginn, wou hien sech engem Alkoholtest widdersat huet. De Procureur huet missen ugeruff ginn, an deen huet ugeuerdent, datt den Auto – oder dat wat nach dovunner iwwreg war – beschlagnahmt gëtt an e weidert Fuerverbuet verhaange ginn ass. Domatter hätt et kënne gedoe sinn, mee de Mann huet sech am Spidol därmoossen de Batti gestallt, datt d‘Polizisten um 2 Auer sech nach emol senger Persoun hu missen unhuelen.

De Mann, deen net grad zaart mam Spidolspersonal ëmgesprongen ass, huet sech och wéi d‘Police op der Plaz war net an d‘Gitt kritt. Well seng Sënner duerch den Alkoholkonsum „gestéiert“ waren, an de Mann partout net ze „berouege“ war, ass de Polizisten net vill anescht iwwreg bliwwen, wéi hie matzehuelen. Bis hien nees niichter ginn ass, war de Mann am Passagearrest ënnerbruecht ginn.

Hie war „schlecht“… ganz „schlecht“

Eppes méi fréi am Owend war zu Recken-op-der-Mess eng Camionnette gemellt ginn, déi mat engem geplatzte Pneu an „Zickzack-méisseg“ ënnerwee war. Eng Patrull konnt d‘Gefier am Kreesverkéier Dippech untreffen. Vir lénks um Gefier, war de Pneu därmoossen zerstéiert, datt dësen sech net méi un der Felg festgehale krut. De Chauffer huet et awer net weider gestéiert, datt d‘Fonken nëmmen esou duerch Géigend geflu sinn, an huet säi Wee fortgesat.

Och wéi d‘Beamten d‘Blo-Luucht an d‘Siren ugemaach hunn, huet de Mann hannert dem Steier keng Reaktioun gewisen. D‘Police huet versicht dem Chauffeur verständlech ze maachen endlech stoen ze bleiwen, mee ouni Erfolleg. Dunn hunn d‘Beamten de Won gezwonge stoen ze bleiwen.

Dem Mann, dee fierchterlech no Alkohol gericht huet, war net opgefall op der Felg ënnerwee ze sinn, an hie war doriwwer eraus iwwerzeegt, datt den „Uerder stoen ze bleiwen“ en anert Gefier gemengt huet. Nom Alkoholtest – deen erwaart positiv ausgefall ass – huet missen e Fuerverbuet ausgeschwat ginn, an de Führerschäin hunn d‘Polizisten dann och direkt matgeholl.

Foto: Beim frontalen Zesummestouss mam Bam, huet eng jonk Fra hiert Liewe verluer. Déi dräi weider Passagéier vum Auto goufe schwéier blesséiert. © Police

Ähnlech Sujeten Accident, Alkohol, Dout, Führerschäin, Police, SAMU, Spidol
Nächsten Artikel Virrechten Artikel