Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

United for Climate Justice: De Klimastreik vun haut
Meenung Neiegkeeten

United for Climate Justice: De Klimastreik vun haut

Am Kader vun der Climate Action Week, déi vum 20.

Esch 2022: Et muss sech elo och nees de Kultur zougewennt ginn
Meenung Neiegkeeten

Esch 2022: Et muss sech elo och nees de Kultur zougewennt ginn

Zu Esch-Uelzecht ass ee beméit nees esou eppes Normalitéit ze

US-President huet Gespréicher mat den Taliban fir dout erkläert
Meenung Neiegkeeten

US-President huet Gespréicher mat den Taliban fir dout erkläert

No der Ofso vum geplangte Meeting mat Vertrieder vun den

Politesch korrekt Gemauschels um Krautmaart (haart nogeduecht)

Intrigéiert dem Fränk Engel seng CSV fir déi gréng aus der Koalitioun ze verdrängen?

Politesch korrekt Gemauschels um Krautmaart (haart nogeduecht)

Um Freideg huet d‘Lëtzebuerger Land vun enger „Intrige“ geschwat, well d‘CSV déi Liberal an d‘Sozialiste soll „consultéiert“ hunn, fir d‘Koalitioun mat déi gréng ze sprengen. Weder DP nach LSAP dementéieren op „déi nei Majoritéit“ ugeschwat ginn ze sinn. De Frank Engel dementéiert sengersäits all „offiziell Offer“ verweist op ganz normal politesch „Sondéierungen“.

Déi politesch Rentrée ass nach kee Mount al, a schonn ass um Krautmaart ersiichtlech datt et keng erhuelsam Legislatiounsperiod wäert ginn. Gutt, et kann ee Versteesdemech dofir hunn, datt d‘CSV déi duerch successiv Réckschléi geschwächten „déi gréng“ hir Chance gesäit nees Regierungsfäeg ze ginn, an den neie Parteipresident schéisst op alles wat him virun seng politesch Kanoun geréit.

Dat werft allerdéngs nieft ville Froen och nach ee schlecht Liicht op déi sougenannt Verdeedeger vun der Demokratie. Datt d‘Kollegen am Lëtzebuerger Land sech froen, ob et sech heibäi net awer ëm eng vun der Regierung organiséiert „Desinformatioun“ handele kéint, déi derzou soll bäidroen den Drock vun den „déi gréng“ ze huelen, sécherlech berechtegt, mee däitlech ze kuerz gegraff.

Vun engem deen ugetrueden ass déi politesch Landschaft nei ze gestalten

Wann et erlaabt ass d‘Meenung ze vertrieden, datt d‘CSV bis virun der Ära „Engel“ vill ze gentil mam politesche Géigner ëmgaangen ass, esou dierf een net vergiessen, datt d‘Wuel vum Land och op e Minimum vu politeschem Konsens a konstruktiver Oppositiounsaarbecht ofhängeg ass. Säit de Fränk Engel de Kommando bei de Chrëschtlechsozialen iwwerholl huet, ass deem net méi esou.

An et läit jo och an der Natur vun de Politiker, d‘Muecht unzestriewen, an den CSV-President ass do keng Ausnam. De Fränk Engel behaapt sech dann och drop, datt ee sech es net Midd gëtt der ganzer Welt ze erklären, datt déi bestoend Koalitioun „en décke Schäiss“ ass an esouwuel DP wéi LSAP gutt berode wieren eng Koalitioun mat der CSV anzegoen. Eng onmoralesch Offer hätt et net ginn.

Interessant och, datt de Mann, dee laang Zäit säin Onwiesen zu Bréissel gedriwwen huet, sech net erwaart wëll hunn, datt esou „Sondéierungsgespréicher“ vun de Medie géifen opgegraff ginn. Hie behaapt dann och knëppelhaart, datt hie sech erwaart, datt esou eppes och net méi vir kënnt. Dobäi huet den CSV-President leider iwwersinn, datt et hie war, deen de Ball an d‘Spill bruecht huet.

Wa perséinlech Interessen d’Wuel vum Land a Fro stellen

Pech fir de Mann mam Charisma vun engem Tram-Chantier, datt déi bestoend Koalitioun kloer Ziler verfollegt – och wann een déi net alleguerte muss guttheeschen – an hir „Bezéiung“ net wëll op d‘Spill setzen. DP, LSAP an déi gréng si konsensfäeg, hunn um Krautmaart d‘Chance endlech déi Reformen ëmzesetzen déi d‘Land braucht an sinn och soss net schlecht opgestallt.

De Mikroe vu Bertelsmann hunn d‘Corinne Cahen (Presidentin vun der DP a Familljeministesch) an den Etienne Schneider (LSAP, Vizepremier a Wirtschaftsminister) bestätegt, datt een op eng Koalitioun ugeschwat ginn ass. Wann een de Verdacht net wëll opkomme loossen, datt et sech hei ëm eng Niwwelkäerz handelt, fir d‘Ëmweltministesch aus der Schosslinn ze huelen, da muss een d‘Kand – an dësem Fall den Intermediaire – och mam Numm nennen. Oder et hält een de Mond.

Et ass zudeem keng gutt Iddi sech op der CSV hir Spillercher anzeloossen, well dat implizéiert, datt et zwéngend zu engem Kollateralschued féiert. Wann den Etienne Schneider dann ugëtt, datt hien ni an der Ëffentlechkeet iwwer d‘Propose vun der CSV geschwat hätt, wann déi Informatioun net vum Lëtzebuerger Land divulgéiert gi wier, stellt ee fest, datt dem Frank Engel seng Strategie opgeet.

De Ying an de Yang vun de Chrëschtlechsozialen

Interessant an dësem kafkaeske „Politthriller“ d‘Roll vun der CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen. Och si dementéiert all „offiziell Offer“ (eng Definitioun déi esou eppes vu Brach ass datt e schonn nees wéi deet) kéint awer net fir all d‘Membere vun der CSV – et wieren der ëm déi 10.000 – schwätzen. Natierlech gëtt et keng „offiziell Offer“, soss hätt een dat jo wuel public gemaach.

De Bierger gëtt am presente Fall net nëmme vum Frank Engel op den Aarm geholl, nee och déi Persoun där ee politesche Verstand zougetraut huet, geheit hei Bensin an e Feier dat sech, wann esou weidergefuer gëtt, net méi ze läschen ass. Datt d‘Bierger ëmmer méi dovunner iwwerzeegt sinn, datt hir politesch Vertrieder vun der Wirtschaft an Industrie gesteiert ginn, gëtt esou bestätegt.

Anescht ausgedréckt, et sinn esou politesch Ausenanersetzungen déi de Wieler derzou zwéngen sech politesch „Alternativen“ ze sichen. Deen ass nämlech net esou blöd engem Frank Engel ze gleewen, datt beispillsweis eng CSV-DP Koalitioun, wirtschafts- respektiv sozialpolitesch et besser géif maachen, wéi d‘Gambia-Regierung. Wéi d‘CSV regéiert ass jo geschichtlech beluecht.

Wann een net amstand ass National- a Lokalpolitik ze trennen

Et ass selbstverständlech keen Zoufall, datt dëse fir d‘Ëffentlechkeet bestëmmten Dissens zum jëtzegen Zäitpunkt ervirbruecht gëtt. Den Dossier Traversini stellt déi gréng an ee schlecht Liicht an och d‘Carole Dieschbourg, mat der Affär vun der Millen zu Iechternach, riskéiert gehéierlech ënner d‘Rieder ze kommen. Wann een dat esou gesäit versteet een d‘Koalitioun zu Déifferdeng net méi.

PoliteschWann een um Krautmaart all Hiewel a Beweegung setzt déi gréng an den Abseits ze stellen, da muss ee konsequenterweis och op lokalem Niveau seng Partnerschaft mat den déi gréng ad acta leeën. Huet eppes mat Glafwierdegkeet ze dinn, mee déi ass der Politik längst abhande komm. Och de Cumul vun de Mandater dréit net derzou bäi, datt et kéint besser ginn an dat betrëfft se all.

An dann nach eppes, wat der CSV esouguer net dierft gefalen: Wann ee sech esou vehement géint déi gréng wennt, a vu politesche Konsequenzen an/oder Verantwortung schwätzt, da muss et op dëser Plaz erlaabt sinn ze ënnersträichen, datt wann all déi CSV-Buergermeeschter déi an der Chamber sëtzen a genee esou agéiert hu wéi den Traversini muer mussen zrécktrieden, dann ass den „technesche Grupp“ ADR/Piraten déi gréissten Oppositiounsfraktioun um Krautmaart.

Foto: Et kann een deem ganzen esoulaang nokucke wéi e wëll, schlau gëtt een net aus deem wat sech aktuell um Krautmaart zoudréit. An datt elo „Orange“ d‘Faarf vun der Zukunft sollt sinn, dofir gëtt et keng Hiweiser (Tasos Lekkas / Pixabay)

Ähnlech Sujeten CSV, déi gréng, DP, Frank Engel, Gambia, LSAP, Martine Hansen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel