Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ecuadorianescht Verfassungsgeriicht erlaabt gläichgeschlechtlecht Bestietnes
International Neiegkeeten

best online dating strategies

Während d‘Kierchemänner am Vatikan un hiren anzestrale Gebueter festhalen, Homosexualitéit

how to find out if your boyfriend is on dating apps
International Neiegkeeten

Wien säin Horizont erweidere wëll, ass gutt beroden, eng Sprooch ze léieren – am INL kanns du der gläich 8 léieren

Näischt bréngt engem eng nei Perspektiv op d’Welt, wéi eng

Jubiläum fir e Genozid
International Neiegkeeten

Jubiläum fir e Genozid

Et ass roueg an der Haaptstad vum Ruanda. Een Dag

Éisträich: Politchaos wéinst Ibiza-Video

Vizekanzler gesteet alkoholbedéngten Ausrutscher an trëtt zréck

Éisträich: Politchaos wéinst Ibiza-Video

Eng zwee Joer al Videoopnam, an dem den éisträichesche Vizekanzler ze gesinn an héieren ass, wéi hien enger (angeblech) russescher Oligarchin Staatsopträg versprécht, wann si am Géigenzuch eng Wahlkampfhëllef leeschte géif. Déi ganz Entrevue war e „Fake“ an den FPÖ-Politiker muss elo déi batter Konsequenzen op sech huelen.

Den Heinz-Christian Strache, FPÖ-Chef a Vizekanzler, konnt no der Verëffentlechung vum „Ibiza-Video“ just nach Schuedensbegrenzung bedreiwen an ass folgerichteg Zréckgetrueden. Hien huet sech et awer net huele gelooss eng Erklärung ofzeginn, betount nach emol géint keng Gesetzer verstouss ze hunn. Hie wier offensichtlech an eng „geheimdéngschtlech organiséiert Fal gaangen“.

Esou wéi et de Populist erkläert huet, wiere keng Spenden un d‘Partei oder Gemengnëtzeg Veräiner gefloss, an ausser him hätt kee Parteimember Kontakt mat der Damm oder hirem däitsche Bekannte gehat. Et hätt sech ëm ee privat Treffe gehandelt. Den Heinz-Christian Strache konnt sech erënneren datt et sech ëm en Owesiesse gehandelt huet, dat vu 17 Auer bis Mëtternuecht gedauert huet.

De Politiker behaapt sech drop, am Kontext vun der Soirée ëmmer nees penibel op d‘Anhale vun alle gesetzleche Bestëmmunge bestanen huet. Den Heinz-Christian Strache gëtt ze bedenken, datt hien dëst 7-stënnegt Gespréich a senger Vakanz gefouert huet, et vill (ganz vill) Alkohol zerwéiert gouf, wat hien derzou verleet hätt, iwwer alles a jiddereen hierzefalen. Zu sengen aussoe seet hien:

Ibiza-Video

© Kaspar Lovic

„(…) meng Äusserunge waren erniichter betruecht katastrophal an ausgeschwat peinlech“. Him bleift net vill iwwreg wéi de Versuch vun enger Entschëllegung an de Raum ze stellen. Genuch Leit goufe wéinst sengen Äusserungen a diskreditéiert, gekränkt oder beleidegt. Net ze vergiessen datt den FPÖ-Chef selwer, falsch an knaschteg „Rumeuren“ iwwert de Sebastian Kurz verbreet huet.

Zum Video dann nach d‘Zousazerklärung, datt deen eenzege Verstouss géint geltend Gesetzer, dës geheimdéngschtlech inzeenéiert Fal mat den illegalen Opnamen ass. Datt zwee Joer gewaart ginn ass fir dësen de Medien zouzespillen, géif de Verdacht, datt et sech hei ëm en organiséiert politescht Attentat géif handelen, bestäerkt. Um 11 Auer huet den FPÖ-Chef seng Demissioun agereecht…

De Sebastian Kuerz zum handele gezwongen

Den „Top-Job“ eleng geet hei net méi duer an esou huet den Heinz-Christian Strache schwéieren Häerzens och annoncéiert, säi Mandat als Virsëtzende vun der FPÖ néierzeleeën. Interimsméisseg iwwerhëlt säi Stellvertrieder Norbert Hofer d‘Direktioun vun der Partei. Déi ass am Kontext vun den EU-Wahlen an enger knapper Woch, zolidd ugeschloen an Neiwahle soll et och nach ginn.

Fir de Kanzler Sebastian Kurz (ÖVP) kënnt d‘Enthüllung vun der Videoopnam och net wierklech geleeën. Säi Koalitiounspartner matten am EU-Wahlkampf duerch esou ee krasse Skandal ze verléieren, hannerléisst och ëmmer Spuren um „eegene Kierper“. Do war d‘Ausso „Genuch, ass genuch“ als Aleedung zur Erklärung datt d‘Regierung um Enn ass, scho Schuedensbegrenzung…

D‘FPÖ géif dem éisträichesche Reformprojet schueden, a mat dësem Koalitiounspartner weider zesummeschaffen ass ënnert dësen Ëmstänn onméiglech. Hien huet dann och dem Bundespresident Alexander van der Bellen virgeschloen Neiwahlen ze organiséieren. Wahlen déi Éisträich politesch veränneren dierften, wou dach gewosst ass, datt d‘ÖVP an der SPÖ kee Koalitiounspartner huet.

Vun de Sozialiste selwer geet och kee „Koalitiounsbedierfnis“ aus, si deelen eben déi ideologesch Ausriichtung vum Sebastian Kurz a senge Konservativen net. Déi aner Parteien, déi fir d‘ÖVP als Koalitiounspartner a Fro kéimen, sinn ze kleng. Wéi et dann elo an Éisträich nees soll zu klore Verhältnisser kommen a wéi de Wieleroptrag ausfale wäert, dat ass esou ongewëss wéi spannend.

Spontan Demo virum Bundeskanzleramt

Während sech Strache a Kurz mat Erklärungen an Decisioune befaasst hunn, haten sech am Kader vun enger „spontaner Demo“ virum Bundeskanzleramt eng 5.000 (laut den Zuele vun der Police) Manifestanten afonnt, a hunn de ganze Virgank mat „Kurz muss weg!“ begleet fir uschléissend d‘Enn vun der ÖVP-FPÖ Koalitioun ze feieren. Laut der Police ass alles roueg a friddlech ofgelaf.

Interessant dann awer och d‘Ausso vum Sebastian Kurz, datt hien an der Reaktioun vun der FPÖ wëll erkannt hunn, datt et do elo de Wëlle géif d‘Partei nees op en zolidd Fundament ze stellen an Ännerunge virzehuelen. Zudeem veruerteelt den éisträichesche Kanzler déi d‘Videoopnam als „veruechtenswäert“ an „Instrument vum Muechtmëssbrauch“. Jo d‘Welt vun haut ass schlecht…

Ibiza-Video

© Rob (via twitter)

Fir Éisträich bedeit dëse Skandal awer zugläich d‘Enn vun der Koalitioun. Et dierft déi kierzt an dësem Land gewiescht sinn. Agefouert gouf se den 18. Dezember 2017, gehalen huet se ganzer 516 Deeg. Wann déi annoncéiert Neiwahlen zäitno kënne stattfannen, datt sollt sech en Termin scho fir September fanne loossen. Dës Entscheedung dierft no den EU-Wahlen ëffentlech gemaach ginn.

De Bundespresident wëll sech no de Récktrëtt an der FPÖ nees fir Vertrauen asetzen. A sengem Statement zur Regierungskris huet den Alexander van der Bellen vun engem traurege Bild geschwat datt Éisträich géif bidden, an dem Land net géif gerecht ginn. D‘Verhale vum Heinz-Christian Strache wier e schänterlecht, e Mangel u Respekt géintiwwer de Bierger a Biergerinnen.

Bei der SPÖ sinn sech net eens wéi se d‘Kritik „ubrénge“ sollen. D‘Cheffin vun de Sozialisten, Pamela Rendi-Wagner huet sech an enger Interventioun net fir Neiwahlen ausgeschwat, den SPÖ-Landeshauptmann vu Kärnten, Peter Kaiser, gesäit dozou allerdéngs keng Alternativen. D‘NEOS gesinn an Neiwahlen „Chancen“ a verlaangen datt dës Affaire vollstänneg opgekläert gëtt.

mat indymedia/vie/lnz

Foto: Gëschter huet sech den Éisträichesche Kanzler Sebastian de Medie gestallt an annoncéiert datt hie dem Bundespresident ugebueden huet Neiwahlen auszeriichten © Arno Melicharek/Kanzleramt

Ähnlech Sujeten Éisträich, Heinz-Christian Strache, Ibiza-Video, Neiwahlen, Sebastian Kurz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel