Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
9 Saachen, déi s de maache kanns, während s de op däin Zuch, dee Verspéidung huet, waarts
International Neiegkeeten

9 Saachen, déi s de maache kanns, während s de op däin Zuch, dee Verspéidung huet, waarts

All Dag reegen sech Leit doriwwer op, datt hiren Zuch

D’Europäer maachen net genuch Kanner, seet de Franziskus
International Neiegkeeten

D’Europäer maachen net genuch Kanner, seet de Franziskus

Um Samschdeg huet de Poopst Franziskus déi „dramatesch Sterilitéit“ vun

Sonic Visions 2018 – ee musikaleschen Highlight vu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Sonic Visions 2018 – ee musikaleschen Highlight vu Lëtzebuerg

Haut den Owend ass et nees esou wäit! Bis muer

Polisario marschéiert duerch déi westlech Sahara, Marokko alarméiert d‘UNO

Polisario marschéiert duerch déi westlech Sahara, Marokko alarméiert d‘UNO

Déi marokkanesch Autoritéiten hunn um Sonndeg bekannt ginn, datt si den UN-Sécherheetsrot ugeruff hunn. Dat nodeems Eenheete vu der Polisario an d‘Pufferzon vun der westlecher Sahara agedronge sinn.

„Et huet Provokatiounen, Manöver ginn (…) vun der Polisario, déi vun Algerien encouragéiert gëtt, fir de Statut vun dëser Pufferzon ze änneren“, déi säit 1990 ënnert d‘Verantwortung vun der UNO gestallt ginn ass. Esou d‘Deklaratioun vum marokkaneschen Ausseminister, Nasser Bourita. „Wann d‘UNO (…) net bereet ass, dëse Provokatiounen en Enn ze bereeden, (…) Marokko wäert senger Verantwortung nokommen an wäert keng Ännerungen um Statut vun dëser Zon zouloossen“.

Déi westlech Sahara, eng Wüst vun 266.000 Quadratkilometer an 1.100 Kilometer atlantesch Küst am Norde vu Mauretanien, ass den eenzegen Territoire vum afrikanesche Kontinent, dem säi post-koloniale Statut bis haut net gekläert ass. Marokko kontrolléiert 80% vum Gebitt, d‘Polisario Front 20%. Béid Gebitter ginn duerch eng Mauer an eng Pufferzon getrennt, déi vun de Blohelmer bewaacht gëtt.

Net gewëllt dem Spill laang nozekucken

Marokko beschëllegt de Polisario, ënnerstëtzt vun Algerien, an d‘Pufferzone bei Guerguerat anzedréngen. Dat ass e „no man‘s land“ am extreme Süden, op der Grenz mat Mauretanien. Polisario soll awer och säit Mäerz, am Osten, zu Tifariti a Bir Lahlou, an d‘Pufferzon agedronge sinn.

„Dës Provokatioun geet schonn iwwert eng ganz Zäit (…). Marokko wäert net kënne mat gekräizten Äerm den stännegen Ugrëff géinteniwwer stoen (…)“, ënnersträicht den Inneminister, Abdelouafi Laftit. An den Ausseminister betount: „Marokko wäert betount a mat alle Mëttel op all Aktioun reagéieren, déi de Statut vun der Regioun kéinte veränneren. Et wier e ‚casus belli“ aus deem Marokko seng Léier wäert zéien“.

„Déi permissiv Gestioun vun deem wat sech zu Guerguerat zougedroen huet, ass als Encouragement opgeholl ginn“, iergert sech de marokkaneschen Ausseminister, mat Referenz op déi rezent Operatioune vun der Polisario.

D‘Wafferou a Gefor

„Marokko sicht no Problemer fir sech aus dem Friddensprozess ze léisen“, reagéiert de Mohammed Khedad, Coordinateur vun der Polisario mat der Missioun vun der UNO an der westlecher Sahara. „Mir veruerteelen dës Flucht no vir (…) a wäerten ze reagéiere wëssen, sollt et zu engem Broch vun der Wafferou kommen“.

Den UN-Sécherheetsrot hat Enn Mäerz vum Sonnerbeoptraagte vun der UNO vir déi westlech Sahara verlaangt, d‘Gespréicher zu de Verhandlungen, mat deenen d‘Situatioun vun dësem Territoire soll berengegt ginn, nees opzehuelen. En Datum, zu wellechem déi formell Gespréicher nees sollen opgeholl ginn, ass dann awer nach net bekannt. Déi lescht Gespréicher hat et 2012, ënner der Leedung vun der UNO ginn.

Polisario verlaangt dann och net manner wéi e Referendum zur Selbstbestëmmung, deen zur Onofhängegkeet soll féieren. Marokko stäipt sech géint dës Onofhängegkeet, a gesäit als eenzeg méiglech Léisung, d‘Autonomie vun der Regioun ënnert der Souveränitéit vum Kinnekshaus.

mat AFP

Foto: D‘Polisario Front gëtt keng Rou a fuerdert och weiderhin d‘Onofhängegkeet vun der westlecher Sahara. Marokko ass maximal bereet, de Berber d‘Autonomie ënnert senger Souveränitéit unzebidden. Op d‘UN-Missioun an der westlecher Sahara d‘Wafferou kann opriicht erhalen, ass zur Stonn net gewosst. © Ryad Kramdi/AFP

Ähnlech Sujeten Marokko, Polisario, UNO, Wafferou, westlech Sahara
Nächsten Artikel Virrechten Artikel