Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Méisproochegkeet weist Lëtzebuerg de Wee fir an d’Zukunft
https://moien.lu/red-flags-to-look-for-when-online-dating/

D’Méisproochegkeet weist Lëtzebuerg de Wee fir an d’Zukunft

Haut ass den internationalen Dag vun der Mammesprooch. A seelen

presentasjon av seg selv dating
https://moien.lu/red-flags-to-look-for-when-online-dating/

adore online dating

Tëscht dem 29. August an dem 29. September bréngt de

Wann et bis rullt!
https://moien.lu/red-flags-to-look-for-when-online-dating/

Wann et bis rullt!

  De leschte Weekend war den Dylan Pereira zu Spielberg

Polnesch Communautéit zu Lëtzebuerg fuerdert Veto vum Andrzej Duda an

Polnesch Communautéit zu Lëtzebuerg fuerdert Veto vum Andrzej Duda an

Pulse of Europe Lëtzebuerg hat um Sonndegowend zu engem Protestpiquet virun der polnescher Ambassade agelueden. Grond heifir sinn d‘Reformen déi vun der nationalkonservativer PiS (Partei fir Recht a Justiz) kierzlech duerchgeboxt gi sinn.

D‘Gesetzer déi d‘läscht Woch a Polen de facto d‘Onofhängegkeet vun der Justiz ofgeschaaft hunn, stinn allem demokratesche Versteesdemech entgéint. Och d‘EU-Kommissioun huet hei d‘Suerg, datt no der Kontroll iwwert d‘Medien, d‘Regierung sech och der Justiz bemächtegt. A Polen selwer hunn a ville Stied an Dierfer d‘Bierger géint dës Entscheedung demonstréiert.

„Dräi mol Veto“

Esou waren dann eng 60 bis 70 Leit, dovunner vill Membere vun der polnescher Communautéit dem Appell nokomm. Mat der Fuerderung „dräi mol Veto“ wollten d‘Leit esou dem President Andrzej Duda verständlech maachen, datt déi Reformen ondemokratesch sinn. Och géifen déi Gesetzer net de Wäertvirstellungen entspriechen, déi ee sech als EU-Bierger zueegen gemaach huet.

Onmëssverständlech Messagen un den Ambassadeur an d‘Regierung a Polen. Déi polnesch Communautéit zu Lëtzebuerg wéinst de Reformen vun der Justiz beonrouegt (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Mat der Ënnerstëtzung vun Ungarn, ka Polen allerdéngs berouegt no vir kucken. D‘EU kéint sech nëmme géint d‘Reformen duerch den Asaz vun Artikel 7 wieren. Do misst dann awer en der EU Eestëmmegkeet herrschen. De Viktor Orban huet déi awer scho refuséiert a stäipt der nationalkonservativer PiS de Réck. Vill Polen hei zu Lëtzebuerg sinn besuergt wéi et an hirem Land weider soll goen. Zum Gléck huet den Andrzej Duda säi Veto ageluecht, wann och nëmmen an zwee Punkten.

Foto: Eng ronn 60 bis 70 Leit waren dem Appell vu Pulse of Europe Lëtzebuerg nokomm, an haten sech zu engem Protestpiquet virun der polnescher Ambassade versammelt (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Polen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel