Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europa: Méi Majoritéit woen an der Steierpolitik
https://moien.lu/how-to-write-a-good-profile-for-dating-site/ Neiegkeeten

plenty of fish search dating site

Déi europäesch Kommissioun huet de vergaangenen Dënschdeg e Virschlag virgeluecht,

https://moien.lu/dating-reply/
https://moien.lu/how-to-write-a-good-profile-for-dating-site/ Neiegkeeten

Praktesch Informatiounen zu de Wahle vun der Handelskummer

E Freideg huet de Wahlbüro dee mat der Organisatioun vun

surprise
Grousse „Kino“ virum Landwirtschaftsministère fir de Verbuet vum Glyphosat
https://moien.lu/how-to-write-a-good-profile-for-dating-site/ Neiegkeeten

Grousse „Kino“ virum Landwirtschaftsministère fir de Verbuet vum Glyphosat

Well se sech zu Bréissel um 27. an 28. November

Trotz grousser Maniff, huet de polnesche Senat eng kontrovers Reform ugeholl

Trotz grousser Maniff, huet de polnesche Senat eng kontrovers Reform ugeholl

An der Nuecht op e Mëttwoch, huet de polnesche Senat engem kontroverséierte Gesetzprojet zur Wal vum neie President vum ieweschte Geriichtshaff zougestëmmt. Dat ganzt ënnert dem Gejäiz vun de Manifestanten, déi dës vun der EU kritiséierte Reform verhënnere wollten.

60 Senateure waren derfir, 30 hu sech dergéint ausgeschwat an een huet sech enthalen. Nom Vott sinn d‘Senateure vun der Oppositioun opgestanen an „fräi Geriichter“ oder „Fräiheet fir Polen“ gejaut. Eng Aktioun déi wuel nëmme symbolesch ass, dofir awer déif blécke léisst, wéi gedeelt déi polnesch Gesellschaft zanter der Muechtiwwernam vun der PiS-Partei ass.

D‘Gesetz, dat e Freideg an enger „Express-Prozedur“ duerch d‘Chamber „gejot“ gouf a mat de Stëmme vun der Majoritéit ugeholl ginn ass, muss elo nach vum Staatschef Andrzej Duda ënnerschriwwe ginn. Deen dierft dëst Gesetz benotzen, fir vun der PiS-Partei (Partei fir Recht a Justiz) d‘Zoustëmmung fir säi Referendum fir eng nei Verfassung ze erhalen.

Gett esou de Rechtsstaat gestierzt?

„Schummt iech!“, „De Senat gehéiert eis!“, „Senateur, ënnerschreif dat net! D‘Geschicht wäert sech un dech erënneren“, dat an nach méi, hunn déi iwwer dausend Manifestanten, déi sech zanter der leschter Woch virum Parlament versammelt hunn, gejaut. An hir Stëmme ware bis an de Senat eran ze héieren. E puer honnert hunn dann och bis zum Vott um 1.40 Auer ausgehalen.

De liberale Senateur Aleksander Pociej (Zivil Plattform, PO): „Dëst Gesetz huet eenzeg an eleng den Zweck d‘Kader vum ieweschte Geriichtshaff auszetauschen“. E Gesetz dat hien als Ugrëff op déi héchste riichterlech Instanz vum Land bezeechent.

Fir d‘Auteure vum Gesetzprojet allerdéngs, soll et virun allem dozou bäidroen, d‘Wahl vun engem neie President vum ieweschte Geriichtshaff ze beschleunegen. Dofir gëtt et e Grond: déi aktuell iewescht Riichterin, Malgorzata Gersdorf, refuséiert sech aus dem Amt drängen ze loossen, wéi et de Wonsch vun der rietskonservativer Majoritéit ass. Et kann een si eben net einfach pensionéieren.

Muss elo Bréissel duerchgräifen?

Mat dëser „Reform“ vun der Justiz, huet sech d‘PiS-Partei net nëmme mat engem Deel vun der Bevëlkerung ugeluecht, mee och d‘EU-Kommissioun zu Bréissel widder de Kapp gestouss. Vun de Senateuren aus der Oppositioun a Polen war versicht ginn, duerch eng Serie vu Froen an Äntwerten de Vott ze verschleefen, wat wéi ee elo weess net geklappt huet.

An d‘Dispositioune vum Gesetzprojet zum ieweschte Geriichtshaff, huet d‘EU-Kommissioun derzou gezwongen, eng Infraktiounsprozedur géint Polen anzeleeden, well d‘Onofhängegkeet vun der Justiz net méi séchergestallt ass. Och d‘Erklärungen déi Regierungsvertrieder zu Bréissel an de Raum gestallt hunn, ware schlecht, an et kéint elo zu finanzielle Sanktioune kommen.

Déi polnesch Regierung muss sech zudeem enger eemoleger Prozedur stellen, déi vun der europäescher Exekutive géint den Ensembel vun de Justizreformen ageleet ginn ass. Reformen déi systematesch de Rechtsstaat a Fro stellen, an d‘Gewaltentrennung ophieft. D‘Regierung iwwerhëlt mat deene Reformen d‘Kontroll iwwert de Justizapparat.

mat AFP

Foto: Zu Dausenden haten se eng Woch laang virum Parlament gestane fir géint de Gesetzprojet vun der Regierung ze protestéieren. En Dënschdeg wollten d‘Manifestanten d‘Senateuren iwwerzeegen, genotzt huet et séier wéineg. Zweedrëttel vun de Senateuren hunn zougestëmmt. © Wojtek Radwanski/AFP

Ähnlech Sujeten Justizreform, Malgorzata Gersdorf, Polen, Senat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel