Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Realisateur Milos Forman ass verstuerwen
Neiegkeeten

De Realisateur Milos Forman ass verstuerwen

E Samschdeg ass de amerikanesch-tschechesche Realisateur Milos Forman am Alter

What the Fakt – De skandinavesche Feierdag Knut
Neiegkeeten

What the Fakt – De skandinavesche Feierdag Knut

Wien kennt d’Reklamm vun IKEA net, wou d’Chrëschtbeemercher aus der

Däitschland: Rose Bierger bedreiwe Merkel „bashing“
Neiegkeeten

Däitschland: Rose Bierger bedreiwe Merkel „bashing“

Wann d’Angela Merkel als grouss Favoritin an d’Bundestagswahle geet, esou

Policebericht: Dat üblecht? Leider net ganz…

Policebericht: Dat üblecht? Leider net ganz…

Et war iwwert de Weekend nees eppes weider Ustrengend fir eis Polizisten. Zum üblechen, also de Verkéiersverstéiss an Abréch, koum et dann och nach zu Handgräiflechkeeten, déi esou net sollten onbestrooft bleiwen.

Gewalt géint Zuchpersonal

Hei alt nees e Beispill dofir, datt och ons Gesellschaft sech verännert, a sech enger ëmmer gréisserer Gewaltbereetschaft muss stellen. Esou koum et an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg zu Éiter op der Gar zu enger Tätlechkeet géint en CFL-Zuchbegleeder an -Zuchféierer. Hannergrond: wéi den Zuch vu Waasserbëlleg a Richtung Stad zu Éiter an d‘Gar agelaf ass, huet de Schaffner Leit op de Gleiser gesinn. Dësen huet d‘Leit opgefuerdert dat zur eegener Sécherheet sinn ze loossen.

Eng Zéng domm a geféierlech Teenager (tëscht 16 an 18 Joer) hunn, esou d‘Fakten, d‘Interventioun vum Zuchbegleeder als en Affront betruecht, sinn op de Mann lass gerannt an hunn dëse Grondlos zesummegeschloen. Den Zuchféierer huet wuel säi bescht gemaach fir dem Kolleg zu Hëllef ze kommen, firwat och hien der fatzeger op d‘Bake kritt huet. Bilan: déi zwee CFL-Mataarbechter hu mat der Ambulanz missen an d‘Spidol gefouert ginn, fir hir Blessure behandelt ze kréien.

Säitens der CFL-Direktioun, wou de Schock nach déif sëtzt, gëtt dës gratis an hannerlëschteg Dot schaarf veruerteelt. D‘CFL ass veriergert iwwert de Fait, datt den Zuchbegleeder, deen nëmme fir aus Sécherheetsgrënn dës jonk Mënsche vun de Schinnen erof wollt hunn, därmoossen hefteg a Brutal ugegraff ginn. Si huet Plainte deposéiert a verséchert den Agenten an hire Familljen all noutwenneg Ënnerstëtzung zou.

Iwwerfall an ausgeraibert

Kuerz virun 23 Auer e Samschdeg sinn dunn och nach zwee Männer an der Avenue Monterey (Stad Lëtzebuerg) iwwerfall an ausgeraibert ginn. D‘Brigangen hu sech uschléissend ze Fouss a Richtung Boulevard Prince Henri duerch d‘Bascht gemaach. Si sollten net all ze wäit kommen, well eng direkt ageleete Sich konnt sech véier Verdächtegen ermächtegen, déi am Besëtz vun den geklaute Saache waren. Déi ass hinnen ofgeknäppt ginn an d‘Besëtzer hunn hir Saachen zréckritt.

Gewalt gouf et leider och zu Miersch

Um fréie Sonndegmueren (2.30 Auer) ass et an der Areler Strooss zu Miersch zu enger gréisserer Ausenanersetzung tëscht méi Persoune komm. Bei dësem Tëschefall ass eng Persoun duerch méi Messerstéch blesséiert ginn. D‘Affer war relativ schwéier verletzt an konnt eréischt nom Asaz vum Noutdokter an d‘Spidol iwwerfouert ginn, wou en dann och noutoperéiert ginn ass.

Täter an Zeien si bei esou Virfäll oftmools schwéier ze ermëttelen a virun allem déi genannten, sinn éischter „Schei“ wann et drëms geet sech ze veräntwerten. Heibäi ass dann awer och éischter d‘Hoffnung net erwëscht ginn, déi een undreift. Pech dat eis Polizisten och eng drop hunn an hir ageleete Sich sech als erfollegräich bewisen huet.

Esou konnt an Nomëtteg e méigleche Kompliz, deen och Schnëttwonnen opgewisen huet, ermëttelt ginn. De viraussiichtlech tatsächlechen Täter, huet sech e Sonndegmëtte fräiwëlleg op engem Kommissariat an der Stad gestallt. De Procureur huet déi zwou Gestalte verhafte gelooss, déi um haidege Méindeg dem Untersuchungsriichter hir Motivatioun zur Dot erklären dierfen.

War nach eppes? Ah jo Führerschäi wann ech gelift

Zu Konstem ass et de 17. Mäerz um 2.35 Auer zu engem Accident komm, wéi eng Persoun vun engem Gefier (méiglecherweis e schwaarze Seat Leon) am Millewee, op der Héicht vum Kulturzentrum ugestouss ginn. Heibäi ass eng Persoun verletzt ginn, déi am Spidol awer zum Gléck nëmmen ambulant huet misse behandelt ginn. De Chauffer war net stoe bliwwen an elo muss d‘Police wéinst Fahrerflucht ermëttelen. Wien heizou eppes bäidroe kann, soll sech w.e.g. mellen.

Um 4.30 hunn d‘Polizisten zu Ettelbréck en Automobilist kontrolléiert, a miss feststellen, datt de Mann hannert dem Steier nawell gesond eng am Diwwi hat. Duebel schlecht fir de Chauffer: hien huet eng ageschränkten Erlaabnes fir mam Auto ze fueren, wat hien an dësem Fall mëssuecht huet. Déi logesch Suitte: Auto beschlagnahmt a Protokoll geschriwwen. Esou ass et dann am Verlaf vun der Nuecht nach zweemol wéinst Alkohol (ënner 1,2 Promill) zu Protokoller komm. Dat zu Dikrech an zu Esch-Uelzecht.

E Sonndeg am Owend waren d‘Polizisten op der N6 ënnerwee, wéi hinne géint 19.30 Auer eng Camionnette opgefall ass déi d‘Riicht net méi behalen huet. D‘Gefier ass ugehale ginn a bei der Kontroll huet sech de Verdacht op iwwerdriwwenen Alkoholkonsum bestätegt. De Mann aus dem noen Ausland huet ugi säi Führerschäin doheem vergiess ze hunn, firwat eis Beamte bei hire Kollegen an der Belsch nogefrot hunn, op de Mann esou eppes huet. Hat hien, well him de Bong rezent entzu ginn ass. Och hei ass e Protokoll erstallt ginn…

Kuerz viru Mëtternuecht ass et dann zu Schëffleng an der Escher Strooss bei enger rouder Luucht zu enger droleger Aktioun komm. D‘Luucht war rout an de Policeauto stoung do drop ze waarden datt et dann nees sollt gréng ginn. Déi zwee Beamten hunn dann och net schlecht gestaunt, wéi op eemol e Gefier op hirer lénker Säit „laanschtgeflu“ koum. Bestëmmten Opfuerderunge loossen och eis Polizisten net onbeäntwert, a si hunn de Pilot verfollegt. De Mann konnt kuerz drop ugehale ginn, an och hei vill Alkohol am Spill, dobäi och nach Drogen. Dat dierft richteg deier ginn…

Ähnlech Sujeten Alkohol, CFL, Drogen, Fahrerflucht, Kläpperei, Police, Tätlechkeet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel