Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Minister Henri Kox op Besuch bei der Police
Fail International Neiegkeeten

De Minister Henri Kox op Besuch bei der Police

Leschte Freideg war dee fir d‘Bannesécherheet delegéierte Minister Henri Kox

OPGEPASST: Net gekennzeechent Mëllech am Smoothie vun Delhaize!
Fail International Neiegkeeten

OPGEPASST: Net gekennzeechent Mëllech am Smoothie vun Delhaize!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer datt de Produit

En Job bei enger EU-Institutioun mat enger Pai ënnert Mindestloun
Fail International Neiegkeeten

En Job bei enger EU-Institutioun mat enger Pai ënnert Mindestloun

Vill Leit sinn iwwerzeegt, datt eng Aarbechtsplaz bei enger vun

dislike

Nazi-Verherrlechung, Schosswaffen an e Rakéitewerfer: Police gräift géint Hells Angels duerch

Nazi-Verherrlechung, Schosswaffen an e Rakéitewerfer: Police gräift géint Hells Angels duerch

Déi belsch Polizisten hunn um Mëttwoch e gréissere Schlag géint dat organiséiert Verbriechen gemaach. E Rakéitewerfer, eng ronn 50 weider Schosswaffen a „Material“, mat deem dat 3. Räich verherrlecht gëtt, konnt bei dëser Operatioun sécher gestallt ginn.

Zil vun der Operatioun waren d‘Rocker vun den Hells Angels am Norde vum Land. Vun den 12 Persounen, déi op der Plaz festgeholl goufen, sinn fënnef um Mëttwoch an Haft gesat ginn. Esou d‘Informatioun vum Parquet, deen en Donneschdeg säi Communiqué un d‘Press ginn huet.

Dräi Verdächteger sinn nees op fräie Fouss gesat ginn, an den Untersuchungsriichter, dee mat der Enquête beoptraagt ginn ass, soll nach iwwer véier weider presuméiert Täter entscheeden. Iwwert d‘Identitéit vun de Betraffenen ass awer näischt gewosst.

18 Perquisitiounen

Um Dënschdegowend waren 18 Perquisitioune vun der Police aus der Provënz Limburg duerchgefouert ginn. Dat op Uerder vum Untersuchungsriichter aus der flämeschsproocheger Provënz. Bal all déi Plaze, wou duerchsicht gi sinn, leien an der Provënz Limburg, a ginn als Treffpunkt vun den Hells Angels oder hiren „Chapter“ ugesinn.

D‘Spriecherin vum Parquet, Wenke Roggen, betount, datt „et der Lag vun der Provënz, déi direkt un der Grenz zu Holland ze fannen ass, geschëlt ass, datt de Limburg fir esou Banden attraktiv ass“.

„Déi kriminell Rockerbanden, déi am Ausland verbuede sinn, oder ënner Drock geroden, sichen sech an der Provënz Limburg eng nei Operatiounsbasis“, esou d‘Wenke Roggen mam engem Bléck op déi repressiv Politik vun den Hollänner géint d‘Rockerbanden.

Den éiwege Bandekrich

Nach am Dezember hat déi hollännesch Justiz d‘Bandidos – e Rocker-Clan deen an de 60er Joren an den USA gegrënnt ginn, an erkläerte Feind vun de Hells Angels ass – um ganzen Territoire verbueden. A wéi d‘Bandidos kréien d‘Hells Angels a verschiddenen europäesche Länner virgeworf, Gewalt ze verherrlechen an eng kriminell Vereenegung ze sinn.

Am Kader vun dësem Dossier, deen zu Tongeren instruéiert gëtt, an deen d‘Perquisitioune motivéiert huet, huet den Untersuchungsriichter sech op eng ganz Rei Fakte beruff, preziséiert d‘Spriecherin géintiwwer de Kollege vun der RTBF.

Et geet ëm gravéierend Verstéiss: Erpressung, Drogen, illegale Waffebesëtz, Zougehéieregkeet bei enger krimineller Vereenegung, Déifstall, Prostitutioun, d‘féiere vun Etablissementer, Menacen, Brandstëftung a villes méi.

Bei de Perquisitioune sinn nieft den ernimmte Waffen, Pefferspray (800 Kartuschen), Haschisch och nach 10.000 Euro saiséiert ginn, esou d‘Agence Belga. Et sinn och Kugelschutzvesten, Logoe vun der Police a wéi gesot, vill Nazi-Material fonnt ginn. Wéi eng Konsequenzen datt fir d‘Hells Angels kann hunn ass net gewosst, vun engem „Verbuet“ war nach net rieds.

mat AFP

Archivbild: © Janek Skarpzynski/AFP

Ähnlech Sujeten Bandidos, Drogen, Hells Angels, Kriminalitéit, Rocker, Waffen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel