Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E puer Netflix-Recommandatiounen: Stateless an Children of Men
Neiegkeeten Stories

E puer Netflix-Recommandatiounen: Stateless an Children of Men

Netflix and chill – dëse Sproch ass wuel jidderengem bekannt.

EU-Kommissiounspresident un der Galeblos operéiert
Neiegkeeten Stories

EU-Kommissiounspresident un der Galeblos operéiert

D‘EU-Kommissioun huet informéiert, datt den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker seng Vakanz

Ass den US-President e Rassist?
Neiegkeeten Stories

Ass den US-President e Rassist?

Dem Donald Trump seng via Twitter an der Welt verbreeten

Politesch Rentrée… an d‘CGFP setzt schonn direkt Akzenter

Bei der Steierreform gëtt eng substanziell Entlaaschtung vun de Menage gefuerdert

Politesch Rentrée… an d‘CGFP setzt schonn direkt Akzenter

Am Kontext vun der politescher Rentrée huet den Daachverband vun de Gewerkschaften aus dem ëffentleche Secteur, CGFP, sech op déi ugekënnegt Virbereedungen zur Steierreform ageschoss. Si géifen dës Kéier gäre vun Ufank un abezu ginn.

Hei huet de President Romain Wolff dann och direkt betount, datt et fir d‘CGFP bei dëser zweeter Reform, ugesiichts der zolitter Finanzsituatioun vum Land, keng Verléierer dierf ginn. Wann et hei sollt esou ausgesinn, datt op en neits nees nëmmen déi finanzstaark Menage sinn – gemengt sinn déi wou sech d‘Servicer vun engem Comptabel oder Steierberoder leeschte kënnen – wou vun dëser Reform profitéieren, da kéint et zur Konfrontatioun kommen.

Aus dësem Grond fuerdert d‘CGFP och vun der Regierung vun Ufank un mat an d‘Virbereedungen abezunn ze ginn. Et geet dem Daachverband vun de Gewerkschaften aus dem ëffentleche Secteur an éischter Linn dorëms sécherzestellen, datt virun allem déi „natierlech“ Persoune vun dëser Reform Notznéisser sinn, well et einfach net ka sinn datt déi ongläich Besteierung vun Aarbecht a Kapital fortgesat gëtt. Et muss och nees un déi „Kleng“ geduecht ginn.

Dozou muss ee wëssen, an och dat huet de Romain Wolff ënnerstrach, datt d‘Privatpersounen zu Lëtzebuerg zweedrëttel vun allen direkte Steieren opbréngen. Et ass also héich Zäit datt och déi mam „décke Portmonni“ op hir Kapitalerträg besteiert ginn an esou derzou bäidroen, datt déi Lounofhängeg reell entlaascht kënne ginn. Aus dësem Grond muss et dann zu enger vollstänneger Upassung vun der Steiertabell un d‘Präisentwécklung kommen.

Eng Joerzéngt ass vergaangen…

Fir de President vun der CGFP wier et net novollzéibar, wann d‘Regierung op dës iwwerfälleg a vun der Zivilgesellschaft gefuerdert Moossnam géif verzichten. Hei gëtt gefaart datt d‘Regierung sech iwwert dëse Wee de finanzielle Spillraum fir d‘Steierreform kéint sécheren. Woubäi ee bedenke sollt, datt déi lescht Upassung vun der Steiertabell schonn zéng Joer zréckläit. Datt et allerdéngs och dann net zur Steiergerechtegkeet kënnt ass gewosst.

Et kann net sinn, datt et alt nees déi Menage sinn déi während der Finanzkris de Kapp duergehalen, also quasi dës Reform virfinanzéiert hunn, nees bei d‘Lisette gelooss ginn. Si hunn ee Fënneftel vun de Käschte gedroen a sollten dofir net bestrooft ginn. Zudeem imposéiert sech eng Erhéijung vun der Kafkraaft, firwat et zwéngend zu engem Ausgläich beim sougenannte Mëttelstandsbockel muss kommen, wat bedeit datt et méi Tranchen an der Tabell brauch.

Net novollzéibar, ass d‘Reduktioun vun der Kilometerpauschal déi sech op den Aarbechtswee bezitt. Hei ass den CGFP-President zimlech däitlech: „Déi muss nees op den ale Niveau zréck bruecht ginn“. Statt dem Salariat stänneg an d‘Täsch ze gräifen, géif et der Regierung gutt zu Gesiicht stoe Verantwortung ze weisen, an dem Steierdumping vun den Entreprisen endlech d‘Grondlag ze entzéien. Och dat léisst sech net schéi schwätzen.

Déi Kleng bleche fir déi Grouss?

Wann ee sech dierf sécher sinn, datt de Romain Wolff net därer een ass dee kengem eppes géif vergënnen, esou kloer ass, datt hien net méi gewëllt ass nozekucken, an fuerdert datt d‘Regierung sech domatter gëtt, multinationale Konzerner nëmmen e Brochdeel vun de gesetzlech festgeluechte Steieren ofzeverlaangen. Et wier weder ze entschëllegen nach ze toleréieren, datt d‘Regierung op dës Manéier derzou bäidréit, datt d‘Schéier tëscht Aarm a Räich weider ausenaner geet.

Esou musse besonnesch grouss Internetentreprisen erhieflech manner Steiere bezuele wéi klassesch Entreprisen. Dat ass schlicht Kontraproduktiv an entbiert all logescher Grondlag. Woubäi och de President vum Daachverband vun de Gewerkschaften aus dem ëffentleche Secteur sech bewosst ass, datt dës Regierung net de Courage huet eng Digitalsteier anzeféieren. Dat hat jo och schonn de Finanzminister Pierre Gramegna am Mee 2018 däitlech zum Ausdrock bruecht.

Rentrée

Den Nationalcomité vun der CGFP ass wäitaus méi wéi nëmmen den Daachverband vun de Gewerkschaften aus dem ëffentleche Secteur. © Martine de Lagardère/moien.lu

Bei dëser Steierreform wäert d‘Aféierung vun der individueller Steier e vun den zentrale Piliere sinn. Wann et der Regierung tatsächlech eescht domatter ass an de Projet net schonn am Virfeld sollt an de Gënz goen, sollt si bedenken, datt déi zoustänneg Servicer entspriechend méi Personal brauchen. Natierlech ass och dat mat Käschte verbonnen, déi awer wieren iwwersiichtlech. Hei gesäit een awer och firwat et esou wichteg ass, vun Ufank un mat um Dësch ze sëtzen.

Näischt Genaues weess een net

Iwwert d‘Ausriichtung vun dëser Steierreform ass bis ewell wéineg gewosst, ausser datt ee gewëllt ass zukünfteg nëmmen nach eng Steierklass bäizebehalen. Domatter géif d‘Regierung generell eng vun alle Gewerkschafte gefuerdert Ofschafung vun der Steierklass 1A berécksiichtegen. Hei stellt de Romain Wolff dann awer och kloer, datt d‘Ofschafe vun eenzele Steierklassen duerchaus och Gefore verbiergt. Dat muss een also ganz genee am A behalen.

Et géif elo awer noleien, datt d‘Regierung sech hei Iwwergangsbestëmmungen a Kompenséierunge géif operleeën, fir finanzielle Méibelaaschtunge virzebeugen. An dësem Kontext weist d‘CGFP drop hin, datt et laangfristeg net zu Nodeeler fir déi zukünfteg Generatiounen dierf kommen. Wéi der Regierung dëse Spagat soll geléngen, wou sech eng erweidert Liberaliséierung vu villen ëffentlechen Déngschtleeschtungen ofzeechent, ass net gewosst.

Och net gewosst, ass wéi d‘Regierung de Problem am Logement wëll geléist kréien, deen nieft de Steiere ville Bierger zolidd d‘Flemm andreift. Déi finanziell Belaaschtung duerch Loyer an/oder Prêt sinn der CGFP en Dar am A, besonnesch wëll et jonke Leit d‘Zukunftsperspektive verbaut an déi sech et wierklech gutt iwwerleeë mussen e Stot ze grënnen an un Nowuess ze denken. Sécher et ass keen einfache Sujet, soss wier e jo wuel scho geléist.

Méi Entlaaschtung beim Neibau

D‘CGFP jiddefalls setzt sech an fir eng direkt Entlaaschtung vu jonke Famillje beim bau vun der éischter Wunneng. Hei gëtt dann och gefuerdert, datt et nees zum reduzéierte Steiersaz vun 3% muss kommen, an deen an engem wiesentlech gréisseren Ausmooss wéi bis ewell muss ugewannt ginn. Fir datt een nees op en Niveau wéi am Joer 2002 zréck kënnt, réit de Romain Wolff dozou de maximale Betrag fir d‘Réckerstattung vu 50.000 op 100.000 Euro eropzesetzen.

A wann een säitens der CGFP begréisst, datt déi ofsetzungsfäeg Beiträg vun de Bauspuerverträg verduebelt gi sinn, weist ee sech verwonnert, datt hei d‘Altersgrenz op 40 Joer geluecht ginn ass. Esou eppes entsprécht a kengster Weis der géigewäerteger Realitéit, bezunn op d‘Investitioun déi jonke Mënschen ofverlaangt gëtt.

Et ass an dësem Kontext dann och nees esou, datt d‘Regierung mat der Aféierung vun de FIS (dat sinn déi ominéis „Fonds d‘Investissement Spécialisé“, de superräichen en Instrument ginn huet, fir nach weider Steieren ze spueren an déi esou vun hirer Verantwortung géintiwwer der Gesellschaft ze entbannen. Hei gëtt dann och keng Quellesteier erhuewen, wéi dat beim „normal stierflechen“ mat aller Konsequenz duerchgezu gëtt. Och dat kann esou net ondefinéiert weidergefouert ginn.

Ofschléissend Remark

Wéi ee ka feststellen huet sech d‘CGFP op en Neits zimlech erausfuerderend Missiounen operluecht an dat esouwuel fir hir vill Memberen, wéi och ganz Allgemeng d‘Bierger am Land. De Romain Wolff a seng groussaarteg Ekipp, wéi natierlech och déi sëllechen Ënnerorganisatiounen, gesinn iwwert den „Tellerrand“ eraus, a féieren hire gewerkschaftleche Kampf am Sënn vun alle Bierger am Land. Si sinn folgerichteg och ee Garant fir déi sozial Kohesioun.

Si hunn am Kontext vun der Steierreform da gëschter och eng Formell a schrëftlech Entrevue beim Finanzminister Pierre Gramegna ugefrot. Dat ass wuel elo kee Frënd vun ebe grad Gewerkschaften an als fréiere Chef vun der Handelskummer steet hien sech och bedeitend besser mat de Patronen an deenen déi vu grousse Portmonnie profitéieren. An esou laang eppes aus der Täsch vum „Klenge“ fält wann ee dësen op d‘Kopp stellt a rëselt, léist een déi aner a Rou…

Foto:Ech soen ëmmer datt et keng Steiergerechtegkeet gëtt, mee et muss een awer alles versiche fir esou no wéi méiglech drun erunzekommen“, esou de Romain Wolff am Kontext vun enger éischter Entrevue mat der Press virun der politescher Rentrée. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten CGFP, Logement, politesch Rentrée, Romain Wolff, Steierreform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel