Search

You may also like

Aluedung zur 6er Editioun vum Salon Hifi & Homecinéma
International Neiegkeeten

Aluedung zur 6er Editioun vum Salon Hifi & Homecinéma

Et ass een eenzegaartegt Event an der Groussregioun. Hei kritt

money
Lëtzebuerger Zentralbank leet Joresbericht vir
International Neiegkeeten

Lëtzebuerger Zentralbank leet Joresbericht vir

Wann dëst Resultat géintiwwer 2018 ëm 9% erofgaangen ass, esou

Den Albert Wildgen verléisst de groussherzoglechen Haff
International Neiegkeeten

Den Albert Wildgen verléisst de groussherzoglechen Haff

No 12 Joer guddem an treiem Déngscht géigeniwwer dem groussherzoglechen

Policegewalt géint PoC an den USA

Mat engem zimmlech erschreckende Virfall zu Kenosha (WI) kënnt de Beweis: Si verstinn et net!

Policegewalt géint PoC an den USA

Dräi Méint no der Ermordung vum George Floyd zu Minneapolis (MN) schéngt et d‘Staatsgewalt nach ëmmer net esou wierklech verstanen ze hunn: onnéideg an disproportionéiert Uwennung vun der Gewalt an/oder dem Asaz vu Feierwaffe sinn de falsche Wee. An awer ass nees geschoss ginn, an dat virun de Ae vun de Kanner vum Affer…

Am Video ass ze erkennen, wéi mindestens 3 Poliziste versichen de Jakob Blake ze verhaften. Déi waren op d‘Plaz, wéinst engem „haisleche Virfall“ geruff ginn. Firwat sech d‘Affer „lassgerappt“ an d‘Dier vum Auto – an deem seng dräi Kanner gesiess sinn – opgemaach huet, wäert ee wuel net méi gewuer ginn. Geséchert ass, datt de Polizist dem Mann siwe mol an de Réck geschoss huet.

Fir de Jakob Blake heescht et elo op der Intensivstatioun ëm d‘Liewe kämpfen, vum Trauma dee seng Kanner am Alter vun dräi, fënnef an aacht Joer net ze schwätzen. Laut dem Affekot vun der Famill, Ben Crump – deen och schon d‘Famill vum George Floyd vertrëtt – wier d‘Affer op der Plaz gewiescht fir ee Sträit ze schlichten, wéi d‘Polizisten d‘Waffen op hie geriicht hunn.

PolicegewaltEt wier an engem éischte Moment mat engem Taser op de Jakob Blake geschoss ginn, firwat dann d‘Kanner am Auto ugefaangen hätte Kreesch ze doen. D‘Affer wollt dunn no de Kanner kucken, esou de Ben Crump, an heibäi wier zum onverständlechen, wëll erwisenermoossen net ubruechte Schosswaffegebrauch komm. D‘Beamten, esou de leschte Stand, wieren an der Tëscht suspendéiert.

Vill ze fäerten hunn d‘Beamten net. Hannert hinne sti staark Gewerkschaften a generell ass et éischter seelen, datt och wann zu enger Geriichtsverhandlung kënnt, et zu den Ëmstänn ugemoosse Strofe kënnt. Et ass jo eng „Jury“ déi dat lescht Wuert huet, an déi ass an Amerika an de meeschte Fäll nëmme mat wäisse Bierger besat. De Justizminister William Barr, gesäit de Problem och net.

Et ass natierlech an der Folleg zu dësem schänterleche Virfall nees a ville Stied zu neie Protester komm. Zu Kenosha ass de Protest dann och ausgeaart an et sinn Gefierer a Brand gestach ginn, wéi et och ze Zesummestéiss mat der Police komm ass. De Gouverneur vu Wisconsin, Tony Evers, huet d‘Nationalgard op d‘Plaz geschéckt, an sech an enger Pressekonferenz erkläert.

Mat enger Pistoul, Kaliber .45, engem Mann siwe mol an de Réck ze schéissen, ass eng Leeschtung déi engem och a Bezuch op d‘Ausbildung vun de Polizisten ze denke gëtt. Datt déi op der Plaz am Asaz befëndlech Polizisten „wäisser“ sinn, hëlleft deem ganzen dann elo och net wierklech. Den Donald Trump huet sech awer bis ewell erstaunlech zréckgehale, am Géigesaz zu seng Fans…

mat indymedia/mad

Related topics BLM, Kenosha, PoC, Policegewalt, Protest, USA, Wisconsin
Next post Previous post