Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Quiz: Wéi gutt kennt dir eis Gemengen?
full house cast dating https://moien.lu/dating-sri-lankan-guys/

https://moien.lu/sugar-baby-dating-advice/

how to deal with dating a doctor
full house cast dating https://moien.lu/dating-sri-lankan-guys/

Frankräich: Fra stierft u Kriibs no Transplantatioun vun de Longe vun enger Fëmmerin

Eng Patientin déi u Mukoviszidose (eng zystesch Fibrose) erkrankt ass,

Kanada: Dem Premierminister seng Korruptiounsaffär huet Folgen
full house cast dating https://moien.lu/dating-sri-lankan-guys/

Kanada: Dem Premierminister seng Korruptiounsaffär huet Folgen

Hie war de Pop-Star vun der nordamerikanescher Polit-Zeen, hat de

Politik als Familljenugeleeënheet: Portugal ass keng Ausnam

Wéi familiär dierf et an enger Regierung zougoen?

Politik als Familljenugeleeënheet: Portugal ass keng Ausnam

Et gëtt vill Grënn firwat d‘Mënschen es der Politik iwwerdrësseg sinn, an dat wat sech d‘Regierung a Portugal erlaabt, gëtt vill Kritiker Recht. Bei enger Sëtzung vum Ministerrot, déi 18 Memberen zielt, sinn net manner wéi véier „Silvas“ derbäi, déi awer net alleguerte matenaner verwannt sinn.

A Portugal ass dësen Numm esou geleefeg wéi „Gomes“, „Oliveira“ oder och nach „Perreira“, wat kéint dorunner leien, datt si (meeschtens) zwee Familljennimm hunn. Firwat gesi mir also eng „Seelschaft“ an der portugisescher Regierung? Am Februar huet de sozialistesche Ministerpresident Antonio Costa, säi Kabinett nei opgestallt an, an dësem sëtzen zwee Memberen, déi Vieira da Silva heeschen. Dat wier och fir Portugal scho méi, wéi nëmmen „Zoufall“ also kuckt ee méi genee hin.

Bei de portugisesche Sozialisten ass et wéi bei bal alle Lëtzebuerger Parteien: Politik ass eng Familljenugeleeënheet. Woubäi bei eis d‘Gesetz nëmmen ee „Familljemember“ an der Chamber zouléisst. Zu Lissabon awer Sëtzen de Papp a säi Meedchen an der Regierung. De Jose Antonio Vieira da Silva, gehéiert der Regierung säit 2015 un, an ass Minister fir Aarbecht a Soziales.

Rezent ass seng Duechter, Mariana Vieira da Silva, vun der Staatssekretärin, zu Präsidialministerin ernannt ginn. Bei hinnen ass zumindest d‘Verhältnis kloer an ersiichtlech. Bei Mann a Fra gëtt et „ondäitlech“, well eng Koppel a Portugal sech kee Familljennumm muss „deelen“. Esou sëtzt den Inneminister Eduardo Cabrita, zesumme mat senger Fra, Ana Paula Vitorino (Ministesch fir Maritim Ugeleeënheeten) um Regierungsdësch. Erschreckend ass, datt et dat scho méi laang gëtt.

Et ass eng onséileg Traditioun, déi erstaunlecherweis vun de Sozialisten héich gehale gëtt. Esou war dem Verdeedegungsminister Joao Gomes Cravinho säi Papp, e fréiere sozialistesche Minister. An och de Joao Soares (Kulturminister 2015/16) hat ee berühmte Papp. Dat war keen anere wéi den als „republikanesche Monarch“ verkläerte Staatspresident a Leader vun de Sozialisten: Mario Soares.

Bei esouvill „Verwandtschaft“ muss et erlaabt sich d‘Fro ze stellen, wéi familiär et an der Politik dierf zougoen. An erstaunlecherweis ginn hei d‘Meenungen och den Experte wäit ausenaner. Fir déi meescht awer steet „esou eppes“ am Widdersproch zu den demokratesche Grondsätz. De President vu Portugal, Marcelo de Sousa, verwerft de Virworf vun engem „Familljebetrib“, a verweist op déi exzellent politesch Aarbecht vun de concernéierte Regierungsmemberen. Mee geet dat duer?

Ënnert esou enger Konstellatioun, sinn Interessekonflikter virprogramméiert, et muss net emol eng béis Absicht derhannert stoen. Do op Virwërf vun der Oppositioun ze reagéieren, ass schwiereg well ëmmer nees d‘Kredibilitéit a Fro gestallt ka ginn. Elo kann een och en anere Schluss zéien: Et feelt de Sozialisten u fäegem Personal. Deem ass natierlech net esou, wat awer d‘Saach net besser mécht.

mam Jose Manuel Rodrigues Goncalves, Indymedia Lissabon

Ähnlech Sujeten Familljenugeleeënheet, Politik, Portugal, Regierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel