Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Deckkäpp am Préizerdaul – mat Witz, Humor a Muskelkater an de Laachmuskelen duerch den Owend
usa dating site for singles

D’Deckkäpp am Préizerdaul – mat Witz, Humor a Muskelkater an de Laachmuskelen duerch den Owend

Et huet een d’Leit bis eraus laachen héieren. A wien

looking for friends on a dating site
usa dating site for singles

Gëtt hei d’Regierung mat der Nazi-Diktatur verglach?

D’Lëtzebuerger Politik huet eng nei Facebook-Affär. Ma dës Kéier geet

Koalitiounsgespréicher: eng reng Formalitéit?
usa dating site for singles

Koalitiounsgespréicher: eng reng Formalitéit?

Gëschter hunn d‘Koalitiounsgespréicher, nodeems de Xavier Bettel dem Groussherzog Henri

Policereform: se soll nach virum Summer gestëmmt ginn

Policereform: se soll nach virum Summer gestëmmt ginn

Den SNPGL, d‘Gewerkschaft déi iwwer 90% vun de Poliziste vertrëtt, hat et e Freideg schwéier um Häerz leien. Trotz der Feststellung datt ee mam Minister op enger Wellelängt ass, huet den SNPGL eng laang Lëscht u „Reklamatiounen“, an déi meescht hätte mam schlechten Drot zur Direktioun zur Direktioun ze dinn.

An de President vum SNPGL, Pascal Riquier, stellt dann och ugangs kloer, datt dës Reform elo zanter 2005 an Aarbecht ass, an et héich Zäit gëtt Neel mat Käpp ze maachen. An esou fuerdert de Pascal Riquier net manner vun der Regierung, wéi dës Reform nach virum Enn vun der Legislaturperiod zur Ofstëmmung ze bréngen.

Dat dierft dann och de roude Fuedem vun der haideger Generalversammlung sinn. D‘Reform gëtt erwaart an gläichzäiteg a Fro gestallt. Mee et schéngen awer d‘Verbesserungen ze iwwerweien, firwat ee säitens der Gewerkschaft op de Vote um Krautmaart besteet.

Et schéngt un der Direktioun ze leien

Interessant ass d‘Feststellung, datt den SNPGL net dem zoustännege Minister Etienne Schneider d‘Virwërf op den Dësch leet. Gutt säit 2005 huet den Drock ëmmer um Inneminister geleeën, mee elo, mat deem Text wéi e vum Ministère virgeluecht ginn ass, wier ee sech mam Etienne Schneider am Prinzip eens.

Do wou d‘Dier klemmt, ass bei de groussherzogleche Reglementer. Déi definéiere wéi d‘Reform um Terrain kann ëmgesat ginn. An hei riicht den SNPGL dann och en Appell un d‘Direktioun vun der Police, fir datt déi endlech d‘Reglementer virleet. Et wëll ee beim SNPGL net gleewen, datt dës Texter nach net sollten ausgeschafft gi sinn.

An och de Generalsekretär Maurice Meysembourg huet esou seng Suergen. Hien ass dann och net méi bereet d‘Zoustänn, déi bei de Police den Alldag bestëmmen, hinzehuelen.

Et wier onverständlech, datt zanter der Fusioun vu Gendarmerie a Police (am Joer 2000) et nach ëmmer Problemer mat der Hierarchie gëtt. Offizéier a Kader géifen och haut nach ëmmer den „Agent“ als Dabo behandelen, wéi wann deen zu engem anere Corps géif gehéieren. De Klassekampf bei der „force publique“ ass deemno nach net iwwerwonnen.

De Brigadier huet d‘Aarschkaart

Mat e puer „Widderspréch“ an der Reform, wëll den SNPGL awer och nach virum Vote opraumen. De Gruef tëscht Direktioun, Offizéier an Agente wier nach ëmmer „déif“ a besonnesch de Brigadier hätt d‘Aarschkaart gezunn. Kee wonner also, datt d‘Lafbunn vum Ënneroffizéier kee méi unzitt. Laut der Reform, kann e Brigadier net emol méi fir e Posten an engem Kommissariat postuléieren.

De Gewerkschaftspresident weist awer drop hin, datt et d‘Brigadiere waren, déi et no der Fusioun méiglech gemaach haten, datt d‘Kommissariater uerdentlech funktionéiert hunn. Déi elo nach just mat Missiounen ze beoptragen déi eng reng „Garde“ duerstellen, géif net der Wäertschätzung entspriechen, déi si sech verdéngt hätten.

An et ass net nëmme beim Brigadier wou et klemmt. Och tëscht den Autoritéiten an der Police gëtt et déck Loft. De Grond hei: „endlech gëtt et eng administrativ Police, mee d‘Autoritéite vun der Justiz verschléissen sech dëser neier Eenheet“, esou de Pascal Riquier.

Wou et nach Problemer gëtt

Froe stellt sech de President och beim Ëmgang mat de jonke Polizisten. Déi dierfen elo no der Grondausbildung direkt bei der Police Judiciaire opgeholl ginn. Dat ganzt ouni Opnamexamen.

„Den Examen, mat deem hir Kompetenz bestätegt soll ginn, maachen d‘Polizisten eréischt no sechs Joer Déngscht. Packen se deen net, ginn se am Prinzip nees als Agenten an Uniform agesat. Mee déi hunn da keng Erfarung um Terrain. Wéi soll dat goen“, freet dech de Pascal Riquier.

Et gouf um Freideg dann awer och eppes Positives. Esou huet den Etienne Schneider der Gewerkschaft bestätegt, datt déi spéider Polizisten och de Statut als Beamte-Stagiaire erhalen. Bis elo war d‘Police déi eenzeg Administratioun wou dee Statut net validéiert war. Dat heescht, datt d‘Police-Schüler net emol déi 80% vum Gehalt kruten, wann se am Stage waren.

Wann een also zouversiichtlech ka sinn, datt d‘Relatioun tëscht der SNPGL an dem Minister sech wiesentlech verbessert huet, esou schéngt dat net de Fall mat der Direktioun ze sinn. Säitens der Gewerkschaft wier een awer bereet sech mat dëser unzeleeën. Déi sollt sech bewosst sinn, datt et hei ëm d‘Sécherheet vum Land a sengen Awunner geet.

Foto: (Illustratioun – Archiv) © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Etienne Schneider, Maurice Meysembourg, Pascal Riquier, Policegewerkschaft, Policereform, SNPGL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel