Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Gesetzprojet 7049, erkläert
International Neiegkeeten

https://moien.lu/30-too-late-to-start-dating/

Gëschter hat den OGB-L eng Demonstratioun géint de Gesetzprojet 7049

how to make online dating successful
International Neiegkeeten

30 Joer ländlech Entwécklung: Esou geet Koler mat guddem Beispill vir!

Ganzer 30 Joer gëtt zu Lëtzebuerg un der ländlecher Entwécklung

Satir am Déngscht vun der Demokratie
International Neiegkeeten

Satir am Déngscht vun der Demokratie

Satire huet aktuell Héichkonjunktur. Dovunner kann een sech liicht iwwerzeegen,

Polnesche President Duda leet Veto an

Zwee vun dräi Gesetzer blockéiert

Polnesche President Duda leet Veto an

Um Méindeg huet de polnesche President Andrzej Duda säi Veto géint d‘Gesetzer zur Reform iwwert den ieweschte Geriichtshaff an den Nationalrot vun der Magistratur ausgeschwat. Deem ware massiv Protester am ganze Land virausgaangen. Och säitens der EU ware Sanktiounen ugekënnegt ginn.

D‘Gesetzer, déi no der Meenung vun de Géigner d‘Onofhängegkeet vun der Justiz a Fro gestallt hätten, ginn zeréck un d‘Parlament verwisen. Do brauch et elo eng Majoritéit vun dräi Fënneftel, déi d‘PiS (Partei fir Recht an Justiz) net huet, fir se ënnert hirer aktueller Form duerchsetzen.

Vum President Duda, Member vun nationalkonservativer PiS, ass een net ausgaangen, datt hien sech géint den Afloss vum Jaroslaw Kaczynski géing erhiewen. Domadder ass d‘Iwwerraschung awer net ofgeschloss. Den Duda huet ugekënnegt, datt hie selwer ee neie Gesetzesvirschlag wëll abréngen. Déi nei Texter sollte mat Hëllef vun Experten an den nächsten zwee Méint virleien.

Ee Gesetz ass duerchgaangen

De Spriecher vum polnesche President huet awer matgedeelt, datt en drëtt kontroverséiert Gesetz wäert ënnerschriwwe ginn. Dëst erlaabt et dem Justizminister d‘Presidente vun de Geriichter ze ersetzen. Dat ouni mussen eng Ursaach dofir unzeginn.

Trotz dësem Fait, ass d‘Oppositioun iwwert den duebele Veto vum President Duda frou. „Et ass sécherlech e Schratt an déi richteg Richtung“, sot d‘Kamila Pihowicz-Gasiuk, Deputéiert vun der liberaler Partei Nowoczesna, „e Beweis datt den Drock aus dem Vollek Wierkung huet“.

D‘Entscheedung ass no villen Deeg vu Protestaktiounen an de Stroossen annoncéiert ginn. „Mir wëllen de Veto“, haten d‘Bierger nach um Sonndeg virum Presidentepalais geruff. Och D‘EU-Kommissioun hat Warschau dozou opgeruff d‘Reformen ze suspendéieren. Si hat och domadder gedréit, Polen säi Wahlrecht an der EU ze entzéien.

Alles muss am A behale ginn

Nom bekannt gi vum Presidente-Veto huet ee Méindeg de Spriecher vun der EU-Kommissioun, Margaritis Schinas, nëmme matgedeelt, datt d‘Situatioun vun de Kommissäre géif gepréift ginn. „Mir verfollege ganz intensiv d‘Entwécklung vun der Situatioun“, sot hien, an erënnert drun, datt dem Frans Timmermans seng Offer fir en Dialog bis ewell vu Warschau refuséiert gouf.

Och d‘Organisatioun vun de Magistraten a Polen, hunn hir Bedenken zu de Reformprojeten zum Ausdrock bruecht. Esouguer den amerikanesche Statedepartment huet sech „besuergt“ ausgedréckt. Dat während säitens der Oppositioun virum engem Staatsstreech gewarnt gëtt.

Op der Televisioun huet de Staatschef an senger Deklaratioun matgedeelt: „Ech hunn entscheet d‘Gesetzer an d‘Parlament zeréck ze weisen, also mäi Veto géint d‘Gesetz zum ieweschte Geriichtshaff an dem iwwert de Nationalrot vun der Magistratur anzeleeën, well se matenee verbonne sinn“. Den Duda huet awer och betount, datt eng Reforme vum Justizsystem néideg ass.

De President Andrzej Duda huet effentlech matgedeelt, datt hie säi Veto géint zwee vun de Gesetzer bei der héich kontroverséierter Justizreform ageluecht huet (© Janek Skarzynski/AFP)

Fir de Fridden

„Et gehéiert net zu eiser Traditioun, datt de Procureur General sech an d‘Aarbecht vum ieweschte Geriichtshaff kann amëschen, esou wéi dat am neie Gesetz virgesi war“, sot de President. „Ech wëll och net, datt sech d‘Situatioun verschlechtert. Si verschlëmmert d‘Deelung vun der Gesellschaft. Et gëtt nëmmen ee Polen. Polen brauch Fridden an ech fille mech als President verantwortlech“.

Déi nationalkonservativ PiS huet d‘Reforme weiderhi verdeedegt. Déi wieren noutwenneg fir d‘Justizsystem ze rationaliséieren, d‘Korruptioun ze bekämpfen an der Kast vun de Riichter en Enn ze bereeden. D‘Deputéiert vum PiS waren ee Méindeg allerdéngs sichtlech iwwerrascht an deels schockéiert. Se sinn dann och an hire Commentairë virsiichteg bliwwen, während d‘Partei eng Drénglechkeetssëtzung ofgehalen huet.

Ee vun de „staarke“ Leit aus der Partei, de Jacek Sasin, huet op der ëffentlecher Tëlee TVP-Info gesot: „datt mir wéinst dëser Entscheedung nach laang wäerte musse waarde, fir d‘Justiz a Polen kënnen ze reforméieren“.

Een ass zefridden

Den ale President Lech Walesa huet sech „agreabel iwwerrascht“ gesot. „D‘Vollek erwächt, déi jonk erwächen (…) Mir wäerten et esou maachen, datt déi Leit (déi nationalkonservativ) vum falsche Wee ofkommen oder mir wäerten se ersetzen“, esou den historesche Chef vun der Gewerkschaft „Solidarność“.

Säitens de Magistraten, huet déi éischt Presidentin vum ieweschte Geriichtshaff, Malgorzata Gersdorf no enger Entrevue ëffentlech Merci gesot. Si huet hir „intellektuell“ Zesummenaarbecht ugebuede fir nei Texter auszeschaffen.

mam Bernard Osser/AFP

Foto: Déi polnesch Bierger hu virum Presidentepalais weider demonstréiert, nodeems de President Andrzej Duda ukënnegt hat säi Veto géint zwee vun de Gesetzer zur Reform vun der Justiz anzeleeën. (© Janek Skarzynski/AFP)

Ähnlech Sujeten EU, Europa, Polen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel