Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

coollaughing
Mike Varnier: Fir eng modern familljenorientéiert Gemeng
Stories

Mike Varnier: Fir eng modern familljenorientéiert Gemeng

40 Joer jonk, Papp vun zwee Kanner an nach ëmmer

cool
Fleegeversécherung: Wann et zur Reform vun der Reform kënnt
Stories

Fleegeversécherung: Wann et zur Reform vun der Reform kënnt

Nodeems de Regierungsrot de leschte Freideg de Verbesserungen un der

cryingdislike
Katar-Kris: Fuerderungen ofgeleent
Stories

Katar-Kris: Fuerderungen ofgeleent

De Katar, vu sengen Nopeschlänner wéinst presuméierter Ënnerstëtzung vum Terrorismus

Dës Ausstellung weist: Esou eppes wéi en onpolitescht Spill gëtt et net!

Dës Ausstellung weist: Esou eppes wéi en onpolitescht Spill gëtt et net!

Videospiller hunn an de leschte Joren eng bemierkenswäert Entwécklung duerchgemaach. Villäicht manner a Grafik, Sound oder Inzenéierung a méi an der Breet vun den Themen, déi ugeschwat ginn. Spéitstens zënter datt mi kleng Entwéckler relativ liicht Spiller verëffentleche kënnen, hu Spiller mat politeschen a gesellschaftlechen Aussoen e grousst Opliewe gesinn. Grad ëm politesch Spiller dréint sech eng Ausstellung an der Abtei Neumünster. Si versicht, dem Publikum grad dës ambitiéis Spiller mi no ze bréngen. Op Lëtzebuerg bréngt dës Ausstellung den Institut Pierre Werner.

Alles konnt gespillt ginn, an dat op separate Statiounen – Foto: Sven Wohl

Déi ganz grouss Nimm aus der Industrie sicht een hei ëmsoss. Et sinn och hei déi kleng, mi perséinlech Entwéckler, déi ganz bewosst drop setzen, mat politeschen Inhalter den Interesse vum Publikum ze kréien. Wien sech auskennt, entdeckt e puer al Verdächteger. Esou zum Beispill Papers, Please, wat zënter Jore fir ganz vill Opmierksamkeet suergt. An deem Spill iwwerhëlt een d’Roll vun engem Grenzkontrolleur vun enger fiktiver Natioun, déi ganz staark un d’Länner vun der fréierer Sowjetunioun erënnert. Et kritt ee vun uewen erof Virgabe gemaach, wien eran däerf, a wien net, an esou muss een dann alleguerten d’Leit kontrolléieren, déi an d’Land era wëllen. Wien ze vill Feeler mécht oder ze laang braucht, kritt manner Geld. Woumat et mi schwéier gëtt, déi eege Famill iwwert d’Ronnen ze bréngen.

D’Spill zwéngt een a moralesch onméiglech komplizéiert Situatiounen. E Papp mat zwee Kanner huet déi richteg Pabeieren an et léisst een se eran. D’Mamm kënnt hannendrun, an et bemierkt een eng offensichtlech Fälschung. Léisst een se trotzdeem eran? A riskéiert esou eng Strof? Oder hëlt een déi onmënschlech, awer systemkorrekt Decisioun, se dobaussen ze loossen? Et léisst een esou an nach duerch vill aner Situatioune spieren, wéi onmënschlech esou ee System wierklech ka sinn. Et weist an engems, datt eleng d’Mechanike vum Spill, schonn en Inhalt transportéiere kënnen.

Aner Spiller, wéi Democracy 3 ginn do mi wäit: Hei kann ee verschidden Aspekter vun enger Demokratie manipuléieren a gesinn, wat alles duerch eng eenzeg Decisioun influenzéiert gëtt. Et ass a senger Déift bemierkenswäert a schäerft op dës Weis d’Bewosstsinn fir d’Komplexitéit vun den ënnerschiddlechen Problematiken.

Dat sinn natierlech nëmmen zwee Beispiller fir déi vill Spiller, déi een do ausprobéiere kann. All Spill huet en eegens produzéierte Video, deen engem de Kontext an och Unhaltspunkte vermëttelt. An dëser Hisiicht ass d’Ausstellung en immensen Erfolleg, bréngt et engem dës Spiller net nëmme mi no, mee et léisst een se och spillen. “Playing is believing”, huet de Reggie Fils Aimee, President vun Nintendo an den USA, eng Kéier gesot. An dat passt hei wéi d’Fauscht op d’An. Wichteg ass och de Video an der Entrée, deen eppes verdäitlecht: Esou eppes, wéi en onpolitescht Spill, gëtt et am Fong net. All Spill huet eng Ausso, op gewollt oder net.

Grad an dëser Perspektiv ass dës Ausstellung méi wéi luewenswäert. Si hëlt Videospiller eescht, méi wéi dat op deene meechte Plazen de Fall ass, a mécht eng Entwécklung gräifbar, déi säit enger gudder Zäitche schonn am Gaangen ass. Wien sech nach nie mam Sujet ausernee gesat huet, dee kann hei richteg vill léieren. An och déi, fir déi Videospiller bis elo “just” en Hobby sinn, sollten hei e Bléck woen.

D’Ausstellung ass bis den 21. Mee 2018 an der Abtei Neumünster ze gesinn. Den Antrëtt ass fräi.

Ähnlech Sujeten Abtei Neumünster, Kultur, Lëtzebuerg, Politik, Videospiller
Nächsten Artikel Virrechten Artikel