Search

You may also like

Neiséiland: Schéisserei a Moscheeën zu Christchurch
Meenung Neiegkeeten

Neiséiland: Schéisserei a Moscheeën zu Christchurch

Während dem Freideg-Gebiet ass et zu Christchurch (Neiséiland) zu Attacken

Indiana City Police Department: Kazefudder amplaz Parkticket!
Meenung Neiegkeeten

Indiana City Police Department: Kazefudder amplaz Parkticket!

D’Police zu Indiana huet sech elo eppes ganz Besonnesches afale

LGX 2019 – Eng villfälteg Welt aus Gaming, Pop Kultur a méi!
Meenung Neiegkeeten

LGX 2019 – Eng villfälteg Welt aus Gaming, Pop Kultur a méi!

Um vergaangene Weekend huet d’LGX Luxembourg Gaming Xperience op seng

Politesch Kultur am Wahlkampf

Politesch Kultur am Wahlkampf

An de leschte Wochen an Deeg goufe vu verschidde Säiten der ADR Reproche gemaach, déi kenger objektiver Wourecht entspriechen. D‘ADR hält dowéinst drop, fir esou Behaaptunge richteg ze stellen.

No rezenten Entwécklungen an der éisträichescher Politik ass zum Beispill behaapt ginn, d‘ADR géing der Partei FPÖ nostoen. D‘ADR huet weder Kontakter zu dëser Partei, nach zu anere Parteien, déi an dësem Zesummenhang dacks genannt ginn.

D‘ADR ass Member an der Allianz vun den europäeschen, konservativen a reformistesche Parteien (ACRE), wou si besonnesch enk a frëndschaftlech Verbindungen zu de britesche Konservative fleegt. Sollt d‘ADR dëse Sonndeg e Mandat uvertraut kréien, géing si och an dësem Grupp matschaffen.

Heibäi handelt et sech ëm Parteien, déi pro-europäesch sinn an dobäi fir en Europa vun de Natiounen antrieden. Wéinst der aktueller Nervositéit déi op vill Plazen ze spieren ass an déi wuel typesch fir Wahlkampfzäiten ass, hält d‘ADR drop, fir sech selwer u kloer deontologesch Reegelen ze halen a si hofft, datt och aner interesséiert Kreesser aus Politik a Medien sech fair a korrekt verhalen.

D‘ADR freet sech driwwer, datt zu Lëtzebuerg keng rietsradikal Partei bei dëse Wahlen untrëtt. Et ass an hiren Aen onverantwortlech, dës Tatsaach ze verkennen an aus purem politesche Kalkül esou ze maache wéi wann et anescht wier. Déi kënschtlech Konstruktioun vun engem Feindbild entsprécht net eiser politescher Kultur a schaaft onnéideg Aggressiounen.

E Beispill dofir sinn déi massiv Zerstéierung vun ADR-Wahlplakater an deene leschte Wochen. D‘ADR erwaart sech, datt et méiglech ass, dëse Wahlkampf ofzeschléissen, ouni datt weider mat ongerechtfäerdegten Ënnerstellungen oder verbalen Diffaméierunge geschafft gëtt.

D‘ADR hirersäits vertraut op d‘Kraaft vun hiren Argumenter. Si wëll déi politesch Konkurrenz wuel net vu berechtegter Kritik verschounen, dobäi awer d‘Grenze vum Anstand, de Respekt vun der Wourecht an d‘Unerkenne vun der Meenungsfräiheet vun aneren net verletzen-

matgedeelt vun der ADR

Related topics adr, EU-Wahlen, Kultur, Politik, Wahlkampf
Next post Previous post