Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
De Pensiounsregimm gëtt zum Wahlkampfthema
sims 3 matchmaking service

https://moien.lu/best-korean-dating-websites/

Wann ee sech eens ass, datt de Wuesstem zu Lëtzebuerg

https://moien.lu/current-dating-apps/
sims 3 matchmaking service

Andalusien: déi Rietsextrem erueweren d‘Regionalparlament

Eng kleng rietsextrem Partei, d‘VOX, huet e Sonndeg seng Entrée

Katalounien: Generalstreik a masseg Protest géint de Separatisteprozess
sims 3 matchmaking service

Katalounien: Generalstreik a masseg Protest géint de Separatisteprozess

Zu Madrid kréien 12 Separatisteleader de Prozess gemaach. D‘Roserei vun

Du muss The Polka King net kucken. Schueden deet et der awer och net!

Eng Filmkritik

Du muss The Polka King net kucken. Schueden deet et der awer och net!
Jack Black in the Polka King
Du muss The Polka King net kucken. Schueden deet et der awer och net!
The Polka King
Du muss The Polka King net kucken. Schueden deet et der awer och net!
The Polka King
Du muss The Polka King net kucken. Schueden deet et der awer och net!
The Polka King
Du muss The Polka King net kucken. Schueden deet et der awer och net!
The Polka King
Du muss The Polka King net kucken. Schueden deet et der awer och net!
Polka King

The Polka King ass e Film, deen ee weder als gutt, nach als schlecht bezeechne kann. En ass éischter wéi sou eng Windows-Fënster, bei där een nëmmen op OK klicke kann, fir datt se verschwënnt. En ass do, ass kompetent an net méi.

Beim Polka King gëtt d’Liewen vum Jan Lewan, engem US-Polkamuséker, deen an den USA probéiert, eng Zort Polka-Imperium opzebauen. Dat klappt awer net, am Plaz dovunner entwéckelt en en Schnéiball-Investitiouns-System, deen éischtens illegal ass an zweetens déi eegen eeler Fans ëm hiert Geld bedréit. An et ass dës Kombinatioun aus faarwegen Polka-Concerten an dem sympatheschen Jan Lewan, déi de Film virun dreift. Dobäi kënnt et engem esou vir, wéi wann de Jan Lewan éischter aus Zoufall an Onwëssen seng Leit bedupst anstatt aus iergendenger negativer Energie.

Ze wéineg Komik, ze wéineg Dramatik – et feelt un allen Ecken an Enn

De Film gëtt sech ganz vill Méi, fir als Komödie duerchzekommen. Dommerweis feelt et dofir u wierklech witzege Momenter. Weder d’Dialogen, nach d’Situatiounskomik si gelongen. Esou driipst de Film viru sech hin a schleeft sech vun engem surrealistesch ugehauchte Moment zum aneren. Well ee kaum gleewe kann, ewéi dat alles ofleeft, deet een sech dann awer villäicht déi 93 Minutten un, déi de Film dauert. Oder et ass een e massiven Jack Black- an/oder Polka Fan (et soll se ginn!). De Schauspiller hëlt wierklech alles aus senger Figur eraus a packt et, de Polka King sympathesch eriwwer ze bréngen. Och de Rescht vum Cast ass ganz zolidd.

Leider traut sech de Film relativ wéineg. D’Kamerastellunge sinn handwierklech kompetent, mee erzeuge kee Witz. De Schnëtt ass kenger Bemierkung wäert an de Sets feelt et villäicht u charmanten Details. Nee, groussaarteg Ambitioune waren hei net am Spill, mee op mannst ass alles an engem ganz akzeptabele Kader.

The Polka King ass wuel ee vun deene Filmer, déi am schwéiersten ze kritiséiere sinn. Si maachen net genuch richteg oder falsch, fir iwwerhaapt um Radar opzetauchen. Wier den Jack Black net an der Haaptroll, géif de Film ouni grouss Opreegung ze provozéieren, komplett ënnergoen. Mee voilà, wie verzweiwelt no eppes sicht, fir op Netflix ze kucken, dee kann sech dëst undoen. Mee de Service huet genuch gutt Filmer (a Serien) a senger Offer, als datt een et net misst.

Ähnlech Sujeten Film, Jack Black, Netflix
Nächsten Artikel Virrechten Artikel