Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Réckruff: Glas am Äppelkompott vun ALDI!
Neiegkeeten

Réckruff: Glas am Äppelkompott vun ALDI!

Wéi ALDI elo matdeelt sollen sech am Äppelkompott vun der

Analys: Wann d‘Gewerkschaften de fundamental Unterrecht a Fro stellen
Neiegkeeten

Analys: Wann d‘Gewerkschaften de fundamental Unterrecht a Fro stellen

Um Samschdeg haten d‘Gewerkschafte SEW (OGBL), de Landesverband (FNCTTFEL) an

IVV-Lëtzebuerg geet nei Weeër
Neiegkeeten

IVV-Lëtzebuerg geet nei Weeër

D’Lëtzebuerger Wandersportfederatioun FLMP passt sech den neien Erausfuerderungen un a

Geheim Datebanken: Politesche Waffestëllstand iwwer Chrëschtdag

Geheim Datebanken: Politesche Waffestëllstand iwwer Chrëschtdag

Am Kontext vun de geheimen Datebanken, och als „Casier-Bis“ verkläert, gëtt et Neies. Nodeems d‘Ministere Bausch (Bannesécherheet) an Tanson (Justiz) e Freideg den Deputéierten eng Rei „Upassunge“ vum legale Kader virgeluecht hunn, huet déi gréissten Oppositiounspartei, d‘CSV, sech op e politesche Waffestëllstand agelooss. Am Mäerz soll dann nees doriwwer diskutéiert ginn.

No der gemeinsamer Sëtzung vun de parlamentaresche Komissioune fir Bannesécherheet a Justiz, war et ee mat sech an der Welt zefriddene Gilles Roth, dee sech dem Mikro vum 100,7 gestallt an do gemengt huet, datt déi ganz Affär zumindest derzou bäigedroen huet, op d‘Sensibilitéit vun der Gestioun vun dësen Datebanken/Fichieren hinzeweisen. Et hätt jo och zu Fortschrëtter gefouert.

Dem CSV-Deputéierte war et wichteg drop hinzeweisen, datt et nom „Eclat“ zu engem regelrechte Mentalitéitswiessel an de betraffene Verwaltungen, wei eben och de politesch verantwortleche komm ass. Woubäi een drun erënneren dierf, datt de François Bausch schonn am Juni, wéi dee Skandal sech ugedeit huet, schonn seng Bereetschaft de legale Kader unzepassen, erkläert hat.

Et muss och nach emol drun erënnert ginn, datt de François Bausch an de fréiere Justizminister Felix Braz déi national Dateschutzkommissioun (CNDP) mat enger Etüd beoptraagt hunn an och vun der Generalinspektioun vun der Police (IGP) e Rapport an en Avis zum legale Kader vun den 62 Datebanke vun der Police an de 74 vun der Justiz ze erstellen. Déi schaffen awer nach drun.

Gewollt oniwwersiichtlech

Interessant awer de Fait, datt am verlaf vum politesche Gestreits – beim Vollek huet dat alles kaum Stress ervirgeruff – ëmmer méi „Fichieren“ opgetaucht sinn, wéi der am Zentrale Fichier (JuCha) opgefouert goufen, firwat d‘Oppositioun geschlossen den 9. Juli d‘Chamberssëtzung aus Protest verlooss huet. Elo gëtt den Dissens iwwert d‘Feierdeeg op d‘Säit geluecht wat ze begréissen ass.

De Minister fir Bannesécherheet, François Bausch, huet also wéi versprach, nach viru Chrëschtdag „geliwwert“ an d‘Roadmap fir de legale Kader zum Ëmgang mat den Date presentéiert. Esou steet fest, datt d‘Dateschutzgesetz vun 2018 zwar ëmmer nach Virrang huet, mee et ee Gesetzprojet fir d‘Gestioun vun zentrale Police-Fichier bis zum Summer 2020 wäert ginn. Detailer gëtt et nach net.

Zousätzlech zum Gesetzprojet sollen och eng Rei groussherzoglech Reglementer ausgeschafft ginn, mat deenen d‘Exekutioun vum Dateschutzgesetz soll preziséiert ginn. Déi sollen elo vun der Regierung redigéiert a gestëmmt ginn. En zentrale Punkt betrëfft d‘Gestioun an d‘Läsche vun Date, e weidere bezitt sech op den Zougrëff vun den Daten. Zudeem sollen d‘Beamte sensibiliséiert ginn.

Op den Avis vun den Experte waarden

Weider heescht et, datt dës Gesetzestexter a groussherzoglech Reglementer eng Identifikatioun vum Verantwortleche fir den Traitement vun den Donnéeën erméiglecht, d‘Recht vun de betraffene Persoune preziséiert an derzou bäidroe wäert, d‘Trennung vun den administrativen a juristeschen Date sécherzestellen. Zudeem sollen déi verschidden Datebanke besser „zortéiert“ ginn.

Wat elo d‘Gesetzer an déi groussherzoglech Reglementer betrëfft, esou sollen déi sech op déi vu der CNDP an IGP gemaachte Recommandatioune stëtzen. Béid Minister sollen och verséchert hunn, datt ee sech der Fro zum Zäitraum vun der Datespäicherung wëll unhuelen. Et soll dann och spezifesch Garantie ginn, déi den Ëmgang mat sensibelen Daten an Date vu Mannerjärege regelen.

Eng Rei Versich am Ëmgang mat den Date gëtt et schonn zanter Enn September an och um Site vun der Chamber kann een noliesen, datt d‘Date vun enger Persoun déi vun de juristeschen Instanze fräi geschwat ginn ass, net méi an der zentraler Datebank vun der Police soll optauchen. Fir d‘Gesetzer ze finaliséiere gëtt en interministerielle Comité agesat. Suite vum Dossier dann also am Mäerz…

Foto: Michael Kwan / Pixabay

Ähnlech Sujeten Casier-bis, Chamber, CSV, Datebanken, François Bausch, Justiz, Krautmaart, Police, Sam Tanson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel