Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Katalounien: De Separatisteleader Puidgemont gëtt op
Neiegkeeten

Katalounien: De Separatisteleader Puidgemont gëtt op

No villem Hin an Hier, mee och sécherlech fir Neiwahlen

Stuerm Sabine: De CGDIS zitt säi Bilan
Neiegkeeten

Stuerm Sabine: De CGDIS zitt säi Bilan

Manner staark wéi erwaart an ugekënnegt huet de Stuerm Sabine an

Spärung vum Gousseler Tunnel um Donneschdeg Owend
Neiegkeeten

Spärung vum Gousseler Tunnel um Donneschdeg Owend

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt de Gousseler Tunnel muer den Owend

Pont Viaduc: D’Aarbechte ginn an d’Verlängerung

Pont Viaduc: D’Aarbechte ginn an d’Verlängerung

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt d’Aarbechte vun der Stroossebauverwaltung um Pont Viaduc bis de 25. Februar 2020 verlängert ginn. Beim motoriséierte Verkéier an ëffentlechen Transport ëm an um Pont Viaduc muss weiderhi mat e puer Ännerunge gerechent ginn.

  • Nach bis de 25. Februar inclus (Dënschdes bis Freides, tëscht Mëtternuecht an 4:30 Auer), ass den Ofschnëtt tëscht der Rue Chimay an dem Tunnel René Konen gespaart
  • An dëser Period (vu Méindes bis Donneschdes tëscht 22:00 a 5:00 Auer) entfält d’Haltestell Roosevelt Quai 2 a gëtt ersat duerch:
    • den Arrêt Al Avenue Quai 2 (Linnen 2, 3, 9, 13, 14, 21, 23)
    • den Arrêt Hamilius Quai 2 (Linnen 1/125, 2, 3/30, 4, 9, 10, 11, 14, 16,18, 32)
    • den Arrêt Monterey Quai 1 (Linnen 5, 6, 13, 15, 21, 22, 28, 31)
  • D’Haltestell Roosevelt Quai 1 a Richtung Hamilius/Monterey gëtt normal ugefuerDen Accès an de Passage vun der Bréck ginn dem Foussgänger wärend der ganzer Zäit vum Chantier garantéiert

Den Zirkulatiounsservice vun der Stad Lëtzebuerg këmmert sech ëm eng adequat Beschëlderung. Schonn am viraus entschëllegt ee sech fir eventuell Onannehmlechkeeten am Verkéier.

Ähnlech Sujeten Aarbechten, Bréck, Ëffentlechen Transport, Pont Viaduc, Stad Lëtzebuerg, Stroossebauverwaltung, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel