Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Grenzgänger mat neier Fiskalitéit konfrontéiert
dating a pisces boy

u series dating of paleolithic art

Mat der Steierreform ännert sech net nëmme villes fir de

https://moien.lu/free-disability-dating-sites-australia/
dating a pisces boy

10 tips on dating a korean girl

Eigentlech war den 10. Mäerz als Datum fir d‘Schëfflenger Kavalkad

100 Joer Hiewane-Verband Lëtzebuerg: Et bléist e frësche Wand
dating a pisces boy

100 Joer Hiewane-Verband Lëtzebuerg: Et bléist e frësche Wand

Den 8. Februar huet den Hiewane-Verband Lëtzebuerg (ALSF) säi ronne

D’Policegewerkschaft net vun der Reform iwwerzeegt

D’Policegewerkschaft net vun der Reform iwwerzeegt

D’Gesetz vun der Policereform, dat bis ewell op all politeschem Rendez-vous éischter gelueft ginn ass, fënnt bei der Policegewerkschaft (SNPGL) net deeselwechten Zousproch. Am Kloertext: „Et wier grousse Schissi!“ esou d’Gewerkschaft déi net gewëllt ass sech alles gefalen ze loossen. En Affekot wier och scho mam Dossier beoptraagt ginn.

D’Policegewerkschaft vertrëtt 95% vun de Beamten an schéngt schwéier rosen. Dat engersäits well hinnen net nogelauschtert gi wier. Beim Volet deen den disziplinaresche Statut behandelt, wiere se net emol gehéiert ginn. De Gewerkschaftspresident Pascal Ricquier huet et awer och soss déck um Häerzen. D’Gesetz zu der Reform vun der Police wier also eng grouss Sauerei.

Ganz Konkret bedauert d’Gewerkschaft, datt hiren Avis a kenger Hisiicht berécksiichtegt gi wier, weder vum Conseiller Frank Reimen nach vun der Direktesch vum IGP (Generalinspektioun vun der Police), Monique Stirn. Dobäi haten si eng Entrevue um Ministère, a sinn erstaunt datt den Här Reimen sech net emol d’Méi gemaach hätt den Avis ze liesen.

D’Direktesch hätt den Avis wuel gelies, wier awer net Amstand gewiescht op d’Froe vun der Policegewerkschaft ze Äntwerten. Dat ass es dem Gewerkschaftspresident ze vill: „et ass dann awer scho komesch, datt d’Cheffin vun der IGP aus eegener Kraaft entscheet, wat am neie Gesetz soll drastoen“, esou de Pascal Ricquier.

Esou net mat eis…

An et sinn e puer Punkten am Gesetz déi bei der Gewerkschaft fir Kaméidi suergen. Do ass zum Beispill déi disziplinaresch Immunitéit vum Generaldirekter an dem Generalinspekter vun der Police. Déi ass am Gesetzestext verankert an dat iergert de Pascal Ricquier.

De Gewerkschaftspresident ënnerstellt dann och a kenger Aart a Weis dem Aktuelle Generaldirekter e Feelverhalen. Et kéint awer net sinn datt den Generaldirekter de Privileg vun der Immunitéit sollt dierfe genéissen. Dorausser ergëtt sech dann och d’Fuerderung, datt d’Gesetz eng Dispositioun brauch, déi sech der disziplinarescher Prozedur entgéint der ieweschter Hierarchie unhëlt.

Méi generell betruecht, soll et esou eng Immunitéit och net fir d’Generalinspektioun vun der Police ginn. D’Policegewerkschaft geet esou wäit, datt si dës Revendicatioun och fir d’Arméi an de Geheimdéngscht (SRE) afuerdert.

… alles kann een iwwerdreiwen

Richteg rose mécht dann och e weidere Punkt am Gesetz, dee sech mat der Versetzung vun engem Polizist unhëlt. D’Versetzung mam Motiv, datt d’Erhalen op engem Posten sech net mat den Interesse vum Déngscht deckt, muss aus dem Gesetzestext eraus. De Gewerkschaftspresident qualifizéiert dës Mesure als illegal.

Fir de Pascal Ricquier bedeit dat, datt d’Detachementer déi vum Generaldirekter entscheet ginn op eng legal Basis gesat ginn. An dat obwuel déi administrativ Instanzen esou Entscheedunge schonn annuléiert hunn, well se als antizipéiert oder verstoppten disziplinaresch Mesuren ugesi goufen. Fir d’Policegewerkschaft gëtt et nëmmen ee Wee: „Déi Aart a Weis ze handele muss juristesch encadréiert ginn, well déi Situatioun, déi oft vu Gemauschels begleet ass, besteet scho säit Joren“.

Beklot gëtt dann och nach, datt den Disziplinarrot net neutral ass. Entscheedunge géifen no der „Nues vum Client“ getraff. Fir d’Gewerkschaft besteet deemno d’Noutwennegkeet d’Zesummesetzung vum Disziplinarrot ze iwwerschaffen. Hinne wier et souwisou léiwer et géif sech dem Disziplinarrot, esou wéi dat am Statut vum Staatsbeamten de Fall ass, ugläichen. De Gewerkschaftspresident huet dann nach betount, datt weder den SNPGL nach den SPFP (verdeedegt och d’Interesse vun den Zaldoten) esou eppes duerchgoe loossen.

Ähnlech Sujeten Etienne Schneider, Pascal Ricquier, Police, Policegewerkschaft, Policereform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel