Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Haut ass den Dag vum Panesch!
Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Haut ass den Dag vum Panesch!

Et ass zwar ee kuriéise Feierdag vun eise franséischen Noperen,

UEFA: „Wat mir decidéieren ass Gesetz!“
Neiegkeeten Stories

UEFA: „Wat mir decidéieren ass Gesetz!“

D‘UEFA, déi europäesch Filial vun der FIFA – de facto

Giel Gileten Akt XXII: Roueg zu Paräis, Gewalttäteg zu Toulouse
Neiegkeeten Stories

Giel Gileten Akt XXII: Roueg zu Paräis, Gewalttäteg zu Toulouse

Fir den 22. Samschdeg a folleg huet de Mouvement vun

Politiker geréit a juristesch Turbulenzen an zitt d‘Handbrems

Fir de Roberto Traversini war et keng einfach, dofir eng noutwenneg Entscheedung

Politiker geréit a juristesch Turbulenzen an zitt d‘Handbrems

D‘Virwërf géint de gréngen Député-Maire vun Déifferdeng schéngen hir Berechtegung gehat ze hunn. De Parquet zu Lëtzebuerg huet dann och eng juristesch Instruktioun gefuerdert. Fir Schued vun der Partei ofzewennen huet de Roberto Traversini dann och déi eenzeg valabel Entscheedung getraff a seng Demissioun ugekënnegt.

Eng Decisioun, déi no senger Stellungnam vun e Mëttwoch, dann awer nach als Iwwerraschung gëllt. Do hat hie géintiwwer der versammelter Press säi „Mea-Culpa“ gemaach a Feeler zouginn. Seng Erläuterungen zu de Virwërf ware schlësseg an eigentlech steet et him och, zumindest bis en Uerteel gesprach ass, d‘Onscholdsvermuddung zou. Politik awer schéngt eege Regelen ze hunn.

An et sollt een och net dovunner ausgoen, datt sech de Roberto Traversini, dee sech vill a mat Häerz fir seng Gemeng agesat huet – an dat laang iert hie Buergermeeschter gouf – datt hie sech, nodeems hien dat Haus, wéinst deem et elo massiv politeschen a schlussendlech och juristeschen Drock gëtt, geierft huet, erwaart hätt datt et hien ëm seng politesch Carrière brénge géif. War et dat wäert?

Hei dierf een uféieren, datt et net d‘Ierfschaft u sech ass, déi d‘Problemer geschafen huet. Villméi war et den Ëmgang domatter. Et waren – an och dat ass verständlech bei esou engem alen Haus – eng Rei Aarbechten ufälleg, fir déi et Autorisatioune brauch. Déi hat de Roberto Traversini net, wéi hien et selwer agestanen huet. Seng nodréiglech agereechten Demande war awer ugeholl ginn.

Iwwert déi eege Virsätz gefall

Dat ass dann och net de gréisste Problem deem sech de Politiker ze erwieren huet. Villméi ass et d‘Wucht vun de Beschëllegungen déi him, vu (bal) allen Oppositiounsparteien am Gemengerot zu Déifferdeng, entgéintbruecht goufen. Si hunn him ganz däitlech en Interessekonflikt virgehäit a wéi de Roberto Traversini sech um Mëttwoch dozou ausgeschwat huet, hat de Parquet scho reagéiert.

Eng Informatioun déi de Parquet allerdéngs eréischt no der Annonce, datt de Buergermeeschter säi Mandat géif néierleeën, ëffentlech gemaach huet. Mat der Transparenz bei der Justiz steet et also nach ëmmer net zum beschten. Esou eppes verleet zu massive Spekulatiounen, wéi d‘Meenung datt sech d‘Legislativ an d‘Exekutiv ëmmer op eng gemeinsam Virgoensweis verstännege géifen.

Dem Roberto Traversini seng Entscheedung ass déi richteg a virun allem déi eenzeg valabel fir Famill a Partei aus dëser zimlecher vermuerkster Affär erauszehalen. Datt hien sech dann elo och fir ee puer Deeg wëll zréckzéien, sollt e respektéieren. Et sollt een et dann och net zouloossen datt säin Engagement fir d‘Gemeng, mat dësem politesch wéi mënschleche Fauxpas ugezweiwelt gëtt.

Wat nach ze erwaarden ass

Mir notéieren – nodeems de Parquet entscheet huet an dësem Dossier ze informéieren – datt et um Freideg zu Perquisitiounen op der Gemeng a beim „Centre d‘Initiative et de Gestion Locale“ CIGL komm ass. Eng Aktioun déi net onbemierkt bliwwen ass, firwat de Parquet „éischter gezwonge“ war sech un d‘Medien ze wennen. Op och eppes zu de Perquisitioune gesot gëtt? Wuel éischter net.

Politesch muss et elo zu Déifferdeng awer weider goen, an no enger éischter Sëtzung vun der aktueller Koalitioun „déi gréng-CSV“ ass de Wëllen, weider zesummenzeschaffen, zum Ausdrock bruecht ginn. Wien awer d‘Nofolleg vum Roberto Traversini soll untrieden, datt ass eng aner Affär. Béid Parteie wëllen – an dat ass och gutt esou – dëse Punkt ënnert sech an a Rou klären.

Interessant och nach, datt déi Déifferdenger Piraten, déi wuel net am Gemengerot vertruede sinn, Neiwahle fuerderen. Eng Fuerderung déi ee wuel als politesch Opportunitéit kéint ofstempelen, allerdéngs duerchaus berechtegt ass. Et ass dann och net auszeschléissen, datt – zumindest déi kleng Oppositiounsparteien – dës Fuerderung ënnerstëtze kéinten. Et sollt een dës Optioun am A behalen.

Charismatesch Kregéiler

Ee vun deenen deen sech zolidd géint de Buergermeeschter opgestallt huet, ass de Conseiller Gary Diderich (déi lénk). Hie kommentéiert dem Roberto Traversini seng Demissioun, äussert sech awer net zu méiglechen Neiwahlen. Seng Partei hat dem Buergermeeschter jo och eng Demissioun nogeluecht, well nodeems wat do alles schifgaangen ass, et keng Alternative méi ginn huet.

De Gary Diderich ass dann och ganz mat der Decisioun zefridden. Si kann et méiglech maachen datt nees Vertrauen opgebaut ka ginn. Eppes wat sech net iwwert Nuecht realiséiere wäert loossen, firwat et wichteg wier, datt ee sech op méi Transparenz besënnt an eng méi streng wéi verbessert Kontroll vun de kommunalen Institutiounen ëmgesat gëtt. Dat géif fir Neiwahle schwätzen.

Vergiesse mir net de Fränz Meisch (DP) en anere Conseiller deen de Kapp vum Roberto Traversini gefuerdert huet a méiglecherweis och un Neiwahlen interesséiert ass. Dem Buergermeeschter seng Demissioun hält hien dann och fir déi logesch Konsequenz. Wann awer Diderich a Meisch sech op déi politesch „Konsequenz“ bezéien, missten si net och d‘Mandat als Deputéierten afuerderen?

Kee Stress um Krautmaart

Ze schlecht fir d‘Gemeng awer gutt genuch fir d‘Chamber? Dat ass déi lescht Fro déi sech um Freideg a ville Redaktiounen dierft gestallt hunn. Vun der eegener Fraktioun um Krautmaart huet de Roberto Traversini näischt ze befierchten, och wann d‘Stëmmung eppes bedréckt ass. D‘Josée Lorsché als Fraktiounscheffin gesäit dann och net wou et eng Relatioun tëscht de Mandater gëtt.

Dat kann een esou an der Hetz emol erausjoen, mee et sollt een awer wëssen datt esou eppes sech politesch net vertriede léisst. Zum enge beweist et op en Neits, datt de Cumul vun de Mandater eng denkbar schlecht Iddi war an ass, a sech Mandater nu emol net vunenaner ofkoppele loossen, och wann d‘Politik sech tëscht Gemeng a Chamber ënnerscheet. Dat misst d‘Josée Lorsché wëssen.

An den Deputéierten, Roberto Traversini, muss sech enger Rei juristesche Virwërf stellen, déi net vun der Heck gepléckt sinn: Verontreiung vun ëffentlechem Geld, Verstouss géint den Artikel 107 am Bezuch op de kommunalen Amenagement an déi urban Entwécklung an natierlech de Verstouss géint den Artikel 245 vum Penal-Gesetz, deen déi illegal Interessensbeaflossung betrëfft.

Ähnlech Sujeten CSV, déi gréng, déi lénk, Déifferdeng, DP, KPL, LSAP, Parquet, Prënzebierg, Roberto Traversini, Zon Natura 2000
Nächsten Artikel Virrechten Artikel