Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Russland weist als Géigeschlag 60 amerikanesch Diplomaten aus
Neiegkeeten

Russland weist als Géigeschlag 60 amerikanesch Diplomaten aus

Nom Uschlag op e fréiere russesche Spioun, sinn uechtert d‘Welt

dislike
Sarkozy: No der Garde à Vue kënnt d‘Uklo
Neiegkeeten

Sarkozy: No der Garde à Vue kënnt d‘Uklo

An der Enquête zum Verdacht vun der libescher Wahlkampffinanzéierung vum

De Sebastian Kurz huet keng Loscht op d’Tierkei
Neiegkeeten

De Sebastian Kurz huet keng Loscht op d’Tierkei

Éisträich verlaangt vun der EU eng kloer Haltung géintiwwer der

Politesch Emissiounen am Staatsoptrag

Politesch Emissiounen am Staatsoptrag

E Méindeg, den 17. Juni 2019, kuerz no 13.00 Auer, bréngt RTL Radio Lëtzebuerg zwou politesch Emissiounen an der Serie vun de fräie Gespréicher, déi vun der Regierung fir déi Lëtzebuerger politesch Parteien op der Antenn vun RTL ugefrot a reservéiert sinn.

Dat éischt Gespréich ass fir d’Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei (LSAP) reservéiert, dat zweet fir d’Alternativ Demokratesch Reformpartei (ADR).

An der Emissioun vun der LSAP schwätzt den Här Georges ENGEL, LSAP-Deputéierten, zum Thema: „Kredibilitéit an der Politik ass essentiell“.

An der Emissioun vun der ADR schwätzt den Här Michel LEMAIRE, President vun der ADRenalin – déi jonk ADR, a politesche Beroder bei der ADR Fraktioun, zum Thema: „Politik a Fonction publique: Hurra mir verschafe Plazen!“

Déi politesch Emissiounen „Fräi Gespréicher“ ginn op der Antenn vum 100,7, ee Mëttwoch den 19.Juni um 13.05 Auer am Kader vun der Emissioun „D‘Parteien hunn d‘Wuert“ rediffuséiert.

matgedeelt vun der Regierung

Ähnlech Sujeten adr, Bertelsmann, Honnertkommasiwen, LSAP, politesch Émissiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel