Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Festival Cycliste Skoda Garage Serge Tewes: Ännerungen am Verkéier
Stories

Festival Cycliste Skoda Garage Serge Tewes: Ännerungen am Verkéier

D’Stad Lëtzebuerg informéiert d’Ëffentlechkeet, datt um Sonndeg, de 25. August

https://moien.lu/when-did-baekhyun-and-taeyeon-start-dating/
https://moien.lu/plus-size-dating-apps-free/
Stories

D’Xavier Naidoo Polemik, erkläert

Die Söhne Mannheims hunn den 20. Mee en Optrëtt an

Du kucks vill Filmer a Serien? Da kenns du bestëmmt des Schauspiller!
Stories

Du kucks vill Filmer a Serien? Da kenns du bestëmmt des Schauspiller!

Op jonk, op al: jiddereen huet op mannst e puer

Polizist: Keen einfachen „Job“

Polizist: Keen einfachen „Job“

Op Meschelsdag, an dat huet Traditioun, éiert d‘Police hire Patréiner den hellege Meschel. E Rendez-vous, deen och dëst Joer e sëlleche Gäscht aus dem In- an Ausland an de Cercle op der Plëss gezunn huet.

An se sinn och all komm, de Premier Xavier Bettel, de Justizminister Felix Braz an de Vizepremier Etienne Schneider, deen och fir d‘Sécherheet an esou de Corps vun der Police zoustänneg ass. Mee aus de Chamber haten sech nieft dem Chamberpresident Mars di Bartolomeo vill Deputéierten am Cercle afonnt, fir de Beamten de verdéngte Respekt ze erweisen.

Méchelsdag

Den Direkter vun der Police, Philippe Schrantz, kann et kaum erwaarden, datt d‘Gesetz zur Reform vun der Police endlech den Instanzewee packt. © Martine de Lagardère/moien.lu

An senger Usproch ass den Direkter vun der Police, Philippe Schrantz kuerz op d‘Aktualitéit agaangen. „Et vergeet keen Dag ouni schlecht Noriichten“, esou den Direkter vun der Police, dee hei awer virun allem d‘Virfäll am Ausland uschwätzt. Et sinn dann awer och Noriichten déi zu Lëtzebuerg net ongesinn, ongeliess, laanscht ee ginn.

Ëmsou méi verständlech, datt eis Police sech un de Suerge vun de Bierger orientéiert. Dofir kann de Philippe Schrantz d‘Gesetz zur Reform vun der Police kaum erwaarde. Eng Reform déi noutwenneg ass, engersäits well se de legale Kader schaaft fir de Beamte bei der Ausübung vun hirer Aarbecht Rechtssécherheet ze ginn, anersäits well se de Bierger eng ersiichtlech an net „gefillte“ Sécherheet vermëttelt.

Kee Policestaat

Grousse Wäert awer leet den Direkter vun der Police op d‘Feststellung, datt mat der Reform, entgéint allem Ramouers, kee Policestaat entsteet. D‘Police suergt mat der Politik an de Bierger fir Sécherheet, d‘Beamte wieren sech hirem Optrag an där domat verbonne Verantwortung bewosst.

Méchelsdag

Eis Police, si Feiert de Méchelsdag an ass all Dag fir eis Sécherheet am Asaz. Si hunn eise Respekt verdéngt, och oder vläicht grad well se eis heiansdo mussen un déi gesellschaftlech Reegelen erënneren. © Martine de Lagardère/moien.lu

„Ce n‘est pas l‘uniforme qui fait la différence, mais l‘état d‘esprit“, zitéiert de Philippe Schrantz e franséische Komerod dee kierzlech an d‘Pensioun gaangen ass. Sozial verantwortlech a gutt Ausgebilt, esou gesäit de Polizist vu muer aus. An et soll jo och gewosst sinn, datt den Toun d‘Musek mécht. Den Dialog steet ëmmer virun der Repressioun.

Dat et wuel nach e Moment wäert brauche bis d‘Ëmstellung duerch déi nei Gestaltung vu den Kommissariater beim Bierger ukënnt, och dees ass e sech bei de Police am kloren. Trotz allem huet et Virdeeler, wéi beispillsweis d‘Harmoniséierung vun den Ëffnungszäiten. Et wier een allerdéngs gutt beroden trotz allem ee Rendez-vous ze maachen, wann een dann emol op de Büro misst goen.

Eng aner, besser Police

Mat der Reform an den Ustrengungen déi bei der Formatioun gemaach ginn, wäert d‘Police vu muer eng aner sinn. Och e neie Look soll se kréien. Béides ass ubruecht, woubäi d‘Noutwennegkeet vum Gesetz vu kengem a Fro gestallt gëtt. Mat der „Police administrative“ gëtt zudeem och d‘Preventioun verstäerkt.

Méchelsdag

De Justizminister Felix Braz an de Premier Xavier Bettel sinn vun der gudder Aarbecht vun der Police iwwerzeegt a setzen sech och fir déi noutwenneg Reform an. © Martine de Lagardère/moien.lu

Hei kann am Virfeld agéiert an Affer verhënnert ginn, dat ouni déi individuell Fräiheet a Fro ze stellen. Den Abus wier dann och éischter onwahrscheinlech. „D‘Police ass dat am beschten iwwerwaachten Organ am Staat. All Mënsch filmt alles mat sengem Telefon, d‘Press kuckt och genee hin (…) en läit ee souzesoen um Röntgendësch“, esou de Philippe Schrantz.

Eis Police ass dann och gutt opgestallt. D‘Kriminalitéit ass réckleefeg, och wann déi aktuell Zuele beschtefalls indikativ kënne sinn, d‘Joer ass jo och nach net eriwwer. De Corps verfüügt iwwer ronn 2.200 Mann, wouvunner 300 als zivilt Personal täteg sinn. Den Equipement ass op engem héijen Niveau. D‘Aarbecht selwer awer ass keng einfach. An dësem Joer sinn eng 60 Beamte bei der Ausübung vun hirem Beruff blesséiert ginn, dorënner 24 am Kader vu Rebellioun.

De Minister steet hannert senge Leit

Fir den Etienne Schneider ass d‘Police eng grouss Famill. Si verdéngt d‘Unerkennung vun der Regierung an de Bierger gläichermoossen. Datt de Budget konsequent ass, muss a Relatioun mat de Besoinen an den Ufuerderunge vun haut gestallt ginn. Et gëtt och vill ënnerholl fir méi Beamten auszebilden, an déi wou hiren Exame packen, wieren dann och sécher eng Plaz ze kréien.

Méchelsdag

De Vizepremier Etienne Schneider steet hannert de Beamten. No enger Rei Amendementer gëtt elo den zousätzlechen Avis vum Staatsrot erwaart. Da kann d‘Gesetz och endlech an der Chamber gestëmmt ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Mat de Verännerungen, wéi zesummeféiere vun de Kommissariater, ass et méiglech méi Leit op deene Plazen anzesetze wou se schlussendlech och gebraucht ginn. Polizisten am Bannendéngscht déi an d‘Pensioun ginn, do wou et méiglech ass, duerch zivilt Personal ersat. Och dat erlaabt et der Police méi präsent ze sinn an et erhéicht d‘Sécherheet.

Wat d‘Reform ugeet, esou ass den Etienne Schneider iwwerzeegt um gudde Wee ze sinn. D‘Amendementer si gemaach, den Awänn vum Staatsrot ass Rechnung gedroe ginn. Vill Acteuren hunn sech um Gesetz bedeelegt an den „avis complementaire“ aus dem Staatsrot misst och geschwënn virleien.

Foto: Et dierf een iwwert de „Look“ gedeelter Meenung sinn. Wou ee sech awer sollt eens sinn, dat ass iwwer déi gutt Aarbecht, déi net ëmmer kamoud ass an och Gefore mat sech bréngt, déi d‘Damen an Hären an Uniform leeschten. Si sinn de Garant fir eis Sécherheet an et geet u sech duer sech uerdentlech ze behuele fir gutt laanscht eneen ze kommen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Etienne Schneider, Méchelsdag, Philippe Schrantz, Police, Policereform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel