Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den F91 bitt eng flott Virstellung géint den FC Sevilla
International Neiegkeeten

https://moien.lu/do-nfl-cheerleaders-dating-players/

Erwaardungsgeméiss huet den FC Sevilla den F91 an der Europa

speed dating tiger tiger leeds
International Neiegkeeten

What the Fakt – Mat Blutt-Spende fir d’Liewen!

De 14. Juni dréit sech weltwäit ëm d’Spenden vum Blutt.

Den Dan Kersch presentéiert d’Neiheeten zu de Sozialwahlen 2019
International Neiegkeeten

Den Dan Kersch presentéiert d’Neiheeten zu de Sozialwahlen 2019

Den Dan Kersch, Minister fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial-

Al Männergespréicher iwwer Sex

Däitsche Poopst réit argentineschem Poopst um Zölibat festzehalen

Al Männergespréicher iwwer Sex

De fréiere Poopst Benedikt XVI huet en Appell u säin Nofolger de Poopst Francis geriicht, an dëse gebueden um Zölibat fir Paschtéier festzehalen. Den „Appell“ ass sënnegerweis an engem Buch verpaakt datt de fréiere „Flakhelfer“ aus Bayern mam äerzkonservative Kardinol Robert Sarah wëll geschriwwen hunn. De Prälat aus Guinea huet sech mat senger Bicher eng Renommée gemaach.

Am Buch „Des profondeurs de nos coeurs“ deen am Verlag „Fayard“ (Frankräich) erschéngen ass, schreift de Benedikt „Ech kann net stëll bleiwen“ an veriergert d‘Vatikan-Experten, well hien ëffentlech Stellung zu den Ugeleeënheete vu sengem Successeur hëlt. Woubäi, datt dat soss nach net virkomm ass, kann dem Fait geschëlt sinn, datt den däitsche Rentner schlicht nach um Liewen ass.

Elo heescht, datt de pensionéierte CEO vun der kathoulescher Kierch sech net u säi Verspriechen hale géif, andeems et drëms geet sech „ze verbiergen an ze follegen“. Bei esou Versprieche kann een novollzéien, datt déi virecht Amtsinhaber et virgezunn hunn, dat ierdescht hannert sech ze loossen. Woubäi et natierlech keng einfach Cohabitatioun ass, wann al Männer mussen eens ginn.

Den Däiwel muss wuel seng Fanger am Spill hunn

Den ex-Poopst an de Kardinol warnen de Francis: déi kathoulesch Kierch dierft sech net vu schlechte Rotschléi, Theater, diabolesche Ligen an am Trend leienden Iertemer beaflosse loossen, déi de kierchlechen Zölibat entwäerte wéilten. Si sinn dann och iwwerzeegt, datt dat stännegt A-fro-stelle vum Zölibat, déi aarm Paschtéier ganz duerchenaner géif maachen. Dat misst ophalen.

Leider geet – anescht wéi am Islam – der kathoulescher Kierch d‘Personal fleeten, firwat den Argentinier préiwe léist, ob een net a bestëmmte Gebidder wéi dem Amazonas oder soss entleeë Géigenden, de Geeschtlechen d‘Bestietnes sollt erlaben. Bei der Amazonas-Synod am Oktober zu Roum haten d‘Bëscheef de Poopst opgefuerdert bestuete Männer als Paschtéier zouzeloossen.

Fir d‘Auteure vum biblesche Pamphlet awer, ass „bestuet sinn“ e 24-Stonne Job, an et wier deemno net méiglech béide Funktioune gläichermoosse gerecht ze ginn. Elo sollt ee gespaant op dem Poopst Francis seng Decisioun waarden dierfen, well dësen ass net bekannt sech seng „Meenung“ vun aneren diktéieren ze loossen. Woubäi, datt hie sollt fir d‘Bestietnes vu Paschtéier sinn, ass och nei.

mat indymedia/rom

Ähnlech Sujeten Bestietnes, Poopst Benedikt XVI, Poopst Francis, Sex, Zölibat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel