Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

tongue
Hues du en Iwwerbléck driwwer, wie mat wiem fusionéiert huet?
Cool International Neiegkeeten

Hues du en Iwwerbléck driwwer, wie mat wiem fusionéiert huet?

No an no fält d’Zuel vun de Gemengen am Land.

surprise
DP & CSV: Esou schnell kann et goen
Cool International Neiegkeeten

DP & CSV: Esou schnell kann et goen

Net wierklech iwwerraschend awer trotz allem onerwaart schnell, huet sech

Reporter ouni Grenze besuergt ëm d‘Pressefräiheet an den Demokratien
Cool International Neiegkeeten

Reporter ouni Grenze besuergt ëm d‘Pressefräiheet an den Demokratien

Am Rapport vun 2018, huet sech d‘ONG Reporter ouni Grenzen

cool

D‘Populisten an Italien hunn hire Regierungsprogramm

D‘Populisten an Italien hunn hire Regierungsprogramm

D‘Koalitioun „Cinque Stelle“ (M5) – Lega Nord huet um Donneschdeg bekannt ginn, datt si e Méindeg dem President vun der Republik, Sergio Mattarella, de Programm vun der éischter „antisystem“ Regierung an Italien wäerte virleeën.

„Ech sinn houfreg op d‘Zäit, déi Deeg a Nuechten déi mat Diskussioune verbruecht goufen. Net fir iwwer Ministeren ze schwätzen, mee iwwer d‘Zukunft vun Italien. E Méindeg gi mir bei de Mattarella an ënnerbreeden him eis Aarbecht“, esou de Matteo Salvini, Leader vun der rietsextremer Lega Nord. Deen ass am Val d‘Aoste, wou um Sonndeg Regionalwahle stattfannen.

De Luigi di Maio, Leader vun der Beweegung „Cinque Stelle“ (M5) schléisst sech deem un a seet: „ech si ganz zouversiichtlech. Mir hunn d‘Basis vun der Regierung geluecht an de Numm vum Premierminister stellt kee Problem duer“. Och hie gëtt am Val d‘Aoste erwaart, eng autonom Regioun mat sonner Statut.

Béid Leader haten sech um Donneschdeg nach emol zu Roum zesummegesat, wou déi lescht strëtteg Punkten am Programm diskutéiert goufen. Och iwwert de Profil an de Numm vum zukünftege Staatschef ass sech nach emol ënnerhale ginn.

D‘Geheimnis

Wien do soll virgeschloe ginn, doriwwer geet geschwiegen. „Ech wäert et net sinn, an de Luigi Di Maio och net. Ech hätt mech bestëmmt gefreet an et wier och eng Éier gewiescht, mee mir wëllen eng Synthees fannen“, esou de Matteo Salvini.

A wann sech um Donneschdeg M5 nach net ganz vum Gedanke lassgesot hat, hire Leader als Premierminister vun Italien ze gesinn, esou ass d‘Hypothees vun engem „Drëtten“ déi plausibelst Léisung. No de Wahle vum 4. Mäerz, déi keng kloer Majoritéit zougelooss hunn, huet dës Koalitioun elo en 22-Punkte Vertrag fir eng „Regierung vum Wiessel“.

E puer Entwërf vum Vertrag waren an de leschte Wochen no bausse gelaangt, an esou och vun de Medien opgegraff ginn. Vertrieder vun de Koalitiounsparteien hunn dann awer ëmmer nees missen drop hiweisen, datt dës Dokumenter längst net méi „up to date“ sinn. Déi „lescht“ Versioun, datéiert op e Méindeg, a soll vun engem Austrëtt aus dem Euro fabuléiert hunn.

Datt huet kuerzfristeg fir Stress op der Bourse gesuergt, déi dann och um Mëttwoch mat engem Minus vun 2,3% zougemaach huet. Déi Mailänner Bourse huet um Donneschdeg mat -0,29% zougemaach, wat dem Verloscht vun de Banke (-10% fir d‘Bank MPS) zougeschriwwe gëtt.

D‘Militanten

Wann den „Italexit“ betrëfft, esou taucht deen net méi „schwaarz op wäiss“ an de leschte Versioune vum Programm op. Op d‘Säit geluecht och d‘Demande un déi europäesch Zentralbank, déi ëffentlech Schold vun Italien, ëmmerhin 250 Milliarden Euro, ze läschen.

Dogéint gëtt un der „flat tax“, eng Akommessteier déi op 15 an 20% festgeluecht ass, an dem Biergerakommes – e Wahlversprieche vu M5, datt zum Erfolleg am Süde vum Land bäigedroen huet – festgehalen. Och eng Reform vum Pensiounsregimm, deen déi aktuell Konditioune soll erliichteren, ass a bleift en aktuellt Thema.

Während den Alter, mat deem de Mënsch dierf an d‘Pensioun goen, 2019 soll op 67 Joer gehuewe ginn, ass am aktuelle Programm virgesinn, e „Barème 100“ anzeféieren. Dat heescht, datt wann den Alter vum Demandeur, an d‘Cotisatiounsjoer zesummegeholl „100“erginn, kritt een d‘Pensioun. Da kéint „deier“ ginn a wou d‘Sue sollen hierkomme fir dat ze finanzéieren, ass nach net gewosst.

Déi Hären Di Maio a Salvini hunn dann awer och bestätegt, datt de gemeinsame Programm de Militanten zur Ofstëmmung virgeluecht gëtt. Fir den M5 – am Internet –soll et laut de Medie schonn haut esouwäit sinn. D‘Lega Nord, léisst op Stänn uechtert Land ofstëmmen.

mam Olivier Baube/AFP

Ähnlech Sujeten Cinque Stelle, Italien, Lega Nord, Luigi Di Maio, Matteo Salvini, Regierungsprogramm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    2

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    2

  • Crazy

    4

  • Love

    1