Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Op Aarbechtssich: Ee Réckgang vun 1,8% op ee Joer
International Neiegkeeten Stories

Op Aarbechtssich: Ee Réckgang vun 1,8% op ee Joer

D’Zuel vun de Leit, déi eng Aarbecht sichen a bei

Washington vergräift sech am Toun an um internationale Geriichtshaff
International Neiegkeeten Stories

Washington vergräift sech am Toun an um internationale Geriichtshaff

D‘USA hunn sech um Méindeg an enger nach ni dogewieschter

Chantier tëscht den Echangeure Sennengerbierg a Mënsbech
International Neiegkeeten Stories

Chantier tëscht den Echangeure Sennengerbierg a Mënsbech

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt de Stroossebelag op der Autobunn A1

Wisou et an Amerika esou laang dauert ee Polizist ze verhaften

Wisou et an Amerika esou laang dauert ee Polizist ze verhaften

Wou lescht Joer ee Polizist d’Atatiana Jefferson an hirem Doheem zu Fort Worth, Texas erschoss huet, konnt dëse Beamten zwee Deeg méi spéit inhaftéiert ginn. Wou de Freddie Gray an Haft zu Baltimore gestuerwen ass, goufen d’Polizisten zwou Woche drop bestroft.

Elo sinn et e puer Deeg hier, datt den George Floyd zu Minneapolis gestuerwen ass. De Video, deen de Floyd weist, wou hien ëmmer nees widderhëlt „Ech kréie keng Loft“, wärend de Beamten Derek Chauvin hien mam Knéi 8 Minutten um Hals op de Buedem dréckt, ass online verëffentlecht ginn. Ënnert de Mënschen, déi Deeg nom Floyd sengem Dout eng Strof fir d’Beamte fuerderen, ass och de Buergermeeschter vu Minneapolis. Um Freideg huet schliisslech d’Geriicht vun Hennepin County annoncéiert, datt de Chauvin verhaft ginn ass. Vun de weideren dräi involvéierte Beamten ass soss keen bestrooft oder an de Prisong gesat ginn.

Polizist

Et bemierkt een, datt am Fall, wou ee Polizist wärend dem Asaz eng Persoun erschéisst, dësen net esou behandelt gëtt, wéi ee Verdächtegen, deen direkt no engem Mord an Haft gesat gëtt. Duerch Schutzgesetzer fir Polizisten a speziell Verträg kënnt et zu Verzögerungen. An hei gëtt et schweireg ze gewannen, wëll een de Fall express méi virsiichteg ugeet an en an d’Längt zitt. Dëst hunn Affekote bestätegt, déi am Beräich Feelverhale vu Poliziste schaffen.

„D’Ermëttler gi méi virsiichteg, wann et ëm d’stoofrechtlech Verhandlung vun engem Polizist geet, wéi wann et ëm een normale Verdächtegen bei engem Mord geet, deen och oft schwaarz oder arem ass,“ seet d’Chirty Lopez, Professer am Georgetown Law Center. „Et weess een, datt et méi schwéier ass een ze iwwerféieren.“

Weider erkläert si, datt nieft dem Video vum Virfall ginn, den Ermëttler all anere méigleche Beweis géif sammelen, dorënner Material vu sougenannte Body Cams an Zeienaussoen. Och d’Beamte selwer, déi de Virfall mat erlieft hunn, huele sech Zäit fir géint de Kolleg auszesoen.

De Jonathan Smith, fréiere Leeder am Beräich vum spezielle Rechtssträit, füügt dobäi, datt wann ee Polizist involvéiert ass, d’Justiz oft zu Gonschte vum Ugekloten handelt. Am Fall vum Atatiana Jefferson wieren déi zwee Deeg tëscht dem Dout an der Inhaftéierung atypesch schnell verlaf.

Polizist

Dës weideren géifen d’Polizisten vun enger Aart „Cooling-Off“-Period profitéiere kënnen, wat bei enger normaler Ermëttlung net agesat géif ginn, sou den J. Ashwin Madia, Affekot zu Minneapolis, dee Famille vertrëtt, déi géint Beamte kloen. Wärend dëser Ofkill-Phas hätten d’Polizisten Zäit sech mam Rot zesummen ze setzen, a vun hiren Rotschléi Gebrauch maachen ze kënnen.

Bei „kritesche Virfäll“ – wou och den Dout an Haft dozou gehéiert – muss dem Polizist esou gesinn eng „ugemiesse Chance“ gebuede ginn fir een Affekot dozou ze zéien, ier si da fräiwëlleg hir Ausso ofginn. Dësen Zäitraum ass am Kontrakt awer net spezifizéiert.

D’Verträg tëscht der Stad an de Poliziste sinn Enn 2019 ausgelaf, allerdéngs si bis ewell keng Nei erstallt ginn. Deemno kënnen d’Beamten och d’Käschte vun der Verhandlung vun der Stad rembourséiert kréien, och wann an dësem Fall déi véier Polizisten nom Floyd sengem Dout hir Aarbecht verluer hunn. Dobäi kënnt, datt dem Vertrag no d’Beamten eng schrëftlech Zesummefaassung mussen erareechen, ier si sech zwee Deeg drop mëndlech äusseren.

A verschidde Staaten bestinn nach Gesetzer déi dem Polizist weidere Schutz am Fall vun enger Ermëttlung zouspriechen. Dëst ass och zu Minnesota de Fall. Polizisten, déi eng aner Persoun ëmbruecht hunn, kënnen eng Plainte wéinst dem Mëssbrauch vum Zivillreecht kann gemaach ginn, mee oft géif de Federale Procureur ofwaarde, wat lokal decidéiert gëtt.

Um Donneschdeg gouf schliisslech annoncéiert, datt am Fall Floyd ermëttelt soll ginn. Kuerz nom Chauvin senger Inhaftéierung um Freideg hunn d’Justiz an den FBI dunn erkläert, datt si kucke wäerten, ob beim Floyd sengem Dout federal Zivillrechter mëssbraucht gi wieren. Et géing een engagéiert an enk zesummeschaffen, fir all relevant Beweisstéck ze sammelen.

Och wann d’Beamten fir de Virfall bestrooft ginn, esou ännert et näischt um déiwe kulturelle Problem, sou de Smith. „De Virfall weist, datt eppes déifgräifendes virläit. Aner Beamte stoungen niewendrun an hunn einfach nogekuckt, wéi dëse Mann keng Loft méi krut.“

Zesumme mat indymedia/min/hou/was/nyc

Opmaacherbild: © China Daily

Ähnlech Sujeten Antifaschismus, Ermëttlung, George Floyd, Gesetz, Klo, Minneapolis, Polizist, Prisong, Rassismus, Video
Nächsten Artikel Virrechten Artikel