Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

S.d.S. Sport-Wochen: vum 14. Juli bis den 8. September – Et sinn nach Plaze fräi!
International Neiegkeeten

S.d.S. Sport-Wochen: vum 14. Juli bis den 8. September – Et sinn nach Plaze fräi!

Säit elo méi wéi 35 Joer, organiséiert de Sportdéngscht vun

Jean Asselborn: Staark Suergen zu de reliéise Minoritéiten am Iran a Jemen
International Neiegkeeten

Jean Asselborn: Staark Suergen zu de reliéise Minoritéiten am Iran a Jemen

Den Aussen-an Europaminister Jean Asselborn huet folgend Deklaratioun zur Situatioun

Motorsport: Stock-Car Meeschterschaft gestart
International Neiegkeeten

Motorsport: Stock-Car Meeschterschaft gestart

Bei beschtem Wieder haten eng ronn 3.000 motorsportbegeeschtert Zuschauer de

Polnesche Premier entléisst kuerzfristeg zwee Minister

Polnesche Premier entléisst kuerzfristeg zwee Minister

Iert sech de polnesche Premierminister Mateusz Morawiecki um Dënschdegowend mam EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker zu Bréissel getraff huet, hat hien nach séier zwee kontroverséiert Ministeren „virun d‘Dier gesat“.

D‘Entloossung vum Ausseminister an dem Verdeedegungsminister geschitt am Kontext vun der Regierungsëmbesetzung, vun där och aner Ministère betraff sinn. Eng Moossnam déi zu engem Zäitpunkt geholl ginn ass, wou de polnesche Premier beméit ass, déi ugespaante Relatioun tëscht Warschau a Bréissel ze entschäerfen.

Fir den Eryk Mistewicz, kann de neie Cabinet „zu enger neier Ëffnung géintiwwer der EU bedeiten, an e staarkt Signal un Europa sinn. De Morawiecki an de neien Ausseminister Jacek Czaputowicz si Persounen, déi ee net ka beschëllegen de Polexit ze fërderen“.

Zu Bréissel schéngt een dann och der Meenung ze sinn, datt sech Situatioun verbessert. „Mir sinn mat Polen net am Krich“, sot um Dënschdeg de Pressespriecher vun der Kommissioun, Margaritis Schinas. An och de Jean-Claude Juncker huet bestätegt: „Mir wëlle mat der neier polnescher Regierung den Dialog engagéieren, fir eng konstruktiv Léisung ze fannen, an net Drock op Polen auszeüben, andeems hinne gedréit gëtt, déi europäesch Subventiounen ze kierzen“.

Iwwerrascht

Zu Warschau war et dann awer d‘Entloossung vum Verdeedegungsminister Antoni Macierewicz, déi fir déi gréissten Iwwerraschung gesuergt huet. Hien ass duerch den Inneminister Mariusz Blasczak ersat ginn.

De fréieren antikommunisteschen oppositionellen, e charismatesche Riedner, Haaptverdeedeger vun der „Attentat-Theorie“, déi den Dout vum President Lech Kaczynski béi der Fligerkatastroph vu Smolensk erbäigefouert hätt, a vum konservativen Elektorat gestëtzt gëtt, hat den Androck hannerlooss, fest op sengem Ministerstull ze setzen.

Bedauerlecherweis ass den Antoni Macierewicz och en héich kontroverséierte Personnage. Dat virun allem wéinst sengen Entscheedungen an Deklaratiounen. Zudeem stoung hien am oppene Konflikt mam President Andrzej Duda wéinst groussen Divergenzen iwwert bei der Reform vun der Arméi. Um polnesche „Schachbriet“ schéngt de neie Premierminister also ze Punkten.

Kritesch Reformen

Et ass allerdéngs och méiglech, datt aussepolitesch Grënn d‘Entscheedung vum Premierminister beaflosst hunn.

Besuergt duerch d‘Entwécklung vum Rechtsstaat a Polen, an notamment vun de kontroverséierte Reforme vun der Justiz, huet d‘EU-Kommissioun géint Polen eng ni agesate Prozedur ageleet. Mam Artikel 7 vum EU-Traité, dee bis zur Suspendéierung vum Stëmmrecht ka féieren, huet Bréissel seng Positioun däitlech gemaach.

Ofgesi vu de Spannunge mat Bréissel, war de geschassten Ausseminister Witold Waszczykowski och mam Donald Tusk am Clinch. De fréiere liberale Premierminister vu Polen war als EU-Rotspresident erëmgewielt ginn, an eenzeg Polen hat géint den Tusk gestëmmt.

An och d‘Relatioune mat Däitschland a Frankräich haten ënnert dem Waszczykowski gelidden. Eleng Ungarn mam Victor Orban steet Polen nach zur Säit. De neien Ausseminister ass e Beruffsdiplomat deen dem Zentrumsfligel vum PiS zougerechent gëtt, an et gëtt sech erhofft, datt hien nees zu besseren diplomatesche Bezéiunge ka bäidroen.

Ëmbesetzung och an anere Beräicher

Entlooss ginn ass och den Ëmweltminister Jan Szyszko. Deen hat sech mat der EU iwwerworf, well hien averstane war, datt am ale Bësch vu Bialowieza Beem gehae ginn. Säin Depart hunn d‘Ekologisten direkt begréisst, an d‘ONG „ClientEarth“ erhofft sech, datt de Ministère sech nees fir d‘Erhale vum Patrimoine asetzt.

De Gesondheetsminister Konstanty Radziwill hat d‘Doktere géint sech opbruecht, well hien eng konsequent Erhéijung vum Budget fir d‘Gesondheet net konnt ëmsetzen.

D‘Oppositioun huet mat grousse Skepsis den Ëmbau vun der Regierung zur Kenntnis geholl. „Vun eisem Standpunkt aus ännert sech näischt. An och wann elo nei Personnage gëtt, déi wuel e besseren Androck maachen, esou mussen och déi zu gudder Lescht den Uerder vum Jaroslaw Kaczynski befollegen“, esou den Tomasz Siemoniak vun der PO (Bierger-Plattform).

mam Maja Czarnecka an dem Stanislaw Waszak/AFP

Foto: Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker (r) huet den neie polnesche Premierminister Mateusz Morawiecki um Dënschdegowend zu engem Aarbechtsiessen empfaangen. © John Thys/AFP

Ähnlech Sujeten EU-Kommissioun, Jean-Claude Juncker, Mateusz Morawiecki, Polen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel